Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU
dating dictionary meaning Neiegkeeten

100 questions dating

Zu Bonn geet et beim Europaparteidag vun „die Linke“ ëm

rouyn noranda dating
who is lily j collins dating
dating dictionary meaning Neiegkeeten

D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg hunn

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!
dating dictionary meaning Neiegkeeten

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

NATO: Nom Trump muss sech och mat Afghanistan an der Ukrain beschäftegt ginn

NATO: Nom Trump muss sech och mat Afghanistan an der Ukrain beschäftegt ginn

Zu Bréissel kënnen d‘NATO-Partner opootmen: den Donald Trump geet d‘Brite veriergeren an si dierfen sech dem „eigentlechen“ zouwennen. Nodeems sech mat der Fuerderung vum US-President ausenanergesat ginn ass – dee fuerdert datt d‘Partner 4% vum BIP als Militärausgabe musse virweisen – geet ëm d‘Konflikter an Afghanistan an der Ukrain.

An den US-President huet keen enttäuscht. Hie war op Bréissel komm fir ze randaléieren an näischt anescht huet e gemaach. Seng Gespréichspartner sinn dann awer op den Hënneschte gefall, wéi de Monni aus Amerika vun alle Partner verlaangt huet, datt se mëttelfristeg fir hir Militärausgabe 4% vum BIP asetze missten. Woubäi de Milliardär, dee „schwéier gelueden“ zu Bréissel ukomm ass, nach iert et zu de Gespréicher konnt kommen, e vehemente Sträit mat Däitschland provozéiert huet.

„Däitschland gëtt komplett vu Russland kontrolléiert (…) si ass Gefaange vu Russland“, esou den Trump an enger Aart a Weis, wéi ee se béi dëser Form vu Sommeten éischte seele gesäit an héiert. Woubäi hien, nach mat der Air-Force One ënnerwee, jo schonn emol gemengt huet, datt seng Entrevue mam Vladimir Putin, de 16. Juli, méi agreabel dierft ginn, wéi dësen NATO-Sommet.

Fir jiddereen eppes derbäi

Während de Plenière huet den Donald Trump drop bestanen, datt d‘Engagement aus dem Joer 2014, 2% vum Bruttoinlandprodukt fir d‘Verdeedegung anzesetzen, vun alle Membere muss agehale ginn. Dat spéitstens bis 2024, woubäi den US-President fuerdert, dëse Beitrag mëttelfristeg op 4% ze erweideren. An der gemeinsamer Erklärung, déi e Mëttwoch vun den Dirigente vun der Allianz ugeholl ginn ass, gëtt d‘Fuerderung allerdéngs net ernimmt.

„Den Donald Trump huet ugefaangen ze soen, datt hien d‘Europäer schätzt. An zwou Sekonnen drop fänkt hie mat sengem Discours un, wou et ëm verdeele vun der Laascht fir d‘Ausgabe vun der Verdeedegung gaangen ass“, esou de lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn. Deen huet och eng Meenung zu den ominéise 4%: „Dës Approche ass eppes absurd“.

Trump

Lëtzebuerg ass nieft dem Ausseminister Jean Asselborn, duerch de Premierminister Xavier Bettel an de Vizepremier Etienne Schneider, beim NATO-Sommet vertrueden. © Denis Charlet/AFP

Heizou huet de bulgaresche President eng ähnlech Meenung: „D‘NATO ass kee Maart op deem ee Sécherheet kafe kann“. Eng Ausso déi e Mëttwoch vu villen zu Bréissel gedeelt ginn ass, firwat och den NATO-Generalsekretär, Jens Stoltenberg, bei senger Pressekonferenz net laanscht de Sujet komm ass. „Fänke mir emol mat den 2% un, fir déi nach vill Efforten ze maache sinn“, esou déi pragmatesch Approche vum Chef vun der Allianz. Den Trump war „not amused“.

Stoussnéckel vum Dag: Däitschland

Vun den insgesamt 29 NATO-Memberlänner, leien d‘Hallschent – dorënner Däitschland, Italien, d‘Belsch, Spuenien a Kanada – ënnert 1,4% vum BIP fir d‘Joer 2018. Si sinn also net an der Lag „Wuert ze halen“, wat dem US-President säi Moschwier esou staark a Matleedenschaft gezunn huet, datt hie seng Partner an engem Tweet opgefuerdert huet „hir Ausgaben direkt op 2% ze hiewen“.

An engem „Véier-Aen“ Gespréich, huet sech den Donald Trump – no der éischter Aarbechtssëtzung – -mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel ënnerhalen. Wat se sech gesot hunn ass net gewosst, mee den US-President huet duerno en aneren Toun ugeschloen, a verséchert, datt hien eng „ganz gutt Relatioun mat der Kanzlerin huet“. Hien huet preziséiert, datt sech iwwert den Ausbau vun der Gaspipeline „Nord Stream“ ënnerhale gouf. Detailer zu dësem Punkt huet et keng ginn.

D‘Angela Merkel war gewinnt „frou“, datt ee sech ausgetosch huet, och wann een ënnerschiddlech Standpunkten hätt. „Mir si Partner, mir si gutt Partner a mir hunn de Wonsch och an Zukunft weider Zesummenzeschaffen“, esou hire Statement. Den Emmanuel Macron huet sengersäits d‘Allianz opgeruff, d‘atlantesch Allianz net ze fragiliséieren. Duerno huet och hie mam Trump geschwat.

No der NATO… de Putin

Hei muss een dann nach emol op den Dossier „Nord Stream“ zréckkommen. An d‘Gaspipeline, déi Russland direkt mat Däitschland verbënnt, war schonn iert geplangt ginn ass se ze verduebelen, dem Donald Trump en Dar am A. Hie fuerdert dat net manner vun de Däitschen, wéi dëse Projet endgülteg falen ze loossen. Et ass datt och eng däregen Dossier, wëll et dowéinst och tëscht deenen anere Partner Reiwunge gëtt, an den US-President elo e Käil tëscht d‘Europäer dreiwe kann.

Trump

Dem NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg ass et net ëmmer liicht gefall, gutt Minn zum béise Spill vum Donald Trump ze maachen. An hie wier dann och scho frou, wann d‘Länner dat vereenbaart Zil vun 2% vum BIP fir Militärausgaben erreeche géifen. © Emmanuel Dunand/AFP

Esou um Beispill vu Polen, déi iwwerzeegt sinn, datt Europa keen „Nord Stream 2“ brauch. „Et ass e Beispill vun europäesche Länner déi Russland Geld nogeheien, hinne d‘Moyene ginn déi géint d‘Sécherheet vu Polen agesat kënne ginn“, esou de polneschen Ausseminister Jacek Czaputowicz, bei senger Arrivée zu Bréissel um Haaptsëtz vun der NATO.

An esou haten dann alleguerten déi Recht, déi sech e schwierege Sommet erwaart haten. Dat mat engem US-President, dee scho schlecht gelaunt Washington verlooss hat. Et ass dann och just eng Provokatioun sengersäits ze behaapten, datt seng Entrevue mam russesche President zu Helsinki, besser wäert gi wéi de Sommet mat senge Partner zu Bréissel. An dem Donald Trump seng Alliéiert géifen dann och gären opgekläert, wéi eng Absichten hien a Finnland verfollegt.

Virum Putin… Downing Street 10

Et ass awer net esou, wéi wann den Donald Trump géintiwwer dem Vladimir Putin vill Spillraum hätt. D‘Deklaratioun vum NATO-Sommet ass ëmmerhin e Requisitoire géint d‘Politik vum russesche President. An all d‘Entscheedungen déi beim Sommet ugeholl gi sinn, hunn zum Zweck d‘Ofschreckungskapassitéite vun der Allianz géintiwwer Russland ze stäerken.

Haut awer ass den Donald Trump emol vir unzefänken a Groussbritannien. Et ass dat seng éischt offiziell Rees zu de Briten, wou hien nieft der Premierministesch Theresa May, och der Queen sollt dierfe begéinen. Woubäi säi Besuch net grad zum beschten Zäitpunkt kënnt. De Politesche Kontext op der Insel ass am Moment grad eppes „ustrengend“, an dat net eleng wéinst dem geplangte Brexit mee och well domatter ze rechnen ass, datt et zu Manifestatioune géint den US-President kënnt.

Trump

Obwuel d‘Theresa May dem Trump schonn um NATO-Sommet begéint ass, an sech als exemplaresche „Schüler“ ervirgedoen huet, gesinn sech béid Staatscheffen haut a muer a Groussbritannien. Béid Länner si gewëllt et zu engem bilaterale Fräihandelsofkommes ze bréngen. © Tatyana Zenkovich/pool/AFP

Beim Besuch stinn déi wirtschaftlech Bezéiungen am Virdergrond. London wëll et onbedéngt zu engem Fräihandelsofkommes mat den USA bréngen, méiglechst iert de Brexit den am Mäerz 2019 a Kraaft trëtt. „Et gëtt keng gréisser Allianz wéi déi besonnesch mat den USA, an wäert och an de nächste Jore keng méi wichteg Allianz ginn, huet d‘Theresa May deklaréiert.

Fir e Partenariat mat Zukunft

„Dës Woch hu mir d‘Geleeënheet déi eenzegaarteg wirtschaftlech Relatioun tëscht de Natiounen ze verdéiwen, a mat de Gespréicher unzefänken, déi de Wee zum engem gestäerkte kommerziellen Echange soll fräimaachen“, esou d‘Premierministesch. Dat ass eng Siicht, déi den US-Ambassadeur a Groussbritannien, Woody Johnson, esou deele kann. Hie weess datt de President interesséiert ass et mat de Briten zu engem bilateralen Accord ze bréngen an sech e séieren Ofschloss wënscht.

Ukomme soll den Trump am Nomëtteg, wou hien no enger militärescher Zeremonie mat senger Fra Melania, un engem Iesse mat de Vertrieder aus Industrie a Wirtschaft am Palais Blenheim deel hëlt. D‘Nuecht verbréngt d‘Presidentekoppel am Winfield House, der Residenz vum Ambassadeur déi am Regent‘s Park geleeën ass. Méi dierft den Trump och net vu London ze gesi kréien.

Trump

Aktivisten hunn sech – esou gutt wéi et méiglech war – de Staatscheffen entgéint gestallt, wéi déi um Wee an de Park vum Cinquantenaire waren, wou et zu engem Aarbechtsiesse komm ass. © Aris Oikonomou/AFP

Et ass, och wann den US-President net vill Zäit zu London verbréngt, net „offiziell“ virgesinn him déi ugemellten anti-Trump Manifestatiounen ze erspueren. Ofgesi vu Blenheim, wäert et och beim Winfield House zum Protest kommen. Hei sinn d‘Participanten opgeruff ginn, esouvill Kaméidi wéi iergendwéi méiglech ze maachen. Den Héichpunkt vun de Manifestatiounen dierft et e Freideg op Trafalgar Square ginn, wou dem Trump seng Migratioun- a Klimapolitik denoncéiert ginn.

En US-President an der Wëndel

Während den Trump mam May d‘Militärakademie vu Sandhurst besicht, soll e Ballon beim Parlament am Himmel schwiewen, deen den US-President an eng enger Wëndel weist. Duerno soll et dann zu Chequers, der ländlecher Residenz vun de Premierministere, zu de bilaterale Gespréicher kommen. Ausser Fräihandel a Brexit, stinn och Russland an de Noen-Osten op der Dagesuerdnung.

London, datt sech ëmmer als exemplaresche Schüler gewisen huet, an dem Opruff vum Donald Trump nokomm ass, méi bäizesteieren an och ugekënnegt huet méi Zaldoten an Afghanistan zum Asaz ze bréngen, ass och eent vun de fënnef NATO-Memberlänner, déi 2% vum BIP am Budget fir d‘Verdeedegung opbréngen. De gudde „Versteesdemech“ ass awer bedreet, well den Trump sech mam demissionäre Boris Johnson wëll ënnerhalen, deen sech beim Brexit mam May oneens war.

E Freideg gëtt nëmmen „representéiert“, an am Nomëtteg sollten d‘Melania an den Donald Trump mat der Queen am Schlass zu Windsor „Téi drénken“. Si dierfte vun der Éieregarde empfaange ginn an uschléissend de Weekend a Schottland verbréngen, wou den Trump zwee Golfterraine besëtzt. D‘Visite, déi dausende Poliziste mobiliséiert, kascht eppes méi wéi 11 Milliounen Euro.

mam Christian Spillmann, dem Jérôme Cartillier an dem Martine Pauwels/AFP

Foto: „Dir musst äre Budget fir Militärausgaben direkt op 2% hiewen a mëttelfristeg op 4% kommen“, esou den Trump, dee beim NATO-Sommet wéi erwaart randaléiert, an senge „Partner“ zolidd d‘Lewitte gelies huet. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten Bréissel, Donald Trump, Jean Asselborn, NATO-Sommet, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel