Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss
Neiegkeeten

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss

Den Donald Trump mat senge briteschen a franséischen Alliéierten, sinn

D’Méisproochegkeet weist Lëtzebuerg de Wee fir an d’Zukunft
Neiegkeeten

D’Méisproochegkeet weist Lëtzebuerg de Wee fir an d’Zukunft

Haut ass den internationalen Dag vun der Mammesprooch. A seelen

Wéi geet et mat der Verfassungsreform weider?
Neiegkeeten

Wéi geet et mat der Verfassungsreform weider?

Eis Verfassung ass wuel net déi schlechtst, mee och si

natur&ëmwelt: Méi wéi 3.600 Wëssenschaftler fuerderen d’Agrarwend

natur&ëmwelt: Méi wéi 3.600 Wëssenschaftler fuerderen d’Agrarwend

Méi wéi 3.600 WëssenschaftlerInnen aus ganz Europa ënnerstëtzen eng nei Fachpublikatioun, déi d’Pläng zur Gemeinsamer Agrarpolitik (GAP) vun der EU schaarf kritiséiert. D’GAP dierft net länger d’Aartestierwen, de Klimawandel an d’Degeneratioun vun de Biedem virundreiwen, mee misst hëllefen, dës Problemer ze léisen. An engem Zéng-Punkte-Plang leeën d’WëssenschaftlerInnen konkret Fuerderunge fir Verbesserunge vun der momentan naturonverdréiglecher GAP vir.

D’WëssenschaftlerInnen aus 63 Länner (aus alle 27 EU- a 36 weidere Staaten) kritiséieren ënnert anerem d’Fortféiere vu flächebezunne Direktbezuelungen, Kierzunge bei de Programme fir d’Entwécklung vu ländleche Raim an Defiziter beim Klimaschutz. Si behaapten, datt déi momentan GAP souwuel den zentrale Moteur fir d’Biodiversitéits- a Klimakatastroph duerstellt, mee och déi sozioekonomesch Erausfuerderungen a ländleche Regiounen net léist. Mat Suerg gesinn si, datt d’EU de Memberstaate grouss Flexibilitéit bei der Ëmsetzung vun der EU-Agrarpolitik zougestoe wëll. D’Vergaangenheet huet gewisen, datt vill Staaten déi flexibel Virgabe vun der EU manner ambitionéiert ëmsetzen.

D’Erklärung vun de WëssenschaftlerInnen kënnt zu engem entscheedenden Zäitpunkt, wëll d’Verhandlungen iwwert déi nächst GAP an hir Finanzéierung schonn a parallel zu den Diskussiounen iwwer den EU-Haushalt, dem sougenannte Méijäeregen Finanzkader, no 2020, ugefaangen hunn. Souwéi dëse leeft d’GAP iwwert een Zäitraum vu siwe Joer, also vun 2021-2027.

Agrarwend

© no one cares/Unsplash

Wéi vill Sue wäerten an d’Agrarsubventioun fléissen? Wéi eng Konditioune mussen erfëllt gi fir EU-Gelder ze kréien? Wéi eng Moossname gi prioritär gefuerdert – Finanzéierung per Hektar Land oder awer éischter ëmweltschounend Praktike vun de Baueren? Dat sinn alles Froen, iwwert déi zur Zäit zu Bréissel diskutéiert gëtt. An dat zurecht, wëll an hirer momentaner Form besteet d’Gefor, datt d’GAP souguer den kierzlech presentéierte Green Deal vun der EU ënnergrieft.

Déi zéng recommandéiert Aktiounspunkte vun de Wëssenschaftler (Pe’er et al., 2020) sinn een op de Wëssenschaftler baséiert a realiséiert Rezept fir eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun, den Erhalt vun der biologescher Diversitéit an de Klimaschutz a Richtung vun enger evidenzbaséierter, zukunftssécherer europäescher Landwirtschaft. D’GAP sollt, hirer Meenung no, d’Finanzéierung vun destruktive Praktiken, wéi beispillsweis Produktiounssubventiounen an d’Direktbezuelung, jee no Praktik, direkt oder progressiv astellen an den Iwwergang zu enger naturverdréiglecher Landwirtschaft verstäerkt fërderen.

Zum Beispill huet bis dato virun allem d’Gréisst vum Betrib doriwwer decidéiert, wéi vill Ënnerstëtzung d’Bauere beim Akommes säitens der EU kréie, mam Resultat: 80 % vun de Bezuelunge ginn un 20 % vun de Landwirten. Dat bedeit, datt Bauere mam gréisste Grondbesëtz de gréissten Deel vun de Sue kréien, ganz onofhängeg vun der ëmweltschounender oder awer schiedlecher Bewirtschaftung vun de landwirtschaftleche Betriber. Fazit: D’Kritäre fir den Erhalt vu GAP-Bezuelunge sinn also onausräichend a voller Froen. D’Gelder ginn ongerecht verdeelt a finanzéiere souguer Praktiken, déi de wäit verbreete Verloscht u biologescher Diversitéit, Klimawandel, sou wéi Buedem- a Landdegradatioun begënschtegen.

Agrarwend

© Volodymyr Hryshchenko/Unsplash

Och fuerderen d’WëssenschaftlerInnen beispillsweis, datt all Haff op mannst 10 % vu senger landwirtschaftlecher Fläch – zum Beispill als Brooch, Bléisträifen oder Randgehëlz – aus der Produktioun hëlt a fir den Erhalt vun der Aartevillfalt fräigëtt (eng Moossnam, déi iwwregens och vum Europäesche Parlament gefuerdert gëtt). Eng Moossnam, déi natur&ëmwelt ausdrécklech begréisst.

Genau esou wéi d’WëssenschaftlerInnen fuerdert natur&ëmwelt doriwwer hinaus eng besser Finanzéierung vun Ëmwelt- an Naturschutzmoossnamen an der EU-Agrarpolitik. Fir dës Moossname richteg ze honoréieren, sinn ëm 15 Milliarden Euro pro Joer noutwenneg. Dat entsprécht ongeféiert engem Véierel vum EU-Agrarhaushalt. Déi gefuerdert Ëmschichtung vun den Agrarsubventioune muss mat engem grondsätzlechen Ëmbau vun der aktueller Agrarfërderung anhir goen an eng geziilt, attraktiv Bezuelung fir déi ëffentlech Leeschtunge vu Landwirte bréngen.

Matgedeelt vun natur&ëmwelt – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Opmaacherbild: © Agence Producteurs Locaux Damien Kühn/Unsplash

Ähnlech Sujeten Agrarfërderung, Agrarwend, Biodiversitéit, Bréissel, Degeneratioun, Ënnerstëtzung, Finanzéierung, GAP, Kritik, Landwirtschaft, natur&ëmwelt, Naturschutz, Pe'er et al. 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel