Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer
Love Meenung

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer

Um Mëttwoch stoungen sech an der Sportshal vu Stroossen, d‘Männer

angry
Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?
Love Meenung

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer

lovesurprise
De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg
Love Meenung

De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg

D’Sonn schéngt um Escher Gaalgebierg. Meteorologesch gesi steet dem leschte Championnatsmatch vun

love

Nationbranding kann och kreativ sinn

E Kommentar

Nationbranding kann och kreativ sinn

Laang Zäit huet ee beispillsweis an Däitschland gemengt, datt ee kreatiivt Schreiwe net léiere kéint. Datt d’Produktioun vu gudder Literatur deene virbehalen ass, déi mat engem Don fir d’Schreiwen op d’Welt komm sinn. Schreiwe léieren, dat war onméiglech, hätt ee menge kënnen. Et ass e Viruerteel, wat sengerzäit virun allem a Westdäitschland existéiert huet. Haut ass dat zum Gléck gréisstendeels verschwonnen. Och well mer eis ëmmer méi e Virbild un den Amerikaner huelen, wou d’Schreiwen deels vu Bestseller-Auteuren enseignéiert gëtt.

Zu Lëtzebuerg gesäit een där Couren och ëmmer méi. Si riichte sech un déi ënnerschiddlechst Altersgruppen, wat een nëmme positiv bewäerte kann. Dobäi wier et awer och immens wichteg, esou eng Offer virun allem fir Jonker prett ze hunn. Déi puer Aufsätz, déi mer an de Schoule maachen, gi jo spéider vun Disserten ersat. An a verschiddene Sprooche gi mol net d’Aufsätz gemaach, well een ze spéit mat hinnen ufänkt. Ëmmerhin, an de Beméiungen, d’Lëtzebuergesch opzewäerten ass dann och virgesinn, fir e puer Optiounsfächer an eise Lycéeën ze etabléieren. Dorënner fënnt een och e Creative Writing-Fach am Lëtzebuergeschen.

Creative Writing am Lëtzebuergeschen kéint net nëmmen der Sprooch a Kultur, mee och eisem Land hëllefen

Dat ass menges Wëssens no eng Neiheet an eng begréissenswäert nach dobäi! Jonke Leit d’Schreiwe vu Prosa, Lyrik a sou weider bäi ze bréngen kann  d’Lëtzebuergesch Literaturlandschaft nohalteg ze stäerken. Sécherlech kommen aus deene Couren net masseg Bestseller-Schreiwer eraus – an et muss een och net esou ee Kur besicht hunn, fir et ze sinn – mee et schued net!

Wat mer net vergiessen däerfen: Mir konzentréieren eis bei den Diskussioune ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch vill – ze vill a mengen An – op dat Geschwatent. Dobäi ass dat, wat Dauer huet, d’Joren an d’Joerzéngten iwwerbréckt, dat geschriwwent Wuert. An och wann d’Zuel vun de Bicher a Medien, déi op Lëtzebuergesch geschriwwe sinn, erop geet, esou wier der Sprooch immens gedéngt, wa mer eis méi Schrëftsteller géinge leeschten, déi e bëssche geléiert hunn, mat eiser Sprooch ze schaffen.

Et stinn nach vill Froen op, wéi dës Couren auszegesinn hunn

Elo ginn et do – wéi sollt et anescht sinn? – e puer Hoer an der Zopp. Oder besser gesot, oppe Froen. Et muss een d’Fro stellen, wéi d’Léierpersonal fir dës Coure soll ausgesinn? Kommen elo d’Lëtzebuerger Schrëftsteller mat Numm an Renommée dohinner? Gëtt et eng Formation Continue fir dee Cour kënnen ze halen? A wéi grouss sinn d’Virgaben, déi vun uewen erof kommen, wat de Léierplang ugeet? Zu gudder lescht: Muss et nëmmen en Optiounscour sinn? Wier et net gënschteg, zousätzlech bei enger Sektioun e generellen Creative Writing Cour ze entwéckelen, an deem all Sprooch erlaabt ass? Well an der Literatur gëllt dat, wat soss zu Lëtzebuerg och gëllt: Eis Méisproochegkeet ass e Gewënn!

Wien mengt, datt d’Literatur wier net esou wichteg fir eist Land oder eis Sprooch, dee läit a mengen A falsch. Et brauch een nëmmen op Island ze kucken, fir ze gesinn, wat fir eng héichklasseg Literatur och an engem klenge Land produzéiert a virun allem exportéiert ka ginn. Dat ass ganz gënschteg fir den Nationbranding, e Beräich, wou mer eis elo schonn eng Zäitche beméien. Mir dinn eis mam Export vun eiser Literatur immens schwéier, well mer kaum Accès op den auslännesche Marché hunn. Och feelen eis d’Kontakter zu den auslännesche Verlagen. Mee villäicht bessert sech dat, wa mer méi Bestseller produzéieren?

Ähnlech Sujeten Aktiounsplang fir d'Lëtzebuergesch Sprooch, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    2