Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Léisunge brauch eist Land
Neiegkeeten

Tacheles: Léisunge brauch eist Land

1859 huet de Karl Marx säi Wierk „Kritik der politischen

Kenns du eis Stied genuch fir hei 12 Richteger ze kréien?
Neiegkeeten

Kenns du eis Stied genuch fir hei 12 Richteger ze kréien?

Et gëtt zwar oft gären vun “Der Stad” geschwat, wéi

D‘Reform vun de Rettungsdéngschter, erkläert
Neiegkeeten

D‘Reform vun de Rettungsdéngschter, erkläert

D‘Visite zesumme mam Inneminister Dan Kersch, vun den ënnerschiddleche Rettung-Corps’en

D‘NATO op Besuch am Wäissen Haus

Tëscht dem Trump dem Stoltenberg geet et net nëmmen ëm d‘Geschäft

D‘NATO op Besuch am Wäissen Haus

70 Joer al gëtt se déi nordatlantesch Militärallianz NATO, a wéi et heescht wier den Donald Trump fir den Empfang vum Gebuertsdagskand – a Persoun vum NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg – am Wäissen Haus gudder Laun gewiescht. D‘Allianz hätt „Fortschrëtter“ gemaach heescht et…

Wann de 45. US-President vu Fortschrëtter schwätzt, geet et ëm Geld. Vill Geld. An dofir sinn déi vum Donald Trump genannte Fortschrëtter net technescher oder diplomatescher Natur. Nee et ass vill méi profan, et geet ëm d‘Rëschtungsausgaben. An dorëms ass et bei der Entrevue tëscht dem NATO-Generalsekretär an dem Milliardär haaptsächlech gaangen, Geld dat d‘Amerikaner net méi gewëllt sinn fir de Schutz vun der Allianz a senge Memberlänner op den Dësch ze leeën.

Fir de Nol anzeschloen, an dem Jens Stoltenberg „verständlech“ ze maache wien d‘Soen huet, huet den Donald Trump op seng ganz eegen Aart a Weis erkläert, datt laut de Grafiken – déi et gëtt – wier et virun 10, 15 Joer wéi op enger Aachterbunn de biergof gaangen. Elo wou hien d‘Rudder fest an der Hand hält, elo geet et nees biergop. Et gëtt wuel nees méi gestuerwen, mee ënner Héngerdéif beschäftegt ee sech net mat de Konsequenze vun engem bewaffente Konflikt, just mat de Käschten.

100 Milliarden

Am Geld zielen ass den Diplomat mam Charisma vun enger tierkescher Toilette eenzegaarteg. Esou ass hien och nees op déi 100 Milliarden US-Dollar ze sprieche komm, déi d‘Memberlänner extra fir „Verdeedegung“ sollen ausginn. Schliisslech hat den US-President sengerzäit einfach emol verlaangt (an net gefuerdert) datt all Land 2% vum Bruttoinlandprodukt fir d‘Verdeedegung musse bereetstellen. A wann et dem Donald Trump nogeet, géif dëse Prozentsaz nach emol ugehuewen.

Den US-President huet sech dann och op en neits iwwer Däitschland hiergemaach. Eigentlech net ganz verständlech, misst et dem Donald Trump dach waarm ëm d‘Häerz ginn, ugesiichts de ganze Waffenexporter u „seng Frënn“ a Saudiarabien an anerwäerts. Mee nee, hien zitt iwwert d‘Angela Merkel a hir Duerftheater-Regierung hir. „Ech hu grousse Respekt géintiwwer der Kanzlerin an dem Land (…) Ech hu groussaarteg Gefiller fir Däitschland, mee si bezuelen net wat si sollten“.

„Happy Taxpayer“

Hien ass dann och ganz seriéis veriergert iwwert de Fait, datt d‘Däitschland méi no un 1% ass wéi un 2%, an ugesiichts dem „Fakt“ datt d‘USA 4,3% vum BIP an d‘NATO abezuelen, wier dat awer géintiwwer dem amerikanesche Steierzueler, voll ongerecht. An dofir géif hien sech elo asetzen: fir d‘Gerechtegkeet géintiwwer eben dem “Taxpayer“. Dat ass en absolut valabelt Argument, an och géint eng Reform vun der NATO wier näischt anzewennen. Mee den Toun mécht d‘Musek…

An do kënnt dann och nees de Héngerdéif aus dem Bréissel Haaptquartéier an d‘Spill. Dësen huet den Donald Trump an héchsten Téin gelueft. Grond: Dem Jens Stoltenberg seng Roll bei de villen (a laangen) Finanzéierungsverhandlungen. Den NATO-Generalsekretär huet dem „Chef“ verséchert, datt d‘Asazbereetschaft erhéicht, de Krich géint den Terror ënner Kontroll an och méi investéiert ginn ass. Zudeem géifen d‘USA an Europa méi zesummen ënnerhuelen, wat Stäerkt beweist.

70 Joer (net nëmme) Fridden

Wann d‘NATO dës Woch zu Washington säi 70. Grënnungsjubiläum feiert versammelen sech op der Plaz och d‘Ausseminister vun dësem Veräin. Bei Steak a Cremant soll dann iwwer Russland, an déi Aart a Weis wéi d‘Bezéiung sol weidergefouert ginn, diskutéiert ginn. Den Terror bleift en Topic an och den Asaz an Afghanistan sollt ugeschwat ginn. Interessanterweis ass am „Programm“ net rieds vu Fridden an/oder wéi déi verschidde Konflikter – ausser mat Waffegewalt – ze léise wieren.

Net ze vergiessen, datt et innerhalb der „Famill“ och zolidd gestridde gëtt. Do wieren d‘Tierke mat hirem Sultan, deen d‘USA aus Syrien verdreiwe wëll, fir an aller Rou d‘Kurden, wa schonn net ze ermuerksen, da wéinstens ze verdreiwen. Kënnt nach derbäi, datt Ankara seng Rakéiten net bei der US-Waffenindustrie, mee zu Moskau keeft. Blöd gaange fir den US-President, well d‘Tierkei ass mat gutt +2% BIP fir Rëschtung derbäi, mee säi Militärkomplex profitéiert net vum Geldfloss…

mat indymedia/was

Foto: Dem NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg dierft et net ganz esou einfach gefall sinn, sech bei sengem „Chef“ zum Rapport gemellt ze hunn. Während hien nach mat Luef iwwerschott ginn ass, ass et nees ëm den „schlechte“ Beholl vum Rescht vun der Band – also de Memberen – gaangen © White House

Ähnlech Sujeten 70. Gebuertsdag, Donald Trump, Jens Stoltenberg, NATO, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel