Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro
Uncategorized

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro

Den Austrëtt aus der EU vu Groussbritannien, deen sech als

dislike
De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien
Uncategorized

De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien

De fréiere President vun der autonomer spuenescher Provënz Katalounien, Carles

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?
Uncategorized

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?

Déi gréng Deputéiert a Conseillère am Beetebuerger Gemengerot, Josée Lorsché,

natur&ëmwelt: Diplomiwwerreechung fir d’Formatioun Nature

natur&ëmwelt: Diplomiwwerreechung fir d’Formatioun Nature

Um 26. Februar huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am Haus vun der Natur an der Kockelscheier 11 gléckleche Participante vun der Formation Nature feierlech hiren Diplom iwwerreecht.

Am klenge Krees konnt all Persoun seng Erfarungen deelen an erziele wéi sech d’Formatioun an der Praxis ëmsetze léist. D’Kandidaten hunn an enger éischter Phas vu Januar bis Juli 2017 theoretescht Wësse kritt a sech uschléissend vu September 2017 bis August 2018 mam Praxisdeel, zu dem och divers Aktivitéiten an Ausflich gehéiert hunn, beschäftegt.

Insgesamt huet all Kandidat 132 Stonne Cours misste leeschten, sou wéi zwou praktesch Aarbechtemisse schreiwen, sou datt d’Kandidaten elo eegestänneg Evenementer, Coursen a Féierunge leede kennen. Dës Formatioun ass an Zesummenaarbecht mat der EDD-Plattform fir Bildung fir Ëmwelt an nohalteg Entwécklung, sou wéi der Chambre de Commerce realiséiert ginn, an dat am Optrag a mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Ëmweltministère.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Diplomiwwerriechung, Formatioun Nature, natur&ëmwelt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel