Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irma huet Barbuda voll erwëscht
Kultur Neiegkeeten

Irma huet Barbuda voll erwëscht

Haiser déi sech „opgléist“ hunn, Geschäfter opgerappt, Palmen entwuerzelt: Nodeems

Eng ganz sportlech Leeschtung
Kultur Neiegkeeten

Eng ganz sportlech Leeschtung

Leschte Freideg ass d‘Aktioun „Mam Vëlo op d‘Schaff“ (MVOS) ofgeschloss

D’Doktere warne virun de Gefore vum allsäits beléiften Aluminium
Kultur Neiegkeeten

D’Doktere warne virun de Gefore vum allsäits beléiften Aluminium

Mir all benotzen et, mee déi wéinegst Leit wëssen iwwert

#VakanzDoheem – Spannend Naturaktvitéite bis de 15. September 2020

#VakanzDoheem – Spannend Naturaktvitéite bis de 15. September 2020

Zousätzlech zum Programm am Kader vun „En Dag an der Natur“ bitt natur&ëmwelt zousätzlech Naturaktivitéite fir déi grouss Vakanz un. Esou gi Kleng a Grouss mat enger immenser Diversitéit un Offeren dobaussen ënnerhalen.

natur&ëmwelt ënnerstëtzt d’Kampagne #VakanzDoheem. Elo huet d’Ekipp nei Aktivitéiten zesummegestalt fir ofgesot an/oder verluecht Evenementer z’ersetzen. D’Natur kennenzeléieren, d’Gewibbels dobaussen ze erliewen an esou d’Ëmwelt schätzen ze léieren ass dobäi d’Prioritéit vum Programm.

D’Naturschutzorganisatioun hofft och, datt d’Hannerloosse vun Offall nom Picknick dobaussen oder aneren gesellegen Zesummekënft net zur Gewunnecht ginn. D’Bewosstsinn vum Wäert vun der Natur soll geschäerft, d’Zerstéierung an d’Verknaschtung ënnerlooss ginn.

De komplette Programm, deen ënnert anerem aus Yoga an der Natur, Upcycling-Coursen, der Visitt vun der Schlammwiss oder och engem Vëlostour an der Natur besteet, kënnt Dir HEI eroflueden. Mir wënsche vill Spaass!

Opmaacherbild © Aaron Huber / Unsplash

Ähnlech Sujeten #VakanzDoheem, Beewrap, Bewosstsinn, En Dag an der Natur, Ënnerhalung, Grouss Vakanz, natur&ëmwelt, Naturaktivitéiten, Programm, Schlammwiss, Vakanz doheem, Vëlotour, Yoga
Nächsten Artikel Virrechten Artikel