Search

You may also like

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus
Neiegkeeten

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus

Nom ergräifende Begriefnis vum 4. Mee ass de Sarg vu

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen
Neiegkeeten

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen

Fraen si déi besser Männer! Esou zumindest presentéiert sech déi

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!
Neiegkeeten

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!

Dëst Fréijoer soll et esou wäit sinn: zwee Belugae gi

Zerstéierung vun der Natur: Ab elo gëtt staark kontrolléiert!

Zerstéierung vun der Natur: Ab elo gëtt staark kontrolléiert!

Nodeems d’Sensibiliséierungscampagne zum richtegen Handelen an Naturschutzgebidder scheinbar bei de Wéinegsten ukomm ass, muss d’Naturverwaltung elo, zesumme mat der Police zu méi haarde Mëttel gräifen. Wéinst der steigender Mëssuechtung vun de Verhalensreegelen an der Natur wäerte staark Kontrolle stattfannen, déi och um Owend an an der Nuecht duerchgefouert ginn.

An de leschte Wochen huet d’Naturverwaltung bemierkt, datt et zu ëmmer méi Verstéiss géint d’Naturschutzgesetz an déi betreffend Veruerdnunge gëtt. Heizou gehéieren onugemellte Partyen, illegal Entsuergung vun Dreck (och am groussen Ëmfang), onerlaabt Grillen an Iwwernuechtungen am Fräien, sou wéi d’Zerstéierung vu Biotopen a Liewensraim.

Eréischt viru kuerzem ass an de sozialen Netzwierker eng Sensbiliséierungcampagne gestart ginn, fir op d’Hannergrënn vun de Verbueter an Aschränkungen opmierksam ze maachen. D’Méi huet sech leider net ausbezuelt, wouduerch een elo méi staark duerchgräife muss. Zesumme mat der Police huet een d’Decisioun getraff, elo op repressiv Mëttel zeréckzegräifen.

Natur

Opmaacherbild: © Jan Herr/ANF

Related topics ANF, Grillen, Kontrollen, Naturschutz, Naturschutzgebidder, Naturverwaltung, Party, Police Grand-Ducale, Zerstéierung
Next post Previous post