Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Am digitalen Zäitalter wënscht een anescht
International ambivalent dating

best hookup apps new york

Der Famill oder de Frënn mëttels enger SMS zu Neijoerschdag

dating a cheap married man
International ambivalent dating

SOAP2GO – Praktesch an hauchdënn Seef fir jiddwereen!

Kreativ jonk Käpp aus dem Lycée Michel Lucius hu sech

Vertrauen ass gutt, Kontroll wier besser
International ambivalent dating

Vertrauen ass gutt, Kontroll wier besser

Bei eisen Noperen ass op neits e Liewensmëttelskandal opgeflunn. D‘Ausmooss

NATO: ee Bündnis mat Zukunft?

NATO: ee Bündnis mat Zukunft?

Déi nordatlantesch Verdeedegungsallianz, an där sech esou grouss Demokratie wéi d‘Tierkei an d‘USA begéinen, huet besser Zäite kannt. Fir de franséische President ass d‘NATO „Gehirdoud“, déi däitsch Bundeskanzlerin gesäit den Ament keng Alternativ an de Generalsekretär wëll säi schéine Stull net mussen opginn…

Et kritt een et an der EU einfach net op d‘Rei, sech ee fir allemol ze entscheede wouhinner een dës Unioun politesch leede wëll. An et sinn dann och net ëmmer déi „nationalpolitesch Themen“ wou fir Gespréicher suergen, dat awer och nees, wëll eng koherent EU-Aussepolitik net zu de grousse Prioritéite vun de Staats- a Regierungscheffe gehéiert. Dat féiert och ëmmer nees zur „Dissonanz“.

An engem Interview mam briteschen „The Economist“ huet den Emmanuel Macron festgestallt, datt et am Kontext vu strategeschen Entscheedungen net déi geréngste Koordinatioun tëscht den NATO-Partner an den USA géif ginn. Hie bedauert, datt en NATO-Partner en Ugrëffskrich féiert, ouni sech mat deenen aneren ofzeschwätzen. Et hätt een awer och „Interessen“ an dëser Regioun.

De franséische President huet dann och seng europäesch Frënn gewarnt. D‘Zäiten an deenen een d‘Amerikaner als verléisslech Partner geschätzt huet, déi gëtt et net méi. Et wier ënnert der aktueller politescher Ausriichtung einfach net méiglech Washington ze vertrauen. Zudeem zweiwelt den Emmanuel Macron dorunner, datt en Ugrëff op e „Partner“ nach als Ugrëff op d‘NATO gesi gëtt.

Esou sollt een et net soen

Wann déi am The Economist ofgedréckte Sätz zimlech däitlech sinn, esou war den Interview awer Enn Oktober gemaach ginn, a mëttlerweil dierft och de franséische President déi „Duerstellung“ eppes relativiséieren. Zu Berlin allerdéngs, war een am Kanzleramt net erfreet iwwert déi an der britescher Wirtschaftszeitung ofgedréckten „Aussoen“. D‘Bundeskanzlerin huet dat kommentéiert.

„Dës Siichtweis ass net meng“ esou d‘Angela Merkel an enger éischter Reaktioun op déi vun de Medie weidergeleeten Aussoe vum franséische President. Si fënnt datt d‘Wierder schlecht gewielt an net wierklech néideg waren. Sécher wier et ubruecht, wann sech d‘Partner innerhalb der NATO géifen zesummerappen, mee et sollt een net eppes diskreditéieren, dat de Fridde séchergestallt huet.

Zudeem géif och aktuell a ganz ville Beräicher gutt an effikass zesummegeschafft. Dofir fënnt déi däitsch Bundeskanzlerin, dat déi Beräicher an deenen d‘Kooperatioun klappt och sollte gefleegt ginn, an op deene Plaze wou et net esou reiwungslos funktionéiert, no Léisunge sollt, oder villméi muss gesicht ginn. Dat sollt mat Washington méiglech sinn, mee kann dat och fir Ankara gëllen?

Scheiklappe sinn ëmmer och e Risiko

Beim Besuch vum NATO-Generalsekretär Jena Stoltenberg zu Berlin, huet d‘Bundeskanzlerin awer och gemengt, datt Europa säi Schicksal nees eppes méi an eegen Hänn huele muss. Eng Ofso un d‘NATO ass dat net, ganz am Géigendeel, well d‘Angela Merkel ass iwwerzeegt, datt d‘Bündnis muss erhale bleiwen, wann d‘Welt och fir déi nächst Generatioune soll e friddlechen Uert sinn.

De Jens Stoltenberg, deen déi lëschteg Aufgab huet dat transatlantescht Bündnis ze verdeedegen an ënnerschiddlech „Partner“ op Linn ze bréngen, huet beispillsweis keng gréisser Suergen, wat der Tierkei hir Syrien-Invasioun betrëfft. Datt Ankara Waffesystemer bei de Russe keeft, fënnt hien och net an der Rei, mee jiddereen dierf mat sengem Geld maache wat hie wëllt. Partner ass Partner…

An esou seet den NATO-Generalsekretär: „D‘NATO huet hir kollektiv Sécherheet virugedriwwen an all Versuch Europa vun Amerika ze distanzéiere géif e grousst Sécherheetsrisiko duerstellen“. Hien ass awer aktuell deen eenzegen, deen den US-President als Partner gesäit. An et ass richteg, datt et operativ jo och klappt. Trotzdeem sollt sech Europa selwer ëm seng „Sécherheet“ këmmeren.

mat indymedia/lon/ber/bru

Foto: Twenty20

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Emmanuel Macron, Jens Stoltenberg, NATO, The Economist
Nächsten Artikel Virrechten Artikel