Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Fetisch
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Fetisch

Um 18. Januar feiert weltwäit d’BDSM-Zeen ënnert dem liicht ironesche

E Mann kämpft ëm d‘Muecht
International Neiegkeeten

E Mann kämpft ëm d‘Muecht

Am Kontext vum Parteidag vun de Republikaner, huet den US-President

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare
International Neiegkeeten

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare

Um 5. Januar huet sech de Regierungsrot fir den Ausbau

NATO-Sommet: Am Sträit vereent

Inhaltlech Differenzen a perséinlechen Dissens... et war wéi ëmmer en erfollegräicht Treffen

NATO-Sommet: Am Sträit vereent

Wann ee vum Jubiläumsempfang am Buckingham Palace ofgesäit war dëse Sommet am Fong just en Treffen, bei deem virdrun an duerno eigentlech éischter gestridde wéi diskutéiert gouf. Et ass ëm d‘Oprëschte gaangen, de Gesondheetszoustand vum Militärbündnis gouf a Fro gestallt, de Partner Tierkei huet onméiglech Fuerderunge gestallt an awer gëtt et eng Ofschlosserklärung.

Um Enn vum NATO-Sommet hu sech vill Staats- a Regierungscheffen nees selwer opgemontert an dëst Treffen als „erfollegräich“ bezeechent. Dobäi huet et vill Spannunge ginn, déi d‘Kohäsioun vum Militärbündnis a Fro stellen. Esou hat den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan senge Partner annoncéiert, gemeinsam Beschlëss zréckzeweisen, wann d‘NATO-Memberen déi syresch Kurden net zu Terroristen erklären an déi tierkesch Invasioun net ënnerstëtze géifen.

Mat dësem „Schratt“ hätt d‘Tierkei verhënnert, datt d‘NATO hir Pläng – fir de Fall vun engem russeschen Ugrëff op de Baltikum a Polen – weiderentwéckelt. Dat hätt de NATO-Prinzip „en Ugrëff op ee Member ass en Ugrëff op d‘Allianz“ ënnergruewen. Wien de Sultan iwwerzeegt krut zréckzerudderen ass net gewosst, woubäi de franséische President Emmanuel Macron betount huet, datt et net ka sinn, datt d‘Tierkei déi alliéiert Kurdemilizen als Terroriste bekämpft.

NATO

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel mam US-President Donald Trump. © NATO

Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg war trotzdeem beméit der Welt d‘Bild vun engem vereente Bündnis virzeféieren: „D‘NATO ass flénk, aktiv an entwéckelt sech weider. Et ass dat erfollegräichst Bündnis vun allen Zäiten, well mir eis ëmmer nees veränneren. Et wier een awer scho gäre beim Tête-à-tête Stoltenberg/Erdogan derbäi gewiescht. D‘Aarbechtssëtzung ass iwwer dräi Stonne gefouert ginn, e wierklechen a sécherlech och wënschenswäerte „Konsens“ huet et an deem Sënn elo net ginn, firwat d‘Ofschlosserklärung „dënn“ ausfält.

Näischt wat et ervirzehiewe gëtt

Et ass also eng minimalistesch Ofschlosserklärung, déi et de „Partner“ erméiglecht gutt Minn zu béisem Spill ze maachen. Al Positioune goufe widderholl, neier goufen esou formuléiert, datt ee sech schonn eppes wonnert. Esou zum Beispill, datt d‘NATO de Weltraum zum neiem Asazgebitt erkläert. Wat si do soll oder wéi ee sech esou en „Asaz“ virzestellen huet, dozou gouf et keng weider Erklärungen. China gouf zur Bedreeung erkläert, mee och hei keng Ausso oder soss en Hiwäis, wéi d‘NATO mat dëser militärescher Erausfuerderung ëmgoe wëll.

Dofir ass entscheet ginn, datt ee sech besser op méiglech Krise virbereede wëll, firwat méi Truppen a Material bannent 30 Deeg mussen Asazbereet sinn. An Zuelen: 30 Bataillounen, 30 Krichsschëffer an 300 Kampffliger. De Jens Stoltenberg erkennt un, datt et politesch net déi beschten Zäit vun der NATO ass, déi awer militäresch gutt opgestallt wier, wat och den honnerte Milliarden US-Dollar un zousätzleche Verdeedegungsausgabe geschëlt ass. Militäresch kann d‘Allianz hiren „Optrag“ also erfëllen, politesch muss se nach no Gemeinsamkeete sichen.

Interessant hei: d‘Staats- a Regierungscheffen hu sech schwéier mat der Ausso vum Emmanuel Macron gedoen, deen d‘NATO als Gehirdoud bezeechent hat. Eng fundamental Kritik déi wuel déi meescht iwwerfuerdert an eigentlech nëmmen dem US-President erlaabt huet sech verséinlech ze weisen. Besser wier et sécherlech wann sech d‘Bündnispartner dem Grondsazdebat géife stellen, mee si hunn et virgezunn, de Reflexiounsprozess gescheite Strategen ze iwwerloossen, déi mam NATO-Generalsekretär no Weeër fir méi politesch Eenheet siche sollen.

mat indymedia/lon/bru

Foto: © NATO

Ähnlech Sujeten 70 Joer NATO, Donald Trump, Emmanuel Macron, Jens Stoltenberg, NATO, NATO-Sommet, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel