Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst
https://moien.lu/most-successful-hookup-site/ Neiegkeeten radiometric dating reliability

meaning of phrase dating back

Ganzer 25 Joer engagéiert sech schonn eis Arméi bei militäreschen

marina franklin dating history
https://moien.lu/most-successful-hookup-site/ Neiegkeeten radiometric dating reliability

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Eng Kéier d’Stonn soll den Zuch tëscht Lëtzebuerg a Wittlich

D’Staater Émaischen – Wann d’Péckvillercher nees zwitscheren dierfen!
https://moien.lu/most-successful-hookup-site/ Neiegkeeten radiometric dating reliability

D’Staater Émaischen – Wann d’Péckvillercher nees zwitscheren dierfen!

Wéi all Joer annoncéiert d’Ouschterfest nees den traditionelle Mart vun

Nationalfeierdag 2019: Déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie

Nationalfeierdag 2019: Déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie

Den Optakt vun de Feierlechkeete vun Nationalfeierdag huet gëschter déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie gemaach. An dësem Kader hu S.A.R. de Groussherzog, de Premierminister Xavier Bettel an de Chamberpresident Fernand Etgen Uerden u speziell Perséinlechkeeten iwwerreecht. Fir eng éischte Kéier konnt een dann och dem Ernie Hammes seng Kompositioun Regiis Ostium héieren.

A Presenz vu Membere vun der groussherzoglecher Famill, Deputéierten, Membere vun der Regierung, dem Staatsrot, dem Ordre Judiciaire, Representante vum Gemengen- a Schäfferot vun der Stater Gemeng an dem Corps Diplomatique huet ee pünktlech um 10:00 Auer Moies ugefaangen.

Mam Erklénge vum traditionelle Wilhelmus vum Jean-Antoine Zinnen duerft een LL.AA.RR. de Groussherzog an d’Groussherzogin, LL.AA.RR. den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin, d’Prinzessin Alexandra an de Prënz Sébastien, de Prënz Felix an de Prënz Louis empfänken. Gespaant huet een uschléissend dem Ernie Hammes säin extra fir dëst Evenement komponéierte Regiis Ostium (Royal Ouverture) for symphonic orchestra and choir erwaart. Enttäuscht gouf een op kee Fall, well schonn direkt am Ufank vun der Zeremonie ass ee vun der Musek gepaakt ginn. Eng Héngerhaut sollt een awer un dësem Moien nach e puer Mol kréien.

Offiziell Zeremonie

© SIP / Emmanuel Claude

D’Fro vu Generatiounegerechtegkeet

Um Programm stoungen natierlech och eng Rei Rieden. Als éischt huet sech de Premierminister Xavier Bettel un d’Gäscht adresséiert an den Ufank a Gedanken un de verstuerwene Grand-Duc Jean geriicht. Oft waren dës béid Perséinlechkeeten zesummen an hu sech iwwert déi international an national Politik ënnerhalen. Opgefall ass dem Minister hei virun allem de sozialen, sensibelen an engagéierte Charakter vum Groussherzog.

Mat genau esou vill Toleranz, Matgefill an och dem Inklusiouns-Gedanke muss Lëtzebuerg an Zukunft viru fueren. Et besteet keen Zweiwel um Klimawandel an esou muss een déi wéineg Zäit, déi nach bleift, effektiv a schnell notzen, fir Ännerungen ze erzilen. Fir de Xavier Bettel geet et hei ëm Liewensqualitéit an „d’Fro vun der Generatiounsgerechtegkeet“.

Uschléissend huet och de Chamberpresident Fernand Etgen e puer Wuert gesot. Hien huet sech virun allem op d’Vergaangenheet vu Lëtzebuerg bezunn, an där een ëm Fridden, Fräiheet a Sécherheet gekämpft huet. Schliisslech gëtt Nationalfeierdag jo och organiséiert, fir d’Onofhängegkeet vun der Monarchie vum Land ze zelebréieren.

Eis Virgänger hunn dofir gesuergt, datt de Lëtzebuerger haut seng onverwiesselbar Identitéit liewe kann. Trotzdeem muss een och an Zukunft weiderhi fir d’Stabilitéit vun der Demokratie kämpfen an all Form vun Diktatur bekämpfen. Mat engem Merci fir den Asaz vun der groussherzoglecher Famill an engem dräifache Vive ass et mam Mozart sengem Adagio du concerto pour Clarinette et orchestre weider gaangen, woubäi de Solist Max Mausen säi musikalescht Talent op der Klarinett bewisen huet.

Auszeechnunge fir déi Bescht

S.A.R. de Groussherzog hat d’Éier diverse Perséinlechkeeten, déi duerch hir besonnesch Leeschtungen opgefall sinn, auszezeechnen. Zesumme mam Xavier Bettel an dem Fernand Etgen sinn d’Kandidaten aus der Ekonomie, der Kultur, dem Sport, de Medien an dem Militär noeneen opgeruff ginn.

Als besonnesch emotional sollt sech hei d’Éierung vun den Affer vun der Explosioun um Waldhaff erausstellen. Bei enger Explosioun am Munitiounslager um Waldhaff sinn zwee Zaldote gestuerwen, an divers Blesséierter gezielt ginn. Bei dësem Moment, wou am Publikum wuel jiddweree mat Héngerhaut do souz, kruten d’Madamm Nathalie Derneden an d’Eltere vum Mike van der Berg déi héchst militäresch Auszeechnung vu Lëtzebuerg posthum iwwerreecht. Déi eng oder aner Tréin ass gefloss an d’Famille vun den Affer krute stoenden Applaus vun de Gäscht.

Offiziell Zeremonie

© Cour grand-ducale / Sophie Margue

Mat vill Perséinlechkeet un dësem Dag

„Et ass vläicht net an eise Gewunnechten an et läit normalerweis och net a menger Natur, meng perséinlech Reflexiounen oder Gefiller ëffentlech unzeschwätzen. Virun e puer Wochen hunn ech awer drop gehalen, mat Iech eis déif Emotioun ze deelen, wéi mir deen hu misse goe loossen, dee fir eis all de pater familias war“, esou huet S.A.R. de Groussherzog seng Ried ugefaangen. Un dësem Dag wollt hie besonnesch seng Dankbarkeet ausdrécken.

All déi Persounen, déi beim Begriefnis gehollef an deelgeholl hunn, een tréischtend Wuert hannerlooss hunn an dem Groussherzog Jean eng lescht Éier erwisen hunn, hunn dozou bäigedroen, dës donkel Zäit besser ze verkraaften a Lëtzebuerg vun der beschter Säit ze weisen.

Bei der Zeremonie huet de Groussherzog Henri awer och de Forum Stand, Speak, Rise Up vun der Grande-Duchesse ervir gehuewen, dee sech fir de Respekt vu Fräiheet a Rechter vis-à-vis vu Fraen op der ganzer Welt asetzt.

Och op dat beonrouegend Phenomen vum Ressentiment am dem Gefill vun der Ongerechtegkeet ass hien agaangen. Persounen a ganz Länner beleidegen sech géigesäiteg a gräifen sech un. „An deem Kontext kéint een d‘Bild gebrauche vu Maueren, déi net ophalen, méi grouss a méi héich ze ginn an doduerch d’Leit quasi dozou zwéngen ze jäizen, fir gehéiert ze ginn“, esou beschreift de Groussherzog dësen Nierbuedem fir Populismus an Extremismus. An dësem Kader wollt hie besonnesch ervirhiewen, datt de Grand-Duché jiddwerengem seng Plaz bidde wëll, an där ee sech fräi entwéckele kann.

Den Ofschloss vun der Zeremonie huet dat musikalescht Wierk „Uechter d’Land“ gemaach. No der europäescher Nationalhymn an dem feierleche Sange vun onserer Heemecht ass déi groussherzoglech Famill mam Ertéine vum Wilhelmus a Richtung bei d’Parad gaangen.

Opmaacherfoto: © SIP / Emmanuel Claude

Ähnlech Sujeten Auszeechnung, Fernand Etgen, Fräiheet, Nationalfeierdag, S.A.R. de Groussherzog Henri, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel