Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS
International

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS

Am Munnerefer Thermalbad, gëtt dësen 10. November e „Weltraum-Nomëtteg“ ofgehalen,

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss
International

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss

2018 wëll d’EU-Kommissioun nei Reegele virstelle fir d’Gigante vum digitale

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht
International

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht

Och eng CSV zitt géint Enn vun der Legislaturperiod de

NATO geréit tëscht d‘Fronten

NATO geréit tëscht d‘Fronten

Mam Verbuet fir däitsch Deputéiert sech op Konya ze beginn, erreecht de Sträit tëscht der Tierkei an Däitschland ee neien Héichpunkt. Elo gëtt dann och d‘NATO gezwonge Stellung ze ergräifen.

Dat auswäertegt Amt huet siwe Membere vun der Verdeedegungskommissioun matgedeelt, datt ee Besuch vum Stëtzpunkt ënnersot gi wier. Als Grond nennt d‘Tierkei déi ugespaante Bezéiung a virun allem déi zougeloossen Asyl-Demandë vun tierkeschen Offizéier. No Incirlik dann och elo de NATO-Stëtzpunkt Konya, do kann sech och Bréissel net méi eraushalen.

Bei der NATO war bis elo alles versicht gi fir ze verhënneren, datt de Sträit tëscht béide Länner och intern Konsequenze fuerdert. Mat Konya ass de Ball elo definitiv am Lager vun der NATO ukomm. Konya, ass eng reng NATO-Loftwaffebasis op tierkeschem Buedem, wat Ankara d‘Recht gëtt de Besuch ze verbidden.

Keng gutt Aussiichte fir eng Mediatioun

Bei der Allianz suergt dëse Sträit fir Kappzerbrieches an elo soll vermëttelt ginn. E Spriecher vun der NATO seet: „De Generalsekretär steet am Kontakt mat de Regierunge vu béide Länner“. Fir d‘NATO sinn d‘Tierkei an Däitschland wichteg Partner. Wéi d‘Mediatioun elo soll ausgesinn, doriwwer huet et aus Bréissel keng Detailer ginn.

Konya ass dann och ee Stëtzpunkt, dee fir de Kampf géint den islamesche Staat (IS) a Syrien an am Irak ganz wichteg ass. Hei sinn d‘AWACS-Opklärungsfliger stationéiert. Een Drëttel vun de Besatzunge sinn däitsch Zaldoten. Vu Bréissel heescht et, datt de Sträit nach keng Auswierkungen op d‘Operatioune vun der NATO huet. Nom Ofzuch vun den däitschen Zaldoten aus Incirlik, muss ee méigleche, Réckzuch aus Konya a betruecht gezu ginn.

De Generalsekretär Jens Stoltenberg hat dann och scho bei der Kausa Incirlik versicht ze vermëttelen, ouni Erfolleg. Hie war sech deemools awer zimlech sécher, datt et keng Auswierkungen op den Asaz vun däitschen Zaldoten zu Konya sollt hunn. Eng Hoffnung déi Ankara mat senger Entscheedung net erfëllt huet. Fir déi 260 Zaldoten an hir Tornado-Opklärungsfliger zu Incirlik huet d‘Plënneraktioun dann och schonn ugefaangen. Si ginn no Jordanien verluecht.

Konya-Mandat virum Aus

Am Bundestag suergt de Kaméidi och fir Opreegung. De Besuchsverbuet huet de Fraktiounschef vun der SPD genéidegt mam engem Ofzuch ze dréien. „Ouni Besuchsméiglechkeet fir de Bundestag kann d‘Bundeswehr net zu Konya bleiwen“ esou de Thomas Oppermann géintiwwer der AFP.

Säitens der Oppositioun gëtt d‘Mandat a Fro gestallt. De gréngen Aussepolitiker Omid Nouripour schwätzt vun „Respektlosegkeet“ géintiwwer de parlamentaresche Verhalensreegelen an aner Länner. Déi Lénk Deputéiert Sevim Dagdelen fuerdert schlicht an ergräifend, den Asaz zu Konya ofzebriechen. Fir déi konservativ Unions-Parteien (CDU/CSU) sinn esou Fuerderungen awer „kuerzsiichteg a geféierlech“. Se géifen dem Erdogan an d‘Hänn spillen.

De President vun der Verdeedegungskommissioun, Wolfgang Hellmich (SPD) ass awer d‘Mandat ënner dëse Konditiounen net opriicht ze halen. Déi Deputéiert aus dem Bundestag mussen d‘Recht hunn d‘Zaldoten am Asaz ze besichen. Iwwert eng Verlängerung vum Mandat soll Enn des Joers ofgestëmmt ginn.

Ankara ënnerhëlt dëse Schratt dann och knapp eng Woch nom G20-Sommet. Hei war dem Recep Tayyip Erdogan ënnersot ginn, sech mat senge Landsleit ze treffen an fir seng „Politik“ Reklamm ze maachen. Experte ginn dovunner aus, datt d‘Besuchsverbuet d‘Revanche fir déi däitsch Entscheedung ass. Fir d‘NATO eng onséileg Situatioun, si muss elo Verantwortung iwwerhuelen.

mat AFP

Foto: NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg (hei bei engem Besuch zu Ankara am Abrëll 2016) huet de schwaarze Péiter zougedeelt kritt. Op hien am Sträit tëscht der Tierkei an Däitschland nach vermëttele kann ass alles wéi net sécher (© Adem Altan/AFP)

Nächsten Artikel Virrechten Artikel