Search

You may also like

Uecht gedoen: eng Gripp ass ënnerwee!
Kultur Neiegkeeten

Uecht gedoen: eng Gripp ass ënnerwee!

Eppes viraus: de Vire-Stamm vun der Gripp evoluéiert vu Joer

EU-(Video)Sommet: Jo zur Rechtsstaatlechkeet?
Kultur Neiegkeeten

EU-(Video)Sommet: Jo zur Rechtsstaatlechkeet?

Well sech Polen an Ungarn missten un EU-Recht an EU-Wäerter

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel
Kultur Neiegkeeten

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Irak, huet

Nationalfeierdag 2020 – Respekt a Solidaritéit stoungen am Fokus

Et war e besonneschen Nationalfeierdag 2020, e bëssen méi reduzéiert wéi soss, an awer zimlech feierlech. Ënnert bloem Himmel konnt déi offiziell Zeremonie um Kanounenhiwwel beim Nationale Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit zelebréiert ginn. Heibäi gouf ëmmer erëm d’Verbindung tëscht dem Zweete Weltkrich an der sanitärer Kris gemaach.

Scho kuerz no der Arrivée vu S.A.R. dem Groussherzog huet de Premierminister ënnerstrach, datt dëst ee Moment wier, wéi e Lëtzebuerg nach net erlieft huet. Equipéiert mat enger Schutzmask sinn de Groussherzog, de Chamberpresident Fernand Etgen, d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Premier Xavier Bettel de Wee bei d’Sëtzplazen an déi aner Invitéeën erop geschratt.

Deelgeholl hunn dës weideren Membere vun der Regierung, Deputéierter, Representante vum Stater Gemengerot, vum Staatsrot, vun der Magistratur an dem Corps Diplomatique, sou wéi de Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi an de Generaldirekter vun der Police

„Ech hunn immense Respekt virun eise Bierger an allen, déi all Dag bei eis schaffe kommen. Ech sinn dankbar an houfreg doriwwer, wat mir zesummen erreecht hunn“, huet de Xavier Bettel bei senger Ried ënnerstrach. Dobäi huet hien déi national Solidaritéit besonnesch ervirgehuewen.

Heelung braucht Zäit

Mam Kanounenhiwwel huet een fir de Feierdag eng besonnesch symbolesch Plaz gewielt: Mam Zweete Weltkrich huet Lëtzebuerg nämlech fir d’lescht eng grouss Erausfuerderung misse meeschteren, mee d’Bevëlkerung huet a béide Fäll gehollef, de Kamp ze iwwerstoen. Et huet ee Schied a Wonnen dovunner gedroen, déi hir Zäit brauchen fir ze heelen.

Och de Groussherzog Henri weist sech zouverlässeg, datt eist Land d’Kris gestäerkt iwwerstoe wäert. „Mir si staark genuch fir déi ekonomesch a sozial Konsequenzen vun der Pandemie ze bewältegen.“ Dës weideren huet hien ënnerstrach, datt keen am Reen stoe gelooss gëtt an och net d’Gefill sollt kréien, am Stach gelooss ze ginn. Dobäi wollt hien als éischt de Spideeler, den Dokteren an dem Fleegepersonal e Merci ausdrécken. „Dir hutt ënnert komplizéierten a stressegen Aarbechtskonditiounen geschafft an hutt Risiken op Iech geholl. Dir hutt professionell geschafft an Är Higab ass beispillhaft.“

All Acteur ass wichteg fir d’Pandemie ze bekämpfen

An dësem Kader huet de Groussherzog Henri och d’Politik gelueft, déi t fäerdeg bruecht huet, ouni Sträitsituatioun duerch d’Pandemie ze kommen. D’Solidaritéit tëscht de Lëtzebuerger an allen, déi bei eis schaffe kommen, ass dat Wichtegst an dëser Kris. De Wäert vun all eenzelem ervirzehiewen ass, an den Aen vum Groussherzog, déi bescht Méiglechkeet fir all déi ze éieren, déi mam Kampf konfrontéiert waren, an esou zu engem fräien an onofhängege Lëtzebuerg bäigedroen hunn. „Nee, mir wäerte si ni vergiessen.“

D’Billergalerie vun der offizieller Zeremonie fannt Dir uewen.

Related topics Covid-19, Kanounenhiwwel, Lydie Polfer, Nationalfeierdag, Pandemie, Premierminister, S.A.R. de Groussherzog Henri, Sanitär Kris, Xavier Bettel, Zweete Weltkrich
Next post Previous post