Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Belsch: De wëssenschaftlechen Ëmgang mam Deconfinement
Neiegkeeten

Belsch: De wëssenschaftlechen Ëmgang mam Deconfinement

No 9 Woche Confinement, kommen och eis belsch Nopere féiere

surprise
D’Visioune fir den ëffentlechen Transport falen nach kleng aus
Neiegkeeten

D’Visioune fir den ëffentlechen Transport falen nach kleng aus

Den 19. Abrëll kéint zu engem wichtegen Datum fir d’Mobilitéit

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!
Neiegkeeten

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!

Der Regierung hire Spacemining-Projet, deen am leschte Joer leider e

natur&ëmwelt feiert Gebuertsdag: Ee Joerhonnert fir eis Natur!

natur&ëmwelt feiert Gebuertsdag: Ee Joerhonnert fir eis Natur!

An dësem Joer dierf natur&ëmwelt ganzer 100 Käerzen um Gebuertsdagskuch ausblosen. A fir hiert Bestoen uerdentlech ze feieren, hofft een, nieft den traditionellen Evenementer an Aktivitéiten, weider Aktiounen zum Gebuertsdag ausriichten ze dierfen, wann d’Situatioun et zouléisst.

Um 28. Abrëll 1920 ass op Initiative vum Escher Schoulmeeschter Jean Morbach zu Esch-Uelzecht d’Vereenegung Société pour la protection des animaux et des sites gegrënnt ginn. Wéi den Numm et scho seet wollt ee sech fir de Schutz vu sämtlechen Déieren, wéi och hire Liewensraum asetzen. Doduerch sinn och wëll Déieren um Lëtzebuerger Terrain an de Virdergrond geréckelt.

Mol kee Joer drop, fir genau ze sinn um 5. Februar 2021, huet ee sech schliisslech ëmbenannt an Ligue Luxembourgeoise pour la protection des oiseaux utiles (LLPO). Ma, och dësen Numm wollt een net eiwech halen, an esou huet een 1983 op een Neits ee Wiessel verlaangt. Dës Kéier ass d’Decisioun op Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga gefall.

Virun 8 Joer koum et duerch eng ausseruerdentlech Generalversammlung zur Fusioun vun der Haus vun der Natur Asbl, der NATURATA Asbl an der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. Dësen Zesummeschloss stellt de leschte Schrëtt zur Neiorganisatioun vun der haiteger Naturschutzorganisatioun natur&ëmwelt duer. Mat ronn 11.000 Memberen , opgedeelt a verschidde Memberverbänn, wéi och 40 Partnerverbänn kann een elo gemeinsam op 100 Joer Geschicht zeréck blécken a sech op zuelräich zukünfteg Aktivitéiten an Evenementer freeën.

natur&ëmwelt

Wat fir de Gebuertsdag geplangt ass, respektiv geplangt war

  • 100 km propper Baachen
    Viru méi wéi 40 Joer huet natur&ëmwelt déi éischt Grouss Botz an d’Liewe geruff. Haut ass et d’Zil dem respektlosen Ëmgang mat der Ëmwelt duerch d’Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet entgéint ze wierken. Offall, deen an der Natur entsuergt ginn ass, soll opgeraf ginn an eng nohalteg Verännerung beim Verhale gëtt ugestrieft.Fir den 100. Gebuertsdag hat ee sech eng nei Erausfuerderung gestalt: Um 28. Mäerz 2020 wollt een laanscht 100 km Waasserleef den Dreck opsammelen.

    natur&ëmwelt
    Duerch déi rasant Verbreedung vum neiaartege Coronavirus COVID-19 an d’Mesure vun der Regierung sinn all gemeinsam Sammelaktiounen ofgesot ginn. Net nëmme fir de Mënsch, mee och fir d’Flora an d’Fauna ass d’Wieder an den Zäitpunkt ideal. Wann Dir Iech fir ee Spadséiergang – natierlech konform de Reegele vum Nationalen Noutstand no – entscheet, da raaft an engems och den Dreck laanscht d’Säiten op. Eng Foto dovunner kënnt Dir uschléissend un s.schaul@naturemwelt.lu schécken an den Hashtag #100kmbotz op de sozialen Netzwierker notzen. Berécksiichtegt d’Sécherheetsmoossname vun der Regierung, haalt Äre Sécherheetsofstand vun 2 Meter zur nächster Persoun, ditt Händschen un a bréngt Iech op kee Fall selwer a Gefor!


  • D’Jubiläumsbuch
    100 Joer natur&ëmwelt bedeit och 100 Joer Asaz fir d’Lëtzebuerger Aartevillfalt. Et ass eng Geschicht vun Erfolleg, engagéierte Mënschen, Zesummewuessen a Weiderdenken. Divers Partner a Projeten hunn d’Aarbecht vun der Asbl gepräägt, oder maachen dëst ëmmer nach. Wéi an engem Ekosystem sinn si all mateneen vernetzt.Ee flexibelen a modularen Opbau vum Buch soll deem Rechnung droen. An engem Natur- an Ëmweltlexikon gi Begrëffer, wéi och Projeten a Campagnen vun natur&ëmwelt behandelt. D’Buch soll Enn des Jores op de Maart kommen.

    natur&ëmwelt


  • Videoprojet – Ee staarke Benevolat am Naturschutz
    Mat 15 kuerze Videoen – engem Mix aus Videoopnamen, Infografiken a Comics – ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff. Dës weideren mécht een op d’Wichtegkeet vum Benevolat opmierksam. An noer Zukunft ginn déi eenzel Videoen op de soziale Medien, wéi och op der Internetsäit vun natur&ëmwelt verëffentlecht.natur&ëmwelt
    De Videoprojet „ Ee staarke Benevolat am Naturschutz“ gëtt kofinanzéiert vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung.


  • Conscious Challenge
    Fir Ufank Abrëll rifft natur&ëmwelt zur sougenannter Conscious Challenge op. Wärend engem Joer ginn d’Follower vun der Asbl an interesséiert Persounen opgeruff, eng Wochenchallenge, wéi och eng eemoleg Erausfuerderung um Weekend ze absolvéieren: 100 Aufgaben zum Thema Naturschutz, Wuechtsamkeet a Schounen vun de Ressourcen sollen zur Nohaltegkeet a konkretem Naturschutz movitéieren.D’Resultater (Fotoen a Videoen) kënnen a Stories oder Posts op de soziale Medien mam Hashtag #ConsciousChallenge an #100joer markéiert ginn.

Evenementer am Kader vum Gebuertsdag

  • Ausstellung vum Fernand Bertemes vum 4. bis 23. Juni 2020
    Bei der Expo ginn d’Wierker vum Kënschtler Fernand Bertemes an der Valentiny Fondatioun zu Rëmerschen gewisen. U verschiddenen Owenter ginn och Konferenzen mat Partnerorganisatiounen organiséiert. Weider Informatioune ginn et ënnert fernbertemes.lu.


  • Virtrag vum Andreas Kieling um 5. Oktober 2020
    Beim Evenement hält den Naturschützer an Déierefilmer Andreas Kieling ee Virtrag am Kinepolis um Kierchbierg. Op der grousser Leinwand kënnen d’Visiteuren beandrockend Biller zur Schéinheet vun der Natur an eiser Déierewelt entdecken a gewuer ginn, wéi wichteg et ass Natur an Ëmwelt ze schützen. Weider Informatioune ginn et ënnert www.andreas-kieling.de.


  • Akademesch Seance um 2. Dezember 2020
    Un dësem Dag gëtt de Gebuertsdag mat enger akademescher Seance am Artikuss zu Zolwer gefeiert. Am Fokus steet déi offiziell Presentatioun vum Jubiläumsbuch, wéi och ee kreative Réckbléck op 100 Joer Naturschutz zu Lëtzebuerg.

Opmaacherfoto: © Chen Mizrach / Unsplash

Ähnlech Sujeten 100 km propper Baachen, 100. Gebuertdag, Coronavirus, Covid-19, Ëmweltschutz, grouss Botz, Jean Morbach, Jubiläumsbuch, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, Ligue Luxembourgeoise pour la protection des oiseaux utiles, natur&ëmwelt, Naturschutz, Société pour la protection des animaux et des sites, wëll Déieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel