Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SIGI: Beschëllegungen si Ligen
International Neiegkeeten

dating expats in cairo

Den interkommunale Syndikat fir d’Gestioun vun der Informatik (SIGI) reagéiert

dating diaries toronto star september 2017
International Neiegkeeten

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet

An engem gehéierege Communiqué huet d‘ONG „Comité pour une paix

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!
International Neiegkeeten

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!

Um vergaangene Weekend war de begierten traditionellen Treffpunkt fir all

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag

Den Donald Trump wollt nei Atomwaffen, dat awer méiglechst ouni sech op e neits mat der ganzer Welt unzeleeën. A well déi houere Russen sech ni u Verträg halen, souwisou hannert dem Réck vun der Weltgemeinschaft u Rakéite gebastelt hunn, wat d‘USA ni géife maachen, huet den INF-Vertrag missen opgekënnegt ginn.

Haut gëtt zu Bréissel am NATO-Haaptquartéier eng éischte Kéier iwwert d‘Suitte vun dëser, dach eppes hefteger amerikanescher Entscheedung. Hefteg och dowéinst, well se net mat de „Partner“ ofgeschwat gi war. An engem deem eppes un dësem Vertrag schéngt geleeën ze hunn, ass de Jens Stoltenberg, NATO-Generalsekretär. Hie mengt datt hei nach mat Russland ze schwätzen ass…

Bei der Pressekonferenz gëschter zu Bréissel, huet hien en Appell u Moskau geriicht, dach einfach nees zum Anhale vun de Konditiounen aus dem Ofkommes zréckzekommen. En Appell deen esou awer kaum kann erwiedert ginn, well Russland de Vertrag net gebrach huet, an et hei nees nëmmen déi vun den US-Administratioun gemaachte Beschëllegunge sinn, déi als Fakte virgeluecht ginn.

Net virum Summer

Streng „technesch“ geholl, ass den Accord fir den Donald Trump net méi rechtskräfteg, an och de Vladimir Putin, deem dem Milliardär seng Entscheedung ënner Ëmstänn esouguer entgéint kënnt, huet jo kuerz drop den INF-Vertrag duerch de Kamäi geblosen. Fir deem ganzen dann awer nach den Uschäi vu „Verantwortung“ ze behalen, muss eng Kënnegungsfrist vu 6 Méint agehale ginn.

Den drëtte Weltkrich brécht also net viru Mëtt/Enn August aus, an d‘NATO beléisst och net bei de Fuerderungen u Russland. Laut dem Jens Stoltenberg, muss sech d‘Verdeedegungsbündnis op eng Welt ouni „Mëttelstreckerakéitenofkommes“ astellen. Gemengt sinn hei net d‘Bierger, mee ganz kloer d‘Memberlänner, vun deenen elo erwaart gëtt, datt se massiv oprëschten a virbereet sinn.

Mat gefaangen, mat gehaangen

Fir déi europäesch NATO-Membere – vun deenen et der duerchaus gëtt déi engem Konflikt mat Russland net ofgeneigt wieren – geet et beim Sommet vun de Verdeedegungsminister dorëms ze klären, wéi ee sech dëser neier „Bedreeung“ entgéintstelle kann. Eng Entscheedung kann eréischt nom Oflaf vun der Frist geholl ginn, mee de Bierger prophylaktesch Angscht maache geet direkt.

Woubäi et e Gläichgewiicht tëscht „Angscht maachen“ an „Hoffnung streeën“ muss ginn. D‘NATO wéilt sech net op e Wettrëschten aloossen an géif et dem Jens Stoltenberg nogoen, da geschitt dat och net. Dobäi geet et jo dem Donald Trump net direkt ëm d‘Oprëschte vun der NATO insgesamt, mee ëm e politesch berechtegte Virwand, d‘Atomwaffenarsenal vun den USA ze erneieren .

„Éierlech“ ass keng Optioun

Interessant – an dat dierft besonnesch eis däitsch Noperen interesséieren – eis géinteniwwer huet den NATO-Generalsekretär och nach gemengt: „D‘NATO wëll keng nei Mëttelstreckerakéite mat atomare Sprengkäpp an Europa stationéieren“. Brauch d‘Bündnis jo och net, dat géifen engersäits d‘USA iwwerhuelen, an nieft Polen gëtt et genuch Aarschkrécher déi fräiwëlleg wëlle matmaachen.

Washington ass sech beispillsweis mat Rumänien eens, e Rakéitesystem am Land opzestellen. Dofir brauch et keng NATO, jo et muss sech nach net emol op EU-Niveau ofgeschwat ginn, op dat esou wierklech am Interessi vum „europäesche Fridden“ an de Bierger vun der EU am grousse Ganzen, geleeën ass. Mee et ass jo gewosst, dat egal wéi een et dréint oder kéiert, de Russ ass schëlleg.

Si bannen eis e „Bier“ op

Datt eis den NATO-Generalsekretär grad am Kontext vu russescher Oprëschtung e „Bier“ opbanne wëll, gëtt deem ganzen e liichten ironeschen Ënnertoun. Russland wéilt, mam Hiweis op déi vun den USA stationéiert Waffesystemer an den Ausbau heivunner, nëmme vum „eigentleche Problem“ oflenken. Also: „Et gëtt keng US-Mëttelstreckerakéiten an Europa, mee ëmmer méi russescher“.

Eng glat Ligen, déi sech nëmmen an de Käpp vun de Mënschen implementéiere léisst, nodeems een hinnen Doudangscht gemaach huet. Funktionéiert ähnlech wéi bei beim Thema Migratioun, ass am Resultat awer eppes méi déidlech. Fir Lëtzebuerg, dat vum Krichsminister François Bausch (déi gréng) representéiert gëtt, bedeit et, datt nach méi Geld a Militär an Oprëschtung muss gestach ginn.

mat indymedia/bru/lon

Foto: Dat neit NATO-Haaptquartéier zu Bréissel, dat den Trump a seng Clique anscheinend ganz eleng bezuelt wëllen hunn. © Ministère de la Defense/COMOPSAIR/Michael Moors

Ähnlech Sujeten Atomwaffen, Donald Trump, INF-Vertrag, Jens Stoltenberg, Mëttelstreckerakéiten, NATO, NATO-Generalsekretär, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel