Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an
laws dating age

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an

Wéi ee mat senger Vergaangenheet ëmgeet, seet vill iwwert een

https://moien.lu/dating-a-russian-american/
laws dating age

https://moien.lu/nicole-big-brother-dating/

Eigentlech soll den däitsche Porsche Carrera Cup fir eise Lëtzebuerger

money
Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump
laws dating age

Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump

D‘Handels- a Wirtschaftsminister gesinn sech haut zu Bréissel, fir iwwert

Natura 2000 „Atert-Warkdall“ – fir den Naturschutz a Liewensqualitéit!

Natura 2000 „Atert-Warkdall“ – fir den Naturschutz a Liewensqualitéit!

Am fréie Virmëtteg ass zu Réiden un der Atert d’Aarbecht vun Natura 2000 zum Schutz vun der Natur an zu enger verbesserter Liewensqualitéit an der Regioun présenteiert ginn. Mat dobäi waren ënnert anerem d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, de Gérard Anzia (déi Gréng), verschidde Vertrieder vum Comité Natura 2000, sou wéi Vertrieder vun de Membergemengen. An dësem Kader ass dann och d’Charte vun der Kollaboratioun ënnerschriwwe ginn. Ausgestatt mat Gummistiwwelen an der Reejacket ass d’Presentatioun lass gaangen.

De Grand-Duché huet eng räich Biodiversitéit ze bidden, déi et ze schütze gëllt. Esou hiewen och déi 9 Zonen vun Natura 2000 vum COPIL „Atert-Warkdall“ déi zuelräich Waasserleef, den natierleche Patrimoine, d’Geschicht an d’Kultur ervir, déi am Zesummespill multifunktionell Beräicher fir d’Entwécklung vun Aktivitéiten, wéi beispillsweis an der Landwirtschaft, dem Tourismus oder ähnlechem bidden.

natura 2000

Wou se recht hunn… © Martine de Lagardère/moien.lu

Generell kann een Natura 2000 als ee grousse Reseau vu Naturschutzzonen a verschiddene Gemengen beschreiwen. Scho säit 1992 sollen natierlech Liewensräim an der Natur erhale ginn, sou wéi och d’Iwwerliewen vun diversen Déierenaarten, déi immens wichteg fir ee gudden Ökosystem sinn an deelweis och an Europa vum Ausstierwen bedreet sinn, ze garantéieren. Esou kann d’Organisatioun och stolz zouginn, datt et de gréisste Reseau un Naturschutzzonen op der ganzer Welt ass. Aktuell decke si nämlech eng Fläch vun 27,13% vum Land of, wat ronn 70.717 Hektar sinn. Dorënner sinn 48 Zonen (41.588 ha) „Habitat“ an 18 Zonen (41.893) fir d’Villercher geduecht.

Naturschutz am Atert-Warkdall

De COPIL an dëser Regioun ass aus de Representante vun de Ministèren, de regionale Servicer vun den Administratiounen (Natur a Bësch, Waasser, Landwirtschaft), sou wéi de 17 concernéierte Gemengen zesumme gesat. Heizou gehéieren Biekerech, Biissen, Buerschent, Kolmer-Bierg, Ell, Ettelbréck, Feelen, Groussbus, den Helperknapp, Miersch, Mäerzeg, de Préizerdaul, Réiden, Sëll, Schieren, Useldeng a Viichten. Donieft bedeelegt sech och de SICONA, d’Chambre d’agriculture, de CONVIS, den Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur, natur&ëmwelt, de Mouvement Écologique an den regionalen Office de Tourisme.

© Martine de Lagardère/moien.lu

Déi opgezielte Gemengen setze sech an vir d’Protectioun vun de Waasserleef a Baachen, de Fiichtgebidder, den Auebësch a Biotopen, d’Buchebëscher an d’Quartieren vun de Fliedermäis. Esou konnt un dësem Mëtteg de Gérard Anzia, sou wéi eng weider bedeelegt Persoun vun Natura 2000 an enger Wiss zu Réiden un der Attert schonn een éischte Projet virstellen. An enger Wiss, no bei der Atert, déi iwwregens och ee Fiichtgebitt ass, sinn Weieren ugeluecht ginn, déi duerch hir verschidden Déiften neie Liewensraum fir Waasserdéieren, Molchen, mee och Villercher bidden.

An Zukunft sinn nach weider Weieren geplangt, mee och aner wichteg Mesuren stinn um Programm: verschidde Waasserleef mussen onbedéngt restauréiert ginn, Dëmpelen sollen ugeluecht an/oder restauréiert ginn, eng ekologesch Gestioun vun den Hecken, de Kampf géint invasiv Spezies, d’Sécherung vum Liewensraum vun de Fliedermais, an vill weider ambitionéiert a virbildlech Projeten.

natura2000

Nee et ass keng Statue – trotzdem muss ee mat vill Hingab un d’Thema rugoen © Martine de Lagardère/moien.lu

D’Wanderung geet weider

No engem klengen Ausfluch duerch de Bulli an d’Wisen, bis zu de Weieren, ass de Grupp schliisslech viru gaangen zur nächster Statioun, wou de Réidener Büro vun Natura 2000 presentéiert ginn ass. Virun allem de Gérard Anzia, sou wéi den Dan Petry vum Waasserhaus hu sech als wichteg Uspriechpartner virgestallt. Ganz am Sënn vum Naturschutz ass och dëst Gebai ëmweltbewosst mat villen natierleche Materialien bebaut ginn. Presentéiert goufen déi verschidden Raimlechkeeten, woubäi een ënnert anerem de Versammlung- a Presentatiounssall konnt bewonneren, sou wéi ee Stack driwwer déi verschidde Büroen mam Equipement.

© Martine de Lagardère/moien.lu

Den Ofschloss ass kuerz virun Mëtteg an der Aler Brauerei zu Réiden gemaach ginn. An der gemittlecher Atmosphär vun dësem Restaurant huet d’Ëmweltministesch an de Gérard Anzia nees op d’Wichtegkeet vun Natura 2000 opmierksam gemaach. Natierlech konnt een hei de Camille Gira, deen sech selwer staark fir den Naturschutz agesat huet, net onernimmt loossen. Sécherlech hätt hien sech iwwert d’Ënnerschreiwe vun der Charte immens houfreg gewisen, mee wien weess op hien dann net vläicht vun uewen matgekuckt huet?

Wichteg war et der Ministesch Carole Dieschbourg ze erklären, datt déi verschidde Gemengen sech op den Hibléck an d’Zukunft freeë kennen. Esou wäerten d’Géigenden an der Regioun am neie Liicht erstrahlen, sou datt de Slogan „Zesumme fir méi Liewensqualitéit“ zu 100% zoutrëfft.

natura2000

Mat engem decke Grinsen gëtt d’Charte ënnerschriwwen © Martine de Lagardère/moien.lu

An esou koum et dunn zum wichtegsten Deel vum Programm: noeneen hunn déi verschidden Representanten d’Charte ënnerschriwwen. No dësem feierleche Geste konnten d’Gäscht Lëtzebuerger Qualitéit genéissen. Offréiert goufen nämlech nëmme regional Produiten, déi – wéi sollt et och anescht sinn – natierlech nach ëmmer am beschte schmaachen!

Opmaacherbild: Frësch Loft a Bulli hunn nach kengem geschued © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Camille Gira, Carole Dieschbourg, Ëmweltschutz, Gérard Anzia, natur&ëmwelt, Natura 2000, Naturschutz, Naturschutzgebitt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel