Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess
Stories

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess

Genee ee Joer no hirer leschte grousser Manifestatioun, huet d‘CGFP

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs
Stories

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs

Op der Generalversammlung vum Lampertsbierger Syndikat, deen och Member vun

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!
Stories

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!

D’Police zu Indiana huet sech elo eppes ganz Besonnesches afale

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg, 25. Februar 2017 an der Glacis-Kapell a virum Hinzerter Kräiz: Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 74 Joer – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d’Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen.

1997 hat d’Lëtzebuerger Resistenz fir d’éischte Kéier hir „Journée nationale de la Résistance“ organiséiert. No enger Décisioun vum „Conseil national de la Résistance“ soll dës Zeremonie sech elo all Joer widderhuelen – op deem Dag, op deem soss déi sougenannt „Hinzerter Mass“ gefeiert gouf. Organiséiert gëtt den Dag dëst Joer vun de Membren déi an dem Comité de la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale d’Resistenz vertrieden.

Den detailléierte Programm vu muer Sonndeg:

  • 11 Auer: Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Här Erzbeschof Jean-Claude Hollerich. Et séngt d’„Chorale des Exilés“ ënnert der Direktioun vun der Madame Albena Petrovic, op der Uergel begleet vum Josy Thill. De Clairon d’honneur Edmond Faber bedeelegt sech um musikaleschen Encadrement.
  • 11.50 Auer: Den traditionnellen Cortège as dëst Joer net méiglech, wéinst dem Chantier virum Niklooskirfecht. Den Rendez-vous as duerfir direkt virum Monument national de la Résistance, dem Hinzerter Kreiz.
  • 12 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz um Niklooskierfecht, Allée des Résistants et des Déportés:

Dës Feier besteet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, d’Virliese vun engem Choix vun Texter duerch Schüler aus dem Kolléisch, de Gebieder an der Seenong vun de Griewer duerch d’Vertrieder vun der kathoulescher Kiirch, der protestantescher Communautéit an der jüdischer Communautéit, dem Néierleeë vu Blummen duerch d’Autoritéiten (de Präsident vun der Chamber, de Präsident vum Staatsrot, d’Ministeren Cahen a Kersch fir d’Regierung an e Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg) an d’Resistenzler, dem Ofspille vun der „Sonnerie aux morts“, der Usprooch vum Här Albert Hansen, Präsident vum Organisatiounskomitee, an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.

Uschléissend ass den traditionelle Rondgang laanscht d’Griewer vun de Victimmen.

Matgedeelt vum Service Information et Presse

Foto : (Archiv Indymedia) © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Hinzerter Kräiz, Nationalen Dag vun der Resistenz, Niklooskierfecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel