Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Etappevictoire fir den CDU-Kanzlerkandidat Armin Laschet
Kultur Neiegkeeten

Etappevictoire fir den CDU-Kanzlerkandidat Armin Laschet

Obwuel d‘Chrëschtdemokraten an Nordrhein-Westfalen liicht Verloschter ze verquëssen hunn, hunn

Pirate fuerderen d‘Aféierung vun engem Lobbyregëster
Kultur Neiegkeeten

Pirate fuerderen d‘Aféierung vun engem Lobbyregëster

De President vun der Chamber huet um Muere vum 20.

SIGI: Beschëllegungen si Ligen
Kultur Neiegkeeten

SIGI: Beschëllegungen si Ligen

Den interkommunale Syndikat fir d’Gestioun vun der Informatik (SIGI) reagéiert

Nationalfeierdag doheem – D’Gemeng Käerjeng feiert mat lokale Produiten!

Nationalfeierdag doheem – D’Gemeng Käerjeng feiert mat lokale Produiten!

D’Initiative „Nationalfeierdag doheem“, zu där de Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng Ufank Juni opgeruff huet, schéngt super unzekommen. Knapp 70 % vun der Bevëlkerung haten no der Frist vun der Umeldung hire „Lëtz Pack“ bestallt fir de Lëtzebuerger Nationalfeierdag mat lokale Produiten ze zelebréieren.

An dësem „Lëtz Pack“ ze fannen ass eng Fläsch Waasser vu Lodyss an 2 Fläsche vum neie „Bio“ Béier vu Bofferding, sou wéi eng Fläsch Schaumwäin „Cuvée de l’Ecusson“ vu „Gutt Drauf“. Domat awer nach net genuch: Dobäi kënnt een Apéro Rohesser vun der Metzlerei Meyer, 2 Wäffelcher vun der Zockerbäckerei Schwan an eng Tut „Lëtz Chips“ vum Gromperebauer Marc Nicolay. Als Fairtrade Gemeng kënnt an dëse Pak och nach ee Fairtrade Schoko-Kichelchen dran. Fir Mannerjäreger ass den Alkohol iwwregens duerch Jus vum Pretemerhaff an engem weidere Fairtrade Produit ersat ginn.

Nationalfeierdag doheem

E Samschdeg, den 20. Juni ginn d’Päck op 5 Plazen (Käerjenger Treff, Parkplaz beim Centre Polyvalent zu Uewerkäerjeng, um Parking bei der neier Spillschoul, Sportshal Lénger a beim Festsall Féngeg) zesummegestallt. D’Gemeng gëtt dobäi vu 15 lokale Veräiner ënnerstëtzt. Mat der zougeschéckter Bestätegung kann dann all Persoun, déi eng Bestellung opginn huet, dës den 21. Juni siche goen. Wien iwwer 70 Joer huet, dee kritt säi „Lëtz Pack“ natierlech direkt Heem bruecht.

Ënnert de knapp 7.000 Participanten ginn ganzer 526 Akafsbongen am Gesamtwäert vun 29.5000 € verloust. Dës Bonge kënnen an 59 Geschäfter ageléist ginn.

Den offizielle Programm vum Nationalfeierdag gëtt e Méindeg, den 22. Juni ab 18:15 Auer op www.kaerjeng.lu, op Facebook, op der Cityapp Gemeng Käerjeng an op dok.tv iwwerdroen. D’Widderhuelung op dok.tv kënnt um 22:00 an 22:25 Auer, sou wéi den Dag durno um 18:30 Auer an de 25. Juni um 18:45 Auer.

Ma, wien vun „Nationalfeierdag doheem“ profitéiert, dee gëtt häerzlech invitéiert um 23:30 Auer de Späizmännchen vum „Lëtz Pack“ virun der Dier unzefänken. Mat dëser Aktioun soll d’Freedefeier a klenger Form ersat a symboliséiert ginn. Fotoen dovunner kënnen a sollen un events@kaerjeng.lu geschéckt ginn, sou datt uschléissend ee Collage op d’Claus Cito Plaz gestallt gëtt.

Ähnlech Sujeten Bio-Béier, Bofferding, Cuvée de l'Ecusson, Fairtrade, Gemeng Käerjeng, Lëtz Chips, Lëtz Pack, Nationalfeierdag, Zockerbäckerei Schwan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel