Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat sech 2019 alles ännert…
https://moien.lu/things-to-know-when-dating-a-jamaican-man/

Wat sech 2019 alles ännert…

Dem Land geet et gutt. Keng giel Gileten a Siicht,

cerbung dating with the dark part 4
https://moien.lu/things-to-know-when-dating-a-jamaican-man/

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens

Bei der Gemengerotssëtzung zu Esch-Uelzecht war den Haaptthema d‘Schoulorganisatioun, d‘Modifikatioun

Galerie: Kanner zu Rëmeleng an Entdeckerlaun
https://moien.lu/things-to-know-when-dating-a-jamaican-man/

Galerie: Kanner zu Rëmeleng an Entdeckerlaun

De „Kids Day 2017“ am nationale Minièresmusée (MnM) zu Rëmeleng

Nationalfeierdag a Klimawandel

De Xavier Bettel bezitt Stellung a wëll Verantwortung iwwerhuelen

Nationalfeierdag a Klimawandel

Nodeems de Xavier Bettel (DP) e Freideg enttäuscht vum EU-Sommet zréckkomm ass, dat well se sech zu 28 alt nees net konnten op konkret Moossnamen zum Klimaschutz eenege konnten, huet de Premierminister a senger Ried zu Nationalfeierdag de Sujet nach emol opgegraff.

D‘Enttäuschung vum Premier huet sech ugesiichts der Importenz vum Sujet – schliisslech gëtt et kee Planéit B – dann och a senger Ried um Virowend zum Nationalfeierdag néiergeschloen. Hie stellt fest, datt mir eis méi staark um internationale Plang engagéieren an den Alarm ausléise mussen, well mir d‘Klimakris nëmmen zesumme geléist kréien. Dofir fuerdert hie méi ambitiéis Ziler.

„Mat eisen europäesche Partner, musse mir den Drock op déi erhéijen, déi sech renitent erweisen“, esou de Premier mat eng däitlecher Uspillung op déi véier osteuropäesch Partner, deenen hire Wirtschaftsmodell traditionell op fossillen Energie (Gas a Kuel) berout. Wann een awer kann, sollt een domatter ufänken, a laut dem Xavier Bettel huet Lëtzebuerg eng gutt Grondlag fir et unzegoen.

Et ass jo richteg datt een am Virdeel ass, wann et engem wirtschaftlech gutt geet. Lëtzebuerg gehéiert dank der konjunktureller Lag an engem stabille Sozialsystem, zu deene Länner déi mam gudde Beispill kënnen an och sollte virgoen. Mir kënnen also vertrauensvoll eise Wee weider goen, och wann sech dat net op ee partikulare Beräich bezitt. Mir mussen eis eben all a Fro stellen.

Der Jugend de Réck stäipen

De Premierminister huet a senger Ried och e grousse Luef fir d‘Jugend zum Ausdrock bruecht. Si hätten den Eescht vun der Stonn erkannt a wieren net vu Muttwëll op d‘Strooss gaangen, fir de Leit virun Aen ze féieren, wat d‘Stonn geschloen huet. Et wier – op mir dat unhuelen oder och net – déi gréissten Erausfuerderung där sech d‘Weltgemeinschaft ze stellen hätt. An dat méiglechst elo!

Hie verséchert, datt d‘Regierung de Klimawandel ganz eescht hëlt an och Moossnamen ergräift a weider ergräife wäert, fir den Ausstouss un CO² konsequent ze reduzéieren. Eise „Wuelstand“ muss sech also dem Klima upassen an net ëmgekéiert. „Ugesiichts der Verantwortung déi mir géintiwwer de kommende Generatiounen hunn, gëtt et net vill Spillraum an Zäit dierf keng méi verluer ginn.

Wann de Xavier Bettel och Versteesdemech huet, datt ee kann ënnerschiddlech Standpunkte vertrieden, esou sollt engem bewosst sinn, datt et keng Zweiwel gëtt: weder datt de Klimawandel ganz real ass, nach datt et presséiert. Hie bleift zouversiichtlech, datt et eis ka geléngen dëser Erausfuerderung meeschter ze ginn. Dat awer verlaangt eppes Asiicht an Zesummenhalt…

E kritesch-konstruktiven Ëmgang mam Premierminister senger Ried, dee mir iech onméiglech virenthale kënnen

Klimawandel

Du sees an denger Ried:

„Mir weisen eis Verbonnenheet mat deenen, déi virun eis do waren a sech agesat hunn fir déi Wäerter, déi eis wichteg sinn. Mir sinn dankbar fir hiren Engagement an hire Courage an enger Zäit, wou näischt selbstverständlech an alles a Gefor war.

Mir hunn awer och déi beschten Ausgangsbasis, fir och déi Defie kënnen unzegoen an ze meeschteren. Lëtzebuerg ass wirtschaftlech gutt opgestallt, déi ëffentlech Finanzen si gesond, eise Sozialsystem ass staark a mir gehéieren zu deene Länner, déi d’Nues fir hunn, grad an deene Beräicher, déi ëmmer méi wichteg ginn. Mir kënnen deemno mat grousser Zouversiicht no vir kucken an dee Wee weidergoen, dee mer ageschloen hunn.

Dat gëllt net fir ee bestëmmte Beräich. Wann et em d’Zukunft vun eisem Planéit geet, musse mer eis Astellung a Fro stellen. Déi jonk Leit, déi an de leschte Méint op d’Strooss gaange sinn, hu Recht, wa se drop opmierksam maachen, dass de Klimachangement déi wierklech grouss Aufgab vun eiser Zäit ass. Et ass net just eng Alarmanlag, wou mer op de Knäppchen drécken, fir se auszemaachen an da kënne mer nees berouegt schlofe goen.“

Dee leschten Deel dovu gesäis Du menger Meenung no ganz richteg well wann’s du Du zu deenen gehéiers déi den leschten IPCC Rapport gelies hunn an och soss um Courant bass wéi et grad op eiser Welt ausgesäit, da weess De bestëmmt dass och mer an virun allem déi Jonk déi’s De jo och speziell ugeschwat hues an enger Zäit liewe wou näischt selbstverständlech sollt sinn an alles a Gefor ass. An nieft dem Klimachangement ass och d’Massenstierwen ze ernimmen, eng Millioun Aarte sinn am Moment vum Ausstierwe bedreet an all Joer stierwen iwwer 50’000 Aarten aus, an och mer Mënsche sinn wahrscheinlech an Gefor wann et esou weider geet wéi bis elo.

Verwonnert, an dat ass och een vun den Haaptgrënn vir dësen Bréif, sinn ech iwwert déi heiten Aussoe vun Där:

„Deen Alarm leeft aus enger Ursaach a mir mussen agéieren. D’Regierung hëlt dat ganz eescht a Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner, déi grouss Efforte maachen an ambitiéis virginn, wann et dorëms geet, déi schiedlech Emissiounen ze reduzéieren.“

Well do hunn mer mengen ech ganz verschidden Usiichte vun ambitiéis virgoen an grouss Efforte maachen. An wann ech éierlech sinn fillen ech mech vun esou Aussoen och liicht veraarscht an ech ka mer gutt virstellen dass et enger Rei vun anere Mënschen an virun allem vun deene jonken déi’s de ugeschwat hues och esou geet.

Lëtzebuerg ass nämlech grad an deene Beräicher vir, déi dofir Suergen dass eisen Liewensraum lues awer sécher zerstéiert gëtt, och hei hunn ech e puer Zuelen:

Gréisste Co2 pro Kapp Verbrauch an der EU an och weltwäit virbäi, an vun 2017 op 2018 war Lëtzebuerg een vun deene wéinege Länner an Europa wou den Co2 Ausstouss an d’Luucht gaangen ass (Quell Eurostat).

Lëtzebuerg huet nieft dem Qatar den gréissten ökologesche Foussofdrock op der Welt, duebel esouvill wéi déi meeschten aner Länner an Europa, an bis zu méi wéi 100mol esouvill wéi eng Rei aner Länner. Wa jiddereen esou géif liewe wéi den Duerchschnëttsbierger da bréichte mer 8 Planéiten. (Quell ënner anerem: http://www.myfootprint.lu/)

Lëtzebuerg huet den klengsten Undeel un erneierbaren Energien an Europa. Et muss zwar virun allem emol vill, vill manner Energie verbraucht ginn, mee déi wou nach verbraucht gëtt sollt net haaptsächlech aus massiv klimaschiedleche Quelle kommen.

Mer sinn net fir näischt déi 2t läscht am Happy Planet Index, deen eng menger Meenung no ganz interessant Vue op „Wuelstand“ huet, well wat notzt eis deen iwwerdriwwene materielle Wuelstand wann eise Planéit an eeschter Gefor ass. (http://happyplanetindex.org/)

Ech kennt nach vill méi esou Zuele bréngen an ech weess, mat e bësse schlechtem Wëlle kann een déi eng oder aner vun deenen Zuelen e bësse schéi rieden, mee ech hoffe jo dass dat net eng vun dengen Äntwerten op dëse Bréif wäert sinn (falls et iwwerhaapt eng gëtt), well soss wär deng ganz Ried wierklech hypokritesch.

Ech mengen et sollt een sech gutt iwwerleeë wat dat Wuert „Wuelstand“ fir den Bierger awer och virun allem fir d’Politiker wierklech bedeit an deem Kontext. Ech bezweifelen dass een an deem Kontext vun „wirtschaftlech gutt opgestallt“ schwätze kann, well ech fäerten eis wirtschaftlech Opstellung ass een vun den Haaptresponsabele vum Klimawandel.

An wann deng Aussoen déi’s De jo net an egal wéi enger Ried un d’Vollek geriicht hues net just schéint Geschwätz solle bleiwen, well dat sinn se menger Meenung no am Moment, da muss ganz schnell ganz vill méi vun denger Regierung kommen (ech hoffen emol virun allem déi Gréng dierften net ze vill dogéint hunn an och dass d’LSAP sech net grouss wiere géif). Oder huet d’Politik eigentlech guer näischt ze soen an keen Handlungsspillraum an alles wat kënnt ass déi Ausso dass mer eis Astellung mussen a Fro stellen an soss awer weiderfuere wéi bis elo?

Ech an och vill aner Mënschen hunn och eng Rei Propose wat een alles kënnt maachen, hei sinn der emol e puer:

  • een offizielle Klimanoutstand ausruffen, déi ganz Politik an Investitioune vun der Regierung op hir Auswierkungen op den Klimawandel iwwerpréiwen an ganz vill änneren. An dat ganzt awer sozial gerecht maachen. An net just een Pseudo-Klimanoutstand an enger Motioun, nee een deen eescht gemengt ass an och deementspriechend kommunizéiert gëtt;
  • keng staatlech Investitiounen an fossil Energien esou wéi dat z.B. och Irland gemaach huet;
  • Ophale mam Tanktourismus;
  • eng sozial gerecht Steier op an massiv an schnell Reduktioun vun den Zäregasemissiounen

Falls Du gäre méi Iddien häss wat een alles ka maache kanns du z.B. gären bei esou Organisatioune wéi Votum Klima, den Mouvement Ecologique, CELL – Transition hub in Luxembourg, der neier Gemeinwohlökonomie asbl., Youth For Climate Luxembourg, Rise for climate/Debout pour le climat Luxembourg, Greenpeace Luxembourg an nach villen aneren Organisatiounen nofroen.

Mat frëndleche Gréiss,

Johny Diderich

Foto: © Emmanuel Claude/SIP

Ähnlech Sujeten Klimakris, Klimanoutstand, Klimawandel, Nationalfeierdag, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel