Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wladiwostok: De Sommet vun den Aussesäiter
Neiegkeeten

Wladiwostok: De Sommet vun den Aussesäiter

Si ass de Russen hir wichtegst Hafestad um Pazifik an

„Kinnekswiss loves…“ mam Bryn Terfel, Gustavo Gimeno an dem OPL
Neiegkeeten

„Kinnekswiss loves…“ mam Bryn Terfel, Gustavo Gimeno an dem OPL

Stars vun der klassescher Musek mat summerlescher Festivalatmosphär – och

Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun
Neiegkeeten

Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun

Wéi Greenpeace-Letzebuerg um Donneschdeg matdeelt, huet d’Lëtzebuerger Parlament um 1.

natur&ëmwelt – Analys vum Koalitiounsofkommes

natur&ëmwelt – Analys vum Koalitiounsofkommes

Déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi gréng hunn den 3. Dezember hire Programm fir déi kommend Legislaturperiod der Ëffentlechkeet firgestallt. Am Fréijoer hat natur&ëmwelt Asbl. Hir Fuerderungen zum Thema Natur- an Ëmweltschutz presentéiert an analyséiert elo, wéi wäit hir Punkter am Regierungsofkommen berécksciihtegt gi sinn.

Am grousse Ganzen zitt d’Asbl ee positive Bilan, wëll den Natur-, Ëmwelt a Klimaschutz eng Plaz am Koalitiounsvertrag kritt hunn. Wann och net all Punkte vun natur&ëmwelt op ze fanne sinn – vun 62 Fuerderungen ass d’Halschent zeréck behale ginn – sinn trotzdeem wichteg Moossnamen zur Protektioun vun eiser Liewensgrondlag fest geluecht ginn.

Besonnesch an der Agrarpolitik erhoffen si sech eng ambitionéiert Projezéierung vun 20 % Biolandbau bis 2025. D’Verbuet vu Glyphosat ab dem 31. Dezember 2020 weist ee politesche Wëllen. An awer sollt ee weiderhi virsiichteg bleiwen, wëll gëfteg Alternative sti schonns an de Startlächer.

Och d’Landesplanung schéngt op Nohaltegkeet a méi héich Récksiicht op den Naturschutz ausgeriicht ze sinn, ofgesi vun de Pläng zur Realiséierung vun diverse Contournementer. Schlussendlech schéngt och bei der Energieversuergung eng Verännerung um Umarsch ze sinn. Elo gëllt et fir déi al nei Regierung, hir Verspriechungen aktiv ëm ze setzen.

Landesplanung

Hei huet natur&ëmwelt souwuel positiv, wéi och negativ Punkten ze mellen. Op der enger Säit soll den Zeenario 3 vum „Développement organisé et harmonieux du territoire“ weider als Leetfuedem genotzt an déi sektoriell Pläng ënnert Berécksiichtegung vun Umierkunge vun de Gemengen ëmgesat ginn. Och an d’Mobilitéit gëtt weiderhinn investéiert an op den Ausbau vum ëffentlechen Transport gesat. Trotzdeem bedaueren si, datt de Contournement an héich sensibel Naturschutzzone gebaut solle ginn.

Déi véier sektoriell Pläng („logement“, „paysages“, „transport“ an „activités économiques“), sou wéi och een neie „Plan directeur d’aménagement du territoire“ (PDAT) ginn am Aklang mam Zeenario mat den 3 Agglomeratiounspoolen Lëtzebuerg, Süden an Nordstad ëmgesat (S. 164). Dobäi hoffen si, datt d’Bedingunge méiglechst schnell a Kraaft trieden, fir esou eng Zerschneidung vun der Landschaft ze vermeiden.

Positiv ass hei, datt d’Regierung fräiwëlleg Gemengefusiounen (S. 37) ënnerstëtze wëll, déi esou eng regional Planung däitlech vereinfachen. Och d’Problemer am Industrieberäich, sou wéi mam Bauschutt gi mam neie Buedemschutzgesetz viraussiichtlech an Ugrëff geholl (S. 182). Och Gréngfläche solle mat finanzielle Mëttele gefërdert ginn (S. 164). Zum Schluss gëtt de vum CSDD entwéckelte „PIB du bien-être“ (S. 127) als komplementäärt Instrument zum PIB zur Evaluéierung vun der Politik zeréck behalen.

Bei der Mobilitéit si massiv Investitioune geplangt, fir esou de Strategie Modu 2.0 weider auszebauen (S. 38). Trotz dem generelle bemierkenswäerte Fokus op den ëffentlechen Transport huet natur&ëmwelt misse fest stellen, datt d’Ëmsetzung vun den diversen Émgéiungsstroossen queesch duerch d’Land ganz uewe bei de Prioritéite steet (S. 159). Doduerch huet de Contournement Housen (2 → 1), Hengescht (3 → 2) an Dippech (3 → 2) u Wichtegkeet zou geluecht. Dës Entscheedung kann d’Asbl net novollzéien, wëll hei virun allem Naturschutzgebidder a Matleedenschaft gezu ginn. Zemools de geplangte Projet zu Käerjeng, Dippech, Alzeng a Kielen duerchschneiden 2000 Naturzonen, wouduerch déi lescht Bestänn u seelen Aarte bedréit sinn.

Lueweswäert ass awer d’Ausweidung an déi besser Koordinéierung vum Schinnen-, Tram- a Busnetz an d’Berécksiichtegung vu speziellen Ufuerderungen un den ëffentlechen Transport am ländleche Raum (S. 41) an der Groussregioun (S. 42).

Fazit: All 11 Punkten zum Thema Landesplanung gi vum Regierungsprogramm op gegraff. Dovun sinn der 10 zu hirer Zefriddenheet an 1 am Géigesaz zu hire Fuerderungen.

Landwirtschaft

Och wann den Ëmwelt- a Landwirtschaftsministère net méi no zesumme geréckelt sinn stinn awer al d’Zeechen op Nohaltegkeet, natierlech ganz zur Freed vun natur&ëmwelt. D’Biolandwirtschaft gëtt elo endlech eescht geholl an de Gebrauch vu Glyphosat ass ab 2021 ganz verbueden.

D’Regierung huet sech als Ziel gesat bis 2025 op mannst 20 % Agrarflächen dem biologesche Landbau ze widmen a laangfristeg op 100 % Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg hin ze zielen. Aus dësem Grond gëtt zesumme mat allen Acteuren een neien Aktiounsplang ausgeschafft, fir och déi noutwenneg finanziell Ureizer zur Ëmstellung ze schafen an d’Vermaartung virun ze dreiwen (S. 199-200). Donieft sollen alternativ Initiativen, déi méi ëmweltschounend schaffen, sou wéi och Quereinsteiger aktiv gefërdert ginn (S. 195).

De Verbuet vu Glyphosat ab dem 31. Dezember 2020 (S. 180) ass een immens positive Punkt. Elo gëllt et awer och fir aner geféierlech Substanzen ee schnellst méigleche Phase-Out ze plangen an ëm ze setzen. A Schutzgebidder gëtt an Zukunft verstäerkt op een ageschränkte Gebrauch vu Planzeschutzmëttel opgepasst (S. 181).

Den Ubau vu Leguminosen als Ersatz zum Import vun eventuell genmanipuléiertem Soja aus Iwwerséi gëtt och ageplangt (S. 201). Dës Initiativ ass duerchaus positiv ze wäerten, wëll et och de Schutz vun der Buedem- a Waasserqualitéit däitlech steigert.

Och wann d’Landwirtschaft een eegestännege Ministère bleift kann een awer eng ëmweltfrëndlech Handschrëft an der geplangter Agrarpolitik verzeechnen. Dozou dréit och d’Erweiderung vun der Berodung, sou wéi eng Finanziell Ureizschaafung, déi dann eng nohalteg Bewiertschaftungsform privilegéiert, bäi.

Fazit: Alleguerten d’Punkten si vun der Regierung berécksiichtegt ginn. Beim Naturschutz an der Landwirtschaft gi vun insgesamt 7 Punkten 5 Stéck opgegraff. 4 dovun zu hirer Zefriddenheet, 1 mat Loft no uewen.

Naturschutz a Landschaftserhalung

Wa mir eis Liewensgrondlag op Dauer protegéiere an dem Aartestierwen entgéint wierke wëlle, muss den Naturschutz zur ieweschter Prioritéit ginn. Do feelt et dem Koalitiounsofkommes awer wuel un Determinatioun. Sou gëtt néierens d’Ënnerschutzstellung vu wichtege Biotopen opgegraff, dem Natura 2000 Schutzgebitt gëtt just ee klenge Saz gewidmet. Och zu de Rechtsgrondlage fir Ëmweltdelikter hätte méi ambitionéiert Bedingunge geschaf kenne ginn

Laut natur&ëmwelt feelt et am Regierungsprogramm un der Ëmsetzung vun de virgesinne Kompensatiounsmoossnamen. Dofir hoffen si, datt am Kader vum neien Naturschutzgesetz, sou wäit et méiglech ass, naturschutzfachlesch sënnvoll Kompensatiounen zur Reegel ginn.

Och zum Thema oppent Land an den Erhalt vum Landwirtschaftsmosaik gräift d’Koalitioun guer net op. Dobäi ass et enorm wichteg, d’Biotopen ënner Schutz ze stellen an esou d’Aartestierwen ze stoppen.

Bei der Bëschwirtschaft begréissen si d’Pläng vum neie Bëschgesetz, wat een nohaltegt Management vun eise Bëscher virgesäit (S. 183). Doriwwer hinaus sollen d’Besëtzer vu Privatbëscher bei der Ausaarbechtung vun engem „plan de gestion durable“ mat abezu ginn, wat dorobber hoffe léisst, datt d’Biodiversitéit och hei méi een héije Stellewäert kritt.

Beim Thema Natura 2000 Gebidder gëtt et awer Verbesserungsbedarf: just déi sougenannte „comités de pilotage“, déi d’Ëmsetzung vu Managementpläng beschleunege sollen, gi ganz kuerz opgegraff (S. 179). Dobäi gouf awer wuel dat Wichtegst vergiess! Een ëmfangräiche Monitoring ass essentiell, fir d’Auswierkunge vun de Moossnamen ze kontrolléieren an eng Verschlechterung vun de Bestänn ze vermeiden.

Et ass ze befierchten, datt och an Zukunft Delikter am Ëmweltberäich net bestrooft ginn, wëll Kontroll- an Iwwerpréiwungsmechanismen net bäibehale goufen. Op legalem Niveau wäert een an Zukunft just op Sammelkloen zeréck gräife kënnen (S. 20).

littering

Vläicht esou wei a Kanada?
© Shari Pleimelding/moien.lu

Fazit: Vu 16 Fuerderungen zur Verbesserung vum Naturschutz si just 3 Stéck am Koalitiounsofkommes behandelt ginn.

Ressourceschutz

De Waasser- a Buedemschutz gëtt am neie Regierungsprogramm op de Säiten 181-183 thematiséiert. Dobäi gëtt besonnesch Wäert op d’Protectioun vum Drénkwaasser an den Ofwaassermanagement geluecht, wat natur&ëmwelt natierlech begréisst. Et sollt een awer net vergiessen, datt natierlech Gewässer an engem schlechten Zoustand sinn an eng Opwäertung vun der Qualitéit onbedéngt noutwenneg ass.

Besonnesch erfreelech ass dann och, datt een neit Fëschergesetz gestëmmt gi soll, fir dat veraalt Gesetz vun 1976 of ze léisen. Och d’Fuerderung vu Flosspartnerschafte gesäit natur&ëmwelt positiv, wëll dës Ëmsetzung wichteg Gewässerschutzmoossname beschleunege kann.

Zur Verbesserung vum Ofwaassermanagement ass den Ausbau an d’Moderniséierung vu Kläranlage geplangt. Hisiichtlech vum demographesche Wuesstem an der klammender Problematik vu Mikroschuedstoffer gëllt et dëse Punkt besonnesch schnell ëm ze setzen. Schliisslech well déi nei Regierung jo Renaturéierungen ënnerstëtze, fir esou d’Waasserqualitéit ze steigeren an Héichwaasser vir zebeugen.

Konkret Moossnamen zur Opwäertung vum Waasser feelen awer. D’Entwécklung vun Industrie- a Wunngebidder kréie keng Aschränkungen a Saache Waasserschutz, an och beim Ofwaassermanagement hätte méi éiergäizeg Projeten integréiert kënne ginn (z.B. Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung zu Mikroschuedstoffer, ee qualifizéierten Trennsystem,…)

Immens enttäuscht ass natur&ëmwelt iwwert déi verfeelten Entscheedung de private Gebrauch vu Planzeschutzmëttel ze ënnersoen. Et geet net duer, an der Landwirtschaft entspriechend Moossnamen anzeleeden, mee et muss op ganzer Linn op Pestizide verzicht ginn.

Beim Buedem als Ressource sinn si duerchaus zefridden, wëll dat neit Buedemschutzgesetz gestëmmt ginn an dodran de Prinzip vum pollueur.payeur berécksiichtegt gëtt.

Fazit: Vu 15 Fuerderungen zum Thema Waasserschutz gi knapps 5 Punkten iwwerholl. Beim Buedemschutz fënnt een der dann 2 vun 3 am Programm erëm.

Erneierbar Energien a Klimaschutz

Energieeffizient gouf als absolut Prioritéit ernannt, eng Richtlinn, déi natur&ëmwelt total begréisst, wëll d’Aspuere vun Energie ee grousst Potential fir Nohaltegkeet huet. Den Ausbau vun erneierbaren Energie steet ganz uewen am Agenda vun der Regierung, och fir d’Klimazil ze erreechen. Dobäi soll virun allem op Photovoltaik a Wandenergie gesat ginn (S. 189).

Besonnesch beim Ausbau vu Solaranlagen ass am Regierungsprogramm vill Text ze fannen. Lëtzebuerg huet vill gutt Plazen dofir ze bidden, sou beispillsweis Photovoltaikanlagen op den Diecher vun Industriegebaier oder laanscht Autobunnen.

An dësem Kontext ass d’Wandenergie zimlech wéineg ugeschnidde ginn. Dobäi hätt natur&ëmwelt sech gewënscht, hei méi kloer Richtlinnen an ze féieren. Wichtege Wunnraum vu Villercher muss berécksiichtegt ginn an d’Installatioun vu Wandenergieanlagen a Bëschgebidder ass strikt ofzeleenen.

Bei de Pläng zum Biogas kennen si sech net zefridde weisen, wëll hei just gesot gëtt, datt Piff fir Energieplanzen als Substrat fir Biogasanlage preferéiert soll ginn. Den Ubau vu Monokulturen, wéi Mais, fir esou Biogasanlagen ze speise muss ënnerbonne ginn.

Fazit: 4 vu 5 Punkte sinn am Koalitiounsofkommes ze fannen. 2 dovu sinn zur Zefriddenheet vun natur&ëmwelt, 1 léisst ze vill Spillraum fir Spekulatiounen an mat engem sinn si guer net averstanen.

Déi nei Regierung huet sech een éiergäizege Programm zesumme gestallt an den Erhalt vun eiser Liewensgrondlag dobäi net vergiess. Dobäi hu si wichteg Entwécklungen an der Landesplanung, der Landwirtschaft an am Beräich vun den erneierbaren Energië geplangt. Beim Naturschutz kéint een awer nach villes verbesseren. D’Ëmsetzung vu konkrete Moossnamen zum Ressourceschutz an zur Landschaftserhalung schénge gesellschaftspolitesch vläicht niewesächlech, sinn awer fir den dauerhafte Schutz vun eiser Ëmwelt entscheedend.

Schlussendlech erhofft sech natur&ëmwelt Asbl. Bedeitend Verännerunge vun der neier Regierung, déi dem Aartestierwen an dem Klimawandel entgéint wierken. Si mussen eng kohärent Politik féieren, déi een nohaltege Stempel dréit.

Ähnlech Sujeten Analys, déi gréng, DP, Koalitiounsaccord, LSAP, natur&ëmwe
Nächsten Artikel Virrechten Artikel