Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn

Gëschter hunn d‘Salariéeën hir Personaldelegéiert an d‘Vertrieder fir Salariatskummer gewielt,

Si mir prett fir eng Lackerung vun de Mesuren? (Analys)
International Neiegkeeten

Si mir prett fir eng Lackerung vun de Mesuren? (Analys)

Datt d‘Gesondheetsministesch ee Sonndeg an der Sendung „riicht eraus“ um

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“
International Neiegkeeten

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“

Am ganze Land bléien d‘Wahlplakater op, an e Freideg huet

Nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg an der Glacis-Kapell a virum Hinzerter Kräiz

Nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlungslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der

Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 75 Joer – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d’Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert an zu Köln ëmbruecht goufen.

1997 hat d’Lëtzebuerger Resistenz fir d’éischte Kéier hir „Journée nationale de la Résistance“ gefeiert an den Wonsch ausgedréckt dass dës Zeremonie sech elo all Joer widderhuele sollt – op deem Dag, oder no bei dem Dag, op deem soss déi sougenannt „Hinzerter Mass“ gefeiert gouf.

Den detailléierte Programm vu muer Sonndeg:

11 Auer: Mass an der Glacis-Kapell. Et séngt d’„Chorale des Exilés“ ënnert der Direktioun vun der Madame Albena Vratchanska an dem Clairon d’honneur Edmond Faber, op der Uergel begleet vum Romain Ludwig.

11.50 Auer: Formatioun vum Cortège um Eck Rue de la Faïencerie an Allée de la Résistance et de la Déportation, mat, un der Spëtzt, engem Detachement vun der Arméi, der Militärmusek an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kierfecht ass net wäit, sou datt d’Resistenzler an hir Sympathisanten sech, wann nëmme méiglech, dem kuerze Cortège uschléisse sollen.

12 Auer: Zeremonie virum Hinzerter Kräiz um Nikloskierfecht, Allée de la Résistance et de la Déportation:

Dës Feier besteet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, d’Virliese vun engem Choix vun Texter duerch Schüler aus dem Maacher Lycée, der Seenung vun de Griewer duerch d’Vertrieder vun den dräi Haaptreliounen zu Lëtzebuerg, dem Néierleeë vu Blummen duerch d’Autoritéiten an d’Resistenzler, dem Ofspille vun der „Sonnerie aux morts“, der Usprooch vun engem Member vum Organisatiounscomiten an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.

Uschléissend ass den traditionelle Rondgang laanscht d’Griewer vun de Victimmen.

Ähnlech Sujeten Glacis-Kapell, Hinzert, Hinzerter Kräiz, Konzentrationslager, Nationalen Dag vun der Resistenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel