Search

You may also like

surprise
Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland
International Neiegkeeten WTF

Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
International Neiegkeeten WTF

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach

Wiem et nach net sollt opgefall sinn, dee kënnt elo

Äre Projet (m)am Naturpark
International Neiegkeeten WTF

Äre Projet (m)am Naturpark

Déi dräi Naturparken: Uewersauer, Our a Mëllerdall ruffen an Zesummenaarbecht

surprise

Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit

Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit

Déi korsesch Nationaliste Gilles Simeoni an Jean-Guy Talamoni hunn um Sonndeg eng Wahlvictoire erziilt, déi hinnen d‘Schlëssele vun der zukünfteger territorialer Kollektivitéit iwwerléisst. Si hunn dann och net laang gewaart fir d‘Regierung opzeruffen, elo d‘Verhandlungen zu méi Autonomie unzehuelen.

„Paräis muss sech haut de Virgäng op Korsika bewosst ginn an entspriechend alenken“, esou de Gilles Simeoni vun der Lëscht „Pé a Corsica“, déi eigentlech méi Ambitiounen hunn, wéi nëmmen d‘Autonomie vun Korsika. D‘Nationalisten hunn dann och tatsächlech, wann ee sech de blanken Zuelen unhëlt, eng historesch Victoire erziilt, mat 56,5% vun de Suffragen. Allerdéngs hunn sech 47,5% vun den Wahlberechtegten entscheet guer net matzemaachen.

E Message dee beim Premierminister Edouard Philippe ukomm ass. Deen huet de Gilles Simeoni e puer Stonne méi spéit ugeruff fir him offiziell déi „republikanesch Gléckwënsch“ ze iwwerreechen an him eng Aluedung op Paräis unzebidden. Eng Aluedung déi gülteg ass, esoubal déi nei „Kollektivitéit ageriicht“ ass, esou d‘Deklaratioun géintiwwer der AFP.

Och den Inneminister Gérard Collomb huet drop gehalen „den neie Gewielten ze versécheren, datt d‘Regierung disponibel ass, am Sënn vum nolauschteren, dem Dialog an dem géigesäitege Respekt“, fir d‘Kreatioun vun der neier Kollektivitéit ze begleeden, an de villen Erwaardungen, déi duerch d‘Wahl ausgedréckt gi sinn, och entspriechend Äntwerten ze liwweren.

Alles mat der Rou

Mee den Austausch tëscht dem Regierungschef an dem staarke Mann vu Korsika ass eppes méi wäit gaange, wéi et de Gilles Simeoni virun de Journaliste preziséiert huet: „Ech hunn him gesot, datt iwwert déi protokollaresch Héiflechkeet eraus, mir ee richtegen Dialog mat der Regierung fuerderen. Ni waren d‘Konditiounen esou gënschteg fir déi tatsächlech Korsika-Fro mat Beduecht a Nohaltegkeet enger politesch Äntwert zouzeféieren“.

De Jean-Guy Talamoni, Onofhängegkeetspresident vun der Assemblée op Korsika, hat Ufank 2016 fir eng kleng Sensatioun gesuergt, wéi hie Frankräich als „Pays Ami“ bezeechent hat. Hien huet och direkt no de Walen der Regierung e Message zoukomme gelooss.

Heiranner gëtt Paräis opgefuerdert séier d‘Verhandlungen unzegoen. Den Talamoni huet och mat Manifestatioune gedréit a versprach den Tour vun den europäeschen Haaptstied ze maachen, sollt een sech zu Paräis der Demokratie verweigeren. Erwaart gëtt vun de Nationalisten, wa scho keng Onofhängegkeet, esou eng verstäerkten Autonomie, d‘Amnestie vun de „politesche Prisonéier“, d‘Sprooch offiziell unzëerkennen an d‘Unerkennung vum Statut als Resident.

Méi Autonomie statt Onofhängegkeet

„D‘Onofhängegkeet ass verankert an der kollektiver Virstellung, mee aktuell ass et de Wonsch vun den Insulaner méi Autonomie ze erhalen“, hat tëscht den zwee Tier den Thierry Dominici, Spezialist vum korseschen Dossier op der Universitéit vu Bordeaux, der AFP erkläert.

Elo huet den héijen Taux vun Abstentioun d‘Leit vun der Insel net dervunner ofgehale d‘Victoire vun de Nationalisten ze feieren. An alle grousse Stied op der Insel, an nach iert déi Resultater offizialiséiert waren, hunn d‘Sympathisante vu Pé A Corsica gefeiert. De Gilles Simeoni an de Jean-Guy Talamoni si wéi Helden op de Schëlleren duerch Bastia gedroe ginn.

Mam Succès bei de Walen, kritt d‘Lëscht vu Pé A Corsica eng grouss Majoritéit vun den 63 Sëtzer déi d‘territorial Assemblée zielt. Si ersetzt déi zwee Departements-Réit an déi aktuell territorial Kollektivitéit. D‘Nationaliste besetzen dann och déi 11 Sëtz vum Exekutiv-Rot vu Korsika, der „klenger Regierung“.

Wéineg Zousproch fir déi „aner“

Déi dräi weider Lëschten déi et an den zweeten Tour bruecht haten, si wäit ofgeschloen hannert de Nationaliste vu Pé A Corsica aus de Wahlen ervirgaangen. Déi regional riets Partei vum Jean Mondoloni huet 18,29% vun de Stëmmen erhalen, dem President seng „La République en Marche“, ugefouert vum Jean-Charles Orsucci kënnt op 12,67% an d‘Republikaner, ënnert der Leedung vum Valérie Bozzi, erreechen e Stëmmenundeel vun 12,57%.

Weder d‘Sozialisten (PS) nach déi radikal lénk (PRG) – déi laang den Departement vun der „Haute-Corse“ beherrscht hunn – hate fir dës Walen eng Lëscht virgeluecht. E Grond heivir ass, sécherlech och de Fait, datt sech den Deputéierte Paul Giaccobi aus dem politesche Liewen zréckgezunn huet. Hien hat dann awer eppes ze vill Suerge mat der Justiz kritt.

D‘Nationaliste sinn dofir awer am Opwand a gewannen eng Wal no der aner, zanter datt de Gilles Simeoni 2014 Buergermeeschter vu Bastia ginn ass. Dat war och d‘Joer wou den FLNC (National Befreiungsfront vu Korsika) d‘Waffen néiergeluecht huet, a de Joerzéngten u Gewalt en Enn bereet huet. No hirer Victoire bei den territoriale Walen am Dezember 2015, hat de Mouvement och dräi vun de véier Mandater als Deputéierte bei de legislative vu Juni 2017 erhalen.l

mam Maureen Cofflard an dem Julie Pacorel/AFP

Foto: D‘Kandidate vu Pé a Corsica, den Jean-Guy Talamoni (4.l) an de Gilles Simeoni (5.l) feiere mat hire Komeroden d‘Victoire vun den territoriale Walen. Mat 56,5% hunn se d‘Majoritéit a fuerderen elo scho vu Paräis den Dialog deen hinnen zu méi Autonomie verhëllefe soll. © Pascal Pochard-Casabianca/AFP

Related topics Frankräich, Gilles Simeoni, Jean-Guy Talamoni, Korsika, Pé a Corsica
Next post Previous post