Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltdag vum Diabetis: Wéi virbeugen, behandelen an domat ëmgoen?
Kultur Neiegkeeten

Weltdag vum Diabetis: Wéi virbeugen, behandelen an domat ëmgoen?

Fir gréisser Komplikatiounen a Risiken ze verhënneren, ass Virsuerg an

De Sig fir d’EcoBox an der internationaler Competitioun!
Kultur Neiegkeeten

De Sig fir d’EcoBox an der internationaler Competitioun!

De Projet „EcoBox – méi laang genéissen“ begeeschtert duerch d’Dëppche,

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”
Kultur Neiegkeeten

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”

Zanter leschtem Sonndeg ass nees Konscht ënner fräiem Himmel am

natur&ëmwelt: Iddien fir d’Zäit an Isolatioun

natur&ëmwelt: Iddien fir d’Zäit an Isolatioun

Esou lues ginn engem dach tatsächlech d’Iddien aus, wat een an Zäite vu Covid-19, dem sougenannten Social Distancing an #bleiftdoheem maache soll. Fir dës Period weiderhin gutt ze erdroen, proposéiert natur&ëmwelt eng Rei Aktivitéiten, déi och Doheem ëmsetzbar sinn. Natierlech steet d’Organisatioun weiderhin bei Froen zum Naturschutz iwwert Email a Facebook un Ärer Säit. Bei Bedarf ruffen d’Mataarbechten vum Homeoffice aus zeréck.

Eppes fir déi ganz Famill

Op der Instagramsäit vun natur&ëmwelt kréien d’Follower säit der leschter Woch all Dag Tipps fir Familljenaktivitéite ronderëm d’Thema Natur. Nieft Bastelinspiratioune fënnt een hei och Elementer vum Bio-Cours.

natur&ëmwelt

© Irina Murza / Unsplash

Molconcours – 100 Villercher fir natur&ëmwelt

Fir den 100. Gebuertsdag organiséiert déi engleschsproocheg Sektioun vun natur&ëmwelt, zesumme mam Biodiversum, ee Molconcours fir Kanner tëscht 6 an 12 Joer. Et gëllt ee Villchen op een DIN A4 Blat ze molen, wéis du e gesäis. All Techniken sinn erlabt.

Op d’Récksäit vum Bild gëtt den Numm, Adress an Alter notéiert. Uschléissend soll d’Bild un de Biodiversum (5 Breicherwee L-5441 Rëmerschen) gescheckt ginn. De Concours leeft nach bis den 1. September 2020. Déi bescht 100 Biller ginn um Birdwatch Day um 3. Oktober 2020 am Biodiversum ausgestallt. Ze gewanne ginn et zudeem interessant Präisser.

natur&ëmwet

© Alexander Dummer / Unsplash

Schoul an Natur

D’Natur an d’Klassenzëmmer ze transportéierten ass dat grousst Zil vun der Campagne Schoul an Natur, déi vum Ministère ënnerstëtzt gëtt. Heibäi handelt et sech ëm eng Bildungsaktioun am Naturschutzberäich an deem all Joer den aktuelle Vull vum Joer virgestallt gëtt.

Heivir gëtt eng speziell Broschür fir Kanner ausgeschafft, déi de Villchen, säin Habitat, d’Uersaache fir de Réckgang, bezéiungsweis d’Wiederbesiddlung presentéiert. Esou solle jonk Mënschen fir d’Biodiversitéit sensibiliséiert ginn a mat Naturschutzmoossnamen zum Erhalt vu verschiddenen Aarten bäidroen. D’Broschür kann ënnert secretariat@naturemwelt.lu bestallt ginn. Eeler Versioune stinn op www.naturemwelt.lu zur Verfügung.

Hausspatz

© Raymond Gloden

ornitho.lu fir all erfuerenen Vullefrënd

Iwwert d’Säit www.ornitho.lu kënnt Dir Är Beobachtungen zum Wäissstorch, Groreiher, Spatz a Co mellen. Eleng 2019 konnte méi wéi 50.000 Beobachtungen a Lëtzebuerg agedroe ginn, 504 Observateuren hu sech op der Säit registréiert.

Wien Kenntnisser a Saache Vullen huet, dee kann sech un der Aktioun #Stay@homeandwatchout bedeelegen, andeems en ee Mol den Dag wärend 30 Minutten am heemesche Gaart, op der Terrass oder vum Balcon aus d’Vullen zielt, bestëmmt a se op der virdru genannter Internetsäit andréit.

Grouss Botz – 100 km Propper Baachen

Viru méi wéi 40 Joer huet natur&ëmwelt déi éischt Grouss Botz an d’Liewe geruff. Haut ass et d’Zil dem respektlosen Ëmgang mat der Ëmwelt duerch d’Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet entgéint ze wierken. Offall, deen an der Natur entsuergt ginn ass, soll opgeraf ginn an eng nohalteg Verännerung beim Verhale gëtt ugestrieft.Fir den 100. Gebuertsdag hat ee sech eng nei Erausfuerderung gestalt: Um 28. Mäerz 2020 wollt een laanscht 100 km Waasserleef den Dreck opsammelen.

Duerch déi rasant Verbreedung vum neiaartege Coronavirus COVID-19 an d’Mesure vun der Regierung sinn all gemeinsam Sammelaktiounen ofgesot ginn. Net nëmme fir de Mënsch, mee och fir d’Flora an d’Fauna ass d’Wieder an den Zäitpunkt ideal. Wann Dir Iech fir ee Spadséiergang – natierlech konform de Reegele vum Nationalen Noutstand no – entscheet, da raaft an engems och den Dreck laanscht d’Säiten op. Eng Foto dovunner kënnt Dir uschléissend un s.schaul@naturemwelt.lu schécken an den Hashtag #100kmbotz op de sozialen Netzwierker notzen. Berécksiichtegt d’Sécherheetsmoossname vun der Regierung, haalt Äre Sécherheetsofstand vun 2 Meter zur nächster Persoun, ditt Händschen un a bréngt Iech op kee Fall selwer a Gefor!

natur&ëmwelt

Infomaterial a Berodung

D’Wieder an den Zäitpunkt lackelen esou muncher een an den eegene Gaart fir ze schaffen. Mat konkreten Iddien an Ureegungen bitt d’Naturschutzberodung een ideaalt Mëttel, fir Diversitéit an Äre Gaart ze bréngen. All néideg Informatioune kritt Dir op www.naturemwelt.lu.

Beobachtunge vun Déieren a Planzen an Ärem Gaart kënnt Dir unhand vun der App iNaturalist bestëmmen a mat anere Mënschen deelen. Sollten awer nach Froe sinn, steet d’Ekipp vun Experten Iech zur Verfügung.

natur&ëmwet

© Neslihan Gunaydin / Unsplash

Videoprojet – Ee staarke Benevolat am Naturschutz

Mat 15 kuerze Videoen – engem Mix aus Videoopnamen, Infografiken a Comics – ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff. Dës weideren mécht een op d’Wichtegkeet vum Benevolat opmierksam. An noer Zukunft ginn déi eenzel Videoen op de soziale Medien, wéi och op der Internetsäit vun natur&ëmwelt verëffentlecht. Den éischte Video ass iwwregens um 22. Mäerz verëffentlecht ginn. Dir fannt en hei:

En Dag an der Natur

Vum 1. Abrëll bis den 31. August organiséiert natur&ëmwelt zesumme mat senge Partner déi 23. Editioun vun En Dag an der Natur. Zil vun der Aktioun ass et, dem Mënsch d’Méiglechkeet ze ginn déi heemesch Landschaft, d’Déieren- a Planzewelt op eng spannend a Lieweg Aart kennen ze léieren. Esou kënnt een der Natur ee Stéck méi no an entdeckt esou munches iwwert een schützenswäert a wäertvollt Element.

D’Editioun vun 2020 besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisatiounen zesummegedroe gi sinn. Weider Informatiounen heizou kommen an nächster Zäit no. An jo, verschidden Aktioune falen duerch d’Pandemie aus, freeën kann ee sech trotzdeem op d’Aktivitéiten no der Kris.

natur&ëmwet

© Jake Melara / Unsplash

Conscious Challenge

Fir Ufank Abrëll rifft natur&ëmwelt zur sougenannter Conscious Challenge op. Wärend engem Joer ginn d’Follower vun der Asbl an interesséiert Persounen opgeruff, eng Wochenchallenge, wéi och eng eemoleg Erausfuerderung um Weekend ze absolvéieren: 100 Aufgaben zum Thema Naturschutz, Wuechtsamkeet a Schounen vun de Ressourcen sollen zur Nohaltegkeet a konkretem Naturschutz motivéieren. D’Resultater (Fotoen a Videoen) kënnen a Stories oder Posts op de soziale Medien mam Hashtag #ConsciousChallenge an #100joer markéiert ginn.

Opmaacherfoto: © Dmitry Ratushny / Unsplash

Ähnlech Sujeten #bleiftdoheem, 100 km propper Baachen, 100. Gebuertsdag, Aktivitéiten, Conscious Challenge, Coronavirus, Covid-19, Ee staarke Benevolat am Naturschutz, Ëmwelt, En Dag an der Natur, Isolatioun, Molconcours, Natur, natur&ëmwelt, ornitho.lu, sozial Distanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel