Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéinst engem Streik stellt d‘DB Landeswäit den Zuchverkéier an
International Neiegkeeten

Wéinst engem Streik stellt d‘DB Landeswäit den Zuchverkéier an

Nach bis 9 Auer de Mueren, fiert a ganz Däitschland

Brexit: Groussbritannien steet viru sengem politeschen Armageddon
International Neiegkeeten

Brexit: Groussbritannien steet viru sengem politeschen Armageddon

Elo hätt et en Accord, an der britescher Premierministesch, Theresa

What the Fakt – De Papp vum Saxophon gouf virun 204 Joer gebuer
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Papp vum Saxophon gouf virun 204 Joer gebuer

De Saxophon – een Instrument wat beim Jazz net ewech

NATO warnt viru „gieler Gefor“

Laut dem NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg muss ee sech op méiglech Bedreeunge säitens China virbereeden

NATO warnt viru „gieler Gefor“

Datt den „Opstig“ vu China zu engem fundamentale Wandel vun de Muechtverhältnisser wäert féieren, huet vill mat der neier US-Aussepolitik ze dinn, mee dat konnt de Jens Stoltenberg esou natierlech net soen. Säi Job ass et d‘NATO-Partner zesummenzehalen an esou fuerdert hien dëst Bündnis op, sech op d‘Bedreeung vu China militäresch virzebereeden. Et soll opgerëscht ginn.

Fir den NATO-Generalsekretär ass et offensichtlech, datt Peking massiv an den Ausbau vu sengem nuklearen Arsenal wéi och a Laangstreckerakéiten investéiert. Waffen déi all Europa erreeche kënnen. Datt och d‘USA un neien Atomwaffen, Laangstreckerakéiten dokteren, an sech esouguer eng Weltraumarméi vergënne wëllen, wat d‘Chinesen och als Bedreeung musse gesinn, sot hien net.

NATOSeng Formuléierung: „Kloer ass: China réckelt ëmmer méi no un déi europäesch Grenzen“ stëmmt wirtschaftlech (Nei Seidestrooss). Peking ënnerstëtzt massiv d‘Investitiounen an déi europäesch Infratrukturen an ass och am „Cyberraum“ eng fest Gréisst. China ass zudeem och ëmmer méi present an der Arktis, dem Mëttelmier an och an Afrika, wou d‘EU Wirtschaftsinteressen huet.

Si mir wierklech bedreet?

Fakt ass, datt den Ament kee NATO-Member onmëttelbar bedreet ass, wann een emol vum bilateralen Dissens tëscht Peking a Washington ofgesäit. Territorial Uspréch am chinesesche Mier, wou d‘US-Navy ëmmer nees „Feindkontakt“ huet, betruecht de Jens Stoltenberg als eng Gefor fir d‘Beweegungsfräiheet vun der Schëfffaart an internationale Gewässer.

NATOAus dëser Siichtweis versteet sech dann och d‘Fuerderung u China, sech un déi international Accorden zum internationale Schëffsverkéier ze halen. Interessant dann awer hei, datt ee sech bei der NATO op de „verbalen Austausch no US-Liesaart“ begrenzt. Zumindest gesäit de Jens Stoltenberg den Ament keen trëftege Grond Truppe vun der Allianz an der Regioun opzestellen.

Berouegend sinn seng Aussoen allerdéngs net. Hei geet et och massiv Oprëschtung, eng Mesure déi an éischter Linn dem Militärkomplex, an hei och nees an éischter Linn den amerikaneschen, dierft zerguttst kommen. Zudeem ass offensichtlech, datt d‘NATO vu senger Partner erwaart, sech beim Ausbau vu kriteschen Infrastrukturen (bsp. G5-Netz) op d‘Partner aus dem Bündnis ze stäipen.

mat indymedia/bru

Ähnlech Sujeten China, Jens Stoltenberg, NATO, Oprëschtung, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel