Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert
International Neiegkeeten

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert

Mat groussem Opwand hat Mëtt leschter Woch de lëtzebuergesche Food

De Landwirtschaftsministère warnt: Histamin a Produiten aus dem Cactus Fëschrayon
International Neiegkeeten

De Landwirtschaftsministère warnt: Histamin a Produiten aus dem Cactus Fëschrayon

De Landwirtschaftsministère warnt virum Konsum vu Produiten aus dem Cactus

coollaughing
Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Neiegkeeten

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn

Datt dem Donald Trump, a senger rabiater Aart a Weis sech beléift ze maachen, um NATO-Sommet vill Opmierksamkeet zougedroe ginn ass, dierf net doriwwer ewechtäuschen, datt sech d‘Partner zu Bréissel getraff haten, fir Entscheedungen ze huelen.

Mam Drock deen den US-President op d‘Allianz gemaach huet, fir d‘Militärausgaben ze héijen, sinn och Decisioune geholl ginn, déi den Zweck hunn: engersäits d‘Ostflank géint Russland ze verdeedegen, an anersäits de Süde virun den terroristesche Bedreeungen ze schützen. Mat neie Kommandozentralen an Däitschland, mee och Amerika, engem Plang „4×30“, enger Aluedung u Mazedonien…

Hei déi wichtegst Entscheedungen, déi d‘Allianz – déi viru bal 70 Joer gegrënnt gouf – nees mat neier Stäerkt soll fëllen, an och d‘Solidaritéit ënnert de Memberlänner soll fërderen.

D‘Kommandostrukture stäerken

Déi 29 NATO-Memberlänner hunn sech drop gëeenegt, an der Belsch e „Cyber-Operation Center“ opzeriichten, dee soll sécherstellen, datt de Wëssensstand vun der Allianz am Cyberraum, an d‘Koordinatioun vun der operationeller Aktivitéit, op all Niveau gereegelt ass.

Et ass och virgesinn, datt d‘NATO zwou nei Kommandozentrale schaaft. Eng dovunner soll zu Norfolk (Virginia) entstoen, an den Optrag erhalen d‘Verbindungen iwwert den Atlantik ze sécheren. Déi aner soll zu Ulm (Süddäitschland) entstoen an kritt d‘Aufgab dofir ze suergen, datt déi eenzel Truppen an Europa besser a méi séier verluecht kënne ginn.

„Véier mol Drësseg“

Iwwerhaapt huet sech d‘NATO virgeholl, méi séier a Krisesituatioune reagéieren ze kënnen. Hei hunn d‘USA hir Kaarte gutt ausgespillt an d‘Partner iwwerzeegt kritt, esou datt d‘Initiative mat der Bezeechnung „30-30-30-30“ oder „Véier mol Drësseg“ eestëmmeg ugeholl ginn ass.

Bei dëser Initiative ass de Plang deen, datt d‘Allianz ab 2030 soll an der Lag sinn: 30 Bataillounen, 30 Fligerstaffelen, 30 Krichsschëffer innerhalb vun 30 Deeg (oder manner) an den Asaz ze bréngen. Detailer wéi: wien dat Koordinéiert, op et zu enger Aart „Permanence“ kënnt, a wat de Rôle vun der Lëtzebuerger Arméi hei ka sinn, waren net gewuer ze ginn.

D‘Missiounen am Irak an dem Afghanistan

Bei der NATO gëtt ee sech iwwerzeegt, datt d‘Organisatioun „Islamesche Staat“ (IS) geschloen ass, an een elo aner Missiounen ze erfëllen hätt. Esou huet sech d‘Allianz virgeholl, seng Missiounen: Formatioun vun der irakescher Police an der Arméi, auszebauen. Dofir sollen eng 550 Zaldoten an Experten op der Plaz agesat ginn.

D‘Allianz huet iwwerdeems nach emol bestätegt säin Engagement am Afghanistan weiderzeféieren, an esou d‘Regierung vu Kabul ze stëtzen, déi sech mat den Taliban am Konflikt befënnt. An dësem Sënn hunn déi 29 Memberlänner dann och d‘Finanzéierung vun der Missioun „Resolute Support“ bis 2024 garantéiert. Hei sinn aktuell 16.200 Zaldoten agebonnen.

D‘Südflank

De spuenesche Regierungspresident Pedro Sanchez, huet sengersäits ugekënnegt, datt säi Land sech der Formatioun vun der tunesescher Arméi unhëlt. Hei geet et an der Essenz ëm de Kampf géint den Terror, am Kader vun enger Missioun déi vun der NATO geneemegt ginn ass. Bei der Formatioun soll et virrangeg ëm Cyber-Verdeedegung an d‘Opspiere vun improviséierte Sprengsätz goen.

Koordinéiert gëtt dës Missioun vum Regionalzenter Süd, deen zu Neapel doheem ass. D‘Regierung vum Giuseppe Conte huet beim Sommet bestätegt, datt dës regional NATO-Kommandostruktur voll operationell ass.

Mazedonien

De Wëlle vun der Allianz seng Ostflank ze stäerken a gläichzäiteg ze wuessen, bestätegt sech mat der Offer u Mazedonien, Verhandlunge fir den Uschloss opzehuelen. Grond fir dës Entscheedung ass d‘Eenegung tëscht Skopje an Athen, déi sech wéinst dem Numm „Mazedonien“ an den Hoer geleeën hunn. Mat „Republik vun Nord-Mazedonien“ kënne béid Länner liewen.

Mazedonien géif dann den 30 Member vun der Allianz ginn, woubäi den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg preziséiert huet, datt den Uschloss nëmmen da méiglech ass, wann all déi national Prozeduren ofgeschloss sinn, déi mat der Landesbezeechnung zesummenhänken. Et ass gewosst, datt déi konservativ Oppositioun, sech géint de Pakt mat Griicheland ausgeschwat huet.

mat AFP

Foto: Fir de NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg war et keen einfache Sommet. D‘Europäer hunn dann awer den USA Zougeständnesser gemaach, an och wichteg Decisioune konnten zu Bréissel geholl ginn. © Aris Oikonomou/AFP

Ähnlech Sujeten Afghanistan, Bréissel, Irak, Jens Stoltenberg, Mazedonien, NATO-Sommet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel