Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien: De Marsch vun de Fraen
Kultur Neiegkeeten why are dating sites so popular

factions mp matchmaking

Um Protest fir d‘Fraerechter a géint d‘Bildungspolitik vun der Regierung

get off online dating
Kultur Neiegkeeten why are dating sites so popular

Ëffentlechen Transport: Gëtt elo alles besser?

Um Méindeg huet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch op

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen
Kultur Neiegkeeten why are dating sites so popular

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen

Déi amerikanesch Soul-Legend Aretha Franklin, Sängerin an onermiddlech Militantin fir

Nationalfeierdag 2019: Beréierend Éierungen an der Philharmonie!

Nationalfeierdag 2019: Beréierend Éierungen an der Philharmonie!

Am Kader vun de Festivitéiten zum dësjäregen Nationalfeierdag hunn S.A.R. de Groussherzog Henri, eise Premierminister Xavier Bettel an de Chamberpresident Fernand Etgen Éieremedailen un Persounen iwwerreecht, déi an hirem Liewe Besonnesches geleescht hunn an duerch hiren Déngscht fir d’Land positiv opgefall sinn.

Bei der Zeremonie an der Philharmonie hunn divers Perséinlechkeeten aus de verschiddenste Beräicher dës besonnesch Auszeechnungen iwwerreecht kritt. Abezu goufe Persounen aus der Ekonomie, dem Sport, de Medien an dem Film, der Kultur an dem Militär.

Folgend Persoune konnten een Uerden entgéint huelen:

  • Här Bob Kneip, Grënner a CEO vu Kneip Communication
    Officier Ordre de Mérite

    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

     

  • Här Jean-Claude Reding, Syndikalist a fréiere President vun der Chambre des Salariés
    Commandeur Couronne de Chêne

    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

     

  • Här Michel Wurth, fréiere President vun der Chambre de Commerce a President vun Arcelor Mittal Lëtzebuerg
    Grand Officier Couronne de Chêne

    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

     

  • Här Paul Diederich, Grënner a fréiere President, aktuelle Vize-President vun der Fondation Alzheimer
    Commandeur Couronne de Chêne

    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

     

  • Här Tom Habscheid, couragéierte Spëtzeportler, Weltrekordhaler vum Kugelstousse
    Chevalier Ordre de Mérite

    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

     

  • Här Frank Elstner, Journalist, Animateur an TV-Produzent
    Commandeur Ordre de Mérite

    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

     

  • Madamm Désirée Nosbusch (iwwregens déi eenzeg Fra), Schauspillerin
    Officier Ordre de Mérite

    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

     

  • Här Fernand Fox, Schauspiller am Theater an am Kino
    Commandeur de l’Ordre de Mérite

    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

Een emotionalen Ament fir d’Affer vum 14. Februar

Bei enger Explosioun am Munitiounslager um Waldhaff sinn zwee Zaldote gestuerwen, an divers Blesséierter gezielt ginn. Bei dësem Moment, wou am Publikum wuel jiddwereen mat Héngerhaut do souz, kruten d’Madamm Nathalie Derneden an d’Elteren vum Mike van der Berg déi héchst militäresch Auszeechnung vu Lëtzebuerg posthum iwwerreecht. Déi eng oder aner Tréin ass gefloss an d’Famille vun den Affer kruten stoenden Applaus vun de Gäscht.

  • Den Adjutant-Major Luc Derneden ass mam Croix d’Honneur et de Mérite militaire en vermeil avec palmes géiert ginn. Mat nëmmen 48 Joer huet hie beim schlëmme Virfall säi Liewe verluer.
  • Den Adjutant-Chef Mike van de Berg krut och posthum de Croix d’Honneur et de Mérite militaire en vermeil avec palmes iwwerreecht. Hien ass mat 40 Joer ëm d’Liewe komm.
    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

An dësem Kader huet ee speziell un dësen däischteren Dag fir déi Lëtzebuerger Arméi a virun allem un de Service Déminage an hiren Asaz geduecht. Geéiert goufen nach weider Persounen. Den Här Remy Eiffes konnt, duerch säi couragéierten Asaz zwee Kollegen d’Liewe retten a beweist esou, wéi wichteg d’Coursen an der éischter Hëllef sinn.

  • Den Adjutant-Chef Joe Cottong ass mam Croix d’honneur et de Mérite militaire en vermeil geéiert ginn.
  • Den Adjutant-Major Remy Eiffes konnt de Chevalier Couronne de Chêne entgéint huelen.
    Philharmonie

    © SIP / Emmanuel Claude

Och si krute fir hir Leeschtungen stoenden Applaus a verdéngen de Respekt vun eiser all.

Opmaacherfoto: Stoenden Applaus fir d’Famille vun den Affer bei der Explosioun um Waldhaff © SIP / Emmanuel Claude

Ähnlech Sujeten Auszeechnung, Explosioun, Nationalfeierdag, Philharmonie, S.A.R. de Groussherzog Henri, Waldhaff, Zeremonie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel