Editorial: Maximale Schutz fir Groussgrondbesëtzer?
Dat dës Kris, sech net eleng um Réck vum Salariat
Dat dës Kris, sech net eleng um Réck vum Salariat
Déi kathoulesch Kierch schéngt sech Häerz entdeckt ze hunn, a
Eis franséisch Nopere bezéie ronn 70% vun hirem Stroum aus
D’Parlamentarier vun der NATO, déi nach bis haut zu Warschau zesummesëtzen, kéinten de Virschlag maachen, den Artikel 5 vum Washingtoner Traité ze änneren. Si wëllen domatter sécherstellen, datt eng kollektiv Riposte am Fall vun engem Hybridugrëff méiglech ass. Esou huet et déi franséisch Senatrice, Joëlle Garriaud-Maylam der AFP erkläert.
Den Ausdrock „Taktik vum Hybridkrich“ bezeechent e Konflikt, wéi dee wou et Russland erméiglecht huet, d’Krim ze annektéieren. Et alliéiert d’Desinformatioun, d’Bedreeung op zivil Infrastrukturen an déi verdeckten Interventioun vu spezial Agrëffstruppen. Den Artikel 5 vereenbart, datt e bewaffenten Ugrëff géint e NATO-Member, vun allen als en Ugrëff géint d’Communautéit ass.
D’Suggestioun dem Traité en Artikel „5b“ bäizefügen, ass e Samschdeg der Kommissioun zu der Dimensioun vun der ziviller Sécherheet vun der parlamentarescher Assemblée vun der NATO virgestallt ginn.
Déi franséisch Senatrice, Joëlle Garriaud-Maylam ass dovunner d’Presidentin. Virgestallt huet d’Propose, de konservative Brit, Lord Jopling, an engem Rapport mat der Bezeechnung: „Ofwier zu der Hybrid-Bedreeung déi vu Russland ausgeet“. De Rapporteur huet drun erënnert, datt d’Iddi rezent vum fréiere Sekretär fir auswäerteg Ugeleeënheete vu Groussbritannien, William Hague, opgeworf ginn ass.
„Et ass méiglech datt d’Modifikatioun vun engem Traité, deen d’Zäit erfollegräich iwwerstanen huet, den Alliéierte mëssfällt, mee de Rapporteur ass iwwerzeegt, datt d’Staatscheffe vun de Memberlänner sollten, an dat eventuell scho beim Sommet am Juli, d’Redaktioun vun engem neie strategesche Konzept vun der Allianz, deen déi nei Realitéit am Beräich vun der Sécherheet, ugefaange mam Opkomme vun der Hybrid-Bedreeung, sollten ugoen“, schreift de Lord Jopling.
D’Propositioune vun den NATO-Parlamentarier, déi den Agenda vum Sommet am Juli bestëmmen, mussen haut gestëmmt ginn.
An d’Fro vun der ëstlecher Flank vun der NATO an d’Suerge vun de Memberlänner an dëser Zone, Polen un der Spëtzt, géintiwwer de russescher Politik (zanter der Annektéierung vun der Krim an der pro-russescher Rebellioun am Oste vun der Ukrain) war ee vun den Haapttheme vun den Aarbechtssëtzunge vun de Parlamentarier vun der Allianz, bestätegt d’ Joëlle Garriaud-Maylam.
mat AFP