Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dateschutz an IT-Sécherheet beim Staat
International Neiegkeeten

Dateschutz an IT-Sécherheet beim Staat

Säit LuxLeaks an „Casier-Bis“ ass gewosst: d‘Regierung a vun der

Alkohol um Steier huet lescht Joer 22 Doudesaffer gefuerdert
International Neiegkeeten

Alkohol um Steier huet lescht Joer 22 Doudesaffer gefuerdert

Am Kader vun der Presentatioun vum Informatiounsspot „Alkohol um Steier

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger
International Neiegkeeten

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger

A Saachen erneierbar Energien huet Lëtzebuerg ee weidere Schrëtt no

NATO-Partner Tierkei zësst d‘Amerikaner

Ankara dreet Washington mat der Schléissung vun der Airbase zu Incirlik wa sech politesch näischt ännert

NATO-Partner Tierkei zësst d‘Amerikaner

Den US-President ass vläicht ee grousse Fan vum Recep Tayyip Erdogan, mee d‘Verhältnis tëscht den NATO-Partner steet sech zanter längerem net zum Beschten. Elo huet de Sultan och nach domatter gedreet d‘Airbase vun Incirlik zouzemaachen, et sief, Washington géif sech politesch nees Ankara uschléissen.

Woubäi den tierkesche President eigentlech zwou Militärbase fir d‘USA späre kéint. Géintiwwer dem tierkesche Radiosender „A Haber Radyo“ huet de Recep Tayyip Erdogan gesot: „Wann et noutwenneg gëtt, kann een déi vun der US-Air Force genotzten Airbase vun Incirlik an déi vun den Amerikaner bedriwwe Radarstatioun Kürecik an der Provënz Malatya zoumaachen“.

TierkeiSollt Washington Sanktioune géint d‘Tierkei verhänken, wäert een eng entspriechend Äntwert ginn, esou de Sultan weider. Net méi spéit wéi déi lescht Woch hat den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu ugedeit, datt wann d‘USA Sanktiounen ergräifen, hinnen den Zougang zu Incirlik an Kürecik kéint verwiert ginn. Dat wier am konfliktuelle Kontext vun der Regioun e Réckschlag.

Esou muss ee wëssen, datt d‘Airbase vun Incirlik e ganz wichtegt Dréikräiz fir US-Air Force ass an hei och Atomwaffe gelagert ginn. Däitschland hat och eng Zäit laang genotzt an hei seng Tornado-Opklärungsfliger stationéiert. No engem zolitte Sträit am Summer 2017, huet Berlin konsequent gehandelt an huet seng Fligerstaffel a Jordanien geplënnert. Mussen d‘USA elo nozéien?

De Russland-Deal

Grënn fir Sanktioune géint d‘Tierkei ze verhänken hunn d‘Amerikaner genuch. D‘US-Senateure fuerderen d‘Sanktiounen, well Ankara am Summer bei de Russen de Rakéitenofwiersystem S400 kaf huet. Si wollten den Tierken eigentlech de Patriot-System verkafen, mee de Präis war den Tierken eppes ze héich. Trotzdeem ass et bosseg, wann den NATO-Partner beim Feind akeeft.

Tierkei

Mat dëser Transaktioun kommen awer och berechtegt Suergen op. Esou fäert de Pentagon, datt Russland iwwert den empfindleche Radarsystem un Donnéeën zu de Fäegkeete vum Kampfjet F-35 komme kann. Ankara war „Partner“ beim Bau vun dësem Kampfjet a wollt och masseg dëser Fliger kafen. Esouguer d‘Ausbildung vun den tierkesche Pilote war schonn an den USA ugelaf.

Als Äntwert op den Deal mat Moskau hat Washington d‘Tierken aus dem F-35 Programm gehäit, vu Sanktioune war awer do nach net rieds. Problematesch gouf et awer, wéi d‘Tierkei sech fir en Ugrëffskrich op Nordsyrien entscheet huet. Ankara huet den „Ofzuch“ vun den Amerikaner als Aluedung gesinn, déi kurdesch YPG – déi si als Terrororganisatioun astufen – dierfen auszeläschen.

De Vëlkermord un den Armenier

Dat „gestéiert“ Verhältnis tëscht béiden Natiounen ass mat der Behandlung vun der Fro: „War den armenesche Genozid duerch d‘Osmanen ee Vëlkermord?“ net besser ginn. Zu Washington war dës Fro am Representantenhaus mat „Jo“ (405 zu 11 Stëmmen) beäntwert ginn, wouriwwer Ankara jo och enttäuscht war. Virun e puer Deeg huet sech den US-Senat ugeschloss. Elo ass d‘Mooss voll.

TierkeiFir Ankara ass et eng politesch Decisioun déi vëlleg inakzeptabel ass. Den US-Ambassadeur gouf abestallt an den Beschloss als „wäertlos“ zréckgewisen. Dozou kënnt nach d‘Resolutioun mam Bezuch op den Ugrëff géint d‘Kurden, ab där Sanktioune gefuerdert sinn. Ankara huet sech dogéint zur Wier gesat a behaapt, datt dës Resolutiounen eng Revanche fir den Amarsch a Syrien sinn.

Et géif e schlecht Bild vun den USA an der tierkescher Bevëlkerung zeechnen, hat den tierkeschen Ausseministère gemengt. Woubäi se an der Tierkei hei kéinten iwwersinn hunn, datt déi zwou am Representantenhaus gestëmmte Resolutioune primär als innepolitescht Signal musse betruecht ginn. Et ass Wahlkampf an am November 2020 gëtt entweder de Milliardär bestätegt oder et gëtt e Neien.

mat indymedia/tlv/was

Foto: Op der tierkescher US-Airbase zu Incirlik ass déi 39. Waffesystem-Sécherungsgrupp (WSSG) doheem. De Stëtzpunkt gëtt awer och vun der tierkescher Air Force, de britescher Royal Air Force, an de kinneklech-saudescher Air Force genotzt. © U.S. Air Force photo by Airman 1st Class Cory W. Bush/Released (Archiv Okt.2015)

Ähnlech Sujeten Armenier, Incirlik, Mevlüt Cavusoglu, Recep Tayyip Erdogan, Resolutioun, S400, Sanktiounen, Syrien, Tierkei, US Air Force
Nächsten Artikel Virrechten Artikel