Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zwee Doudeger an zwee Blesséierter bei Explosioun um Waldhaff!
Meenung Neiegkeeten

Zwee Doudeger an zwee Blesséierter bei Explosioun um Waldhaff!

Um haitege Virmëtteg soll et am Munitiounslager vun der Lëtzebuerger

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!
Meenung Neiegkeeten

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!

Eng Woch no der Reprise am Fondamental schéckt de MENJE

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen
Meenung Neiegkeeten

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen

Nodeems Washington géint zwee tierkesch Minister Sanktiounen imposéiert huet –

Neien Lëtzebuerger Aktiounsplang: Jughurt amplaz Waasser!

Neien Lëtzebuerger Aktiounsplang: Jughurt amplaz Waasser!

De Bau vun enger vun der griichescher Molkerei-Grupp FAGE zu Beetebuerg geplangte Jughurtsfabrick geet an déi nächst Phas. De Projet gëtt scho säit laangem kontrovers diskutéiert. Elo konnt den entspriechenden Dossier bis den 10. August agesi ginn. E puer grondleeënd Umierkungen heizou vun natur&ëmwelt:

Ganz onglécklech ass, datt déi ëffentlech Consultatioun vun engem esou wichtegen Dossier an d’Summerpaus fält. Wisou elo, wärend vill Vertrieder aus de Gremien, Institutiounen, sou wéi Netregierungs- an Ëmweltschutzorganisatiounen net reagéiere kënnen, well si vläicht grad an der Vakanz sinn?

Soll de Projet méiglechst schnell an ouni Kommentar iwwert d’Bühn goen? Oder geet ee wierklech dovunner aus, datt Themen wéi Drénkwaasser an d’Qualitéit vum Uewerflächewaasser d’Gesellschaft net interesséieren?

Hätt et dem Projet esou vill geschuet, déi ëffentlech Consultatioun bis Mëtt September ze erméiglechen? Wéi eng Suergen quälen d’Initiatoren? Gëtt breede Protest befiercht? Vläicht jo, well et geet ëm eng riseg Jughurtsfabrick, déi grouss Quantitéiten un Drénkwaasser benéidegt, an nach méi Ofwaasser an d’Uelzecht leede wäert.

Säit Joren ermaant d’Waasserwirtschaftsverwaltung déi Lëtzebuerger Bevëlkerung zu Recht reegelméisseg, spuersam mat der Ressource Drénkwaasser ëmzegoen. Esou gëtt beispillsweis Privatmenagen recommandéiert, an nei, waasserspuerend Armaturen ze investéieren.

Wisou solle Privatleit hiert Geld ausginn, wann op där anerer Säit de Bau vun enger Jughurtsfabrick accordéiert gëtt, bei deem sengem Produktiounsbetrib een Drénkwaasserverbrauch an der Gréisstenuerdnung vun enger klenger Stad vun 18.000 Awunner prognostizéiert gëtt?

Wéi d’Luxemburger Wort bericht, huet „den Drénkwaassersyndikat SES […] zougeséchert, d’Spëtztemenge vu 400 Kubikmeter Waasser pro Stonn ze liwweren.“ Allerdéngs „Muss d’SES Reserven bei der Sebes ufroen, déi eigentlech just fir dringend Fäll bereetgestallt ginn.“

Handelt et sech beim Projet FAGE ëm en dréngende Fall? Ass d’Versuergung vun enger Jughurtsfabrick mat engem Produktiounsmëttel Waasser méi dringend wéi d’Sécherstellung vun der Drénkwaasserversuergung vun der Bevëlkerung? Wann d’Drénkwaasserreserven vum Sebes bei der Jughurtsfabrick zur Verfügung gestallt ginn, wéi eng Reserve bleiwen dann nach?

Jughurt

© Tomoko Uji / Unsplash

Nieft dem Waasserverbrauch fält bei der Produktioun Ofwaasser vun 100.000 EW (Awunnerwäert), also dem Equivalent vun enger 100.000-Awunner-Stad un. Op der Plaz soll dofir eng nei Kläranlag gebaut ginn. Et ass verwonnerlech, datt op dëser Plaz eng Kläranlag mat engem Ausmooss entstoe soll, déi op anerer Plaz scho säit iwwert 20 Joer geplangt an nach ëmmer net gebaut ass.

Kritesch gesi gëtt zudeem, datt keng Ënnersichungen dozou virleien, wéi eng ekologesch Folgen d’Klärwaasseraleedungen an d’Uelzecht hunn. Schliisslech ass d’Uelzecht schonn elo staark belaascht. D’Waasserriichtlinn vun der Europäescher Unioun an dat Europäescht Gesetz ënnerbannen all Degradéierung vun Uewerflächegewässer vun hire Memberstaaten.

Gëtt der Biodiversitéit vu Bakteriekulturen am Jughurt méi Wichtegkeet zougeschriwwen, wéi der Biodiversitéit am a ronderëm d’Waasser vun der Uelzecht? Nom Motto: Virbeugen ass besser wéi heelen, stellt sech d’Fro: Gouf eng Impaktetüd an Optrag ginn, déi geméiss den Instruktioune vun der Waasserriichtlinn déi wichteg Froe ronderëm Flora a Fauna analyséiert?

Den Direkter vun der Waasserwirtschaftsverwaltung, Jean-Paul Lickes, huet ënnert anerem wärend sengem leschten 100komma7-Optrëtt erkläert, datt d’Kapassitéite vum Drénkwaassersyndikat Sebes erweidert goufen. Ginn dës Aarbechte fréi genuch, also virun der Fäerdegstellung vun der Jughurtsfabrick beend, fir der Bevëlkerung am Fall vun enger Dréchent genuch Waasser garantéieren ze kënnen?

Jughurt

© Timothy Brock / Unsplash

Uschléissend ass net geséchert, ob fir d’Bereetstellung vu grousse Waassermassen infrastrukturell investéiert muss ginn. Wäert also de Waasserpräis klammen?

Apropos Käschten: Wéi héich wäerten d’Kompensatiounskäschte sinn, wann d’Fabrick awer een (ze erwaardenden) Impakt op d’Natur sollt hunn, a wie wäert dës droen? Wisou bezuelt de Wirtschaftsministère enger privater Entreprise d’Käschte fir en Ofwaasserkanal? Handelt et sech hei ëm een Eenzelfall oder kann all Entreprise vun dëser Déngschtleeschtung profitéieren?

E leschten Aspekt sief nach erlaabt: An de leschte Méint gouf vill iwwert d’Theme vu regionale Liewensmëttel an der Liewensmëttelsuffizienz diskutéiert. Et ass bekannt, datt Lëtzebuerg säi Bedarf vu Mëllech a Mëllechprodukter decke kann, mee just 3-5 % un eegenem Geméis a just 1 % un Uebst. Wéi ee strategeschen Notzen huet also eng Jughurtsfabrick zu Lëtzebuerg? Wier et net méi sënnvoll gewiescht, geziilt Projeten am Uebst- a Geméisubau ze fërderen?

Kreeslafwirtschaft, Nohaltegkeet, erneierbar Energien, effizient Notzung vun de Ressourcen (z.B. Waasser, Growaasser, asw.), klima- an naturfrëndlesch Landwirtschaft, e méi nohaltegen an effizienten Ernierungssystem – alles just eidel Parollen aus der Politik a Covid-Zäiten? De Projet vun der Molkerei-Grupp FAGE erfëllt op alle Fall keen eenzege vun dëse Kritären.

Waren d’Parollen an de vergaangene Méint just waarm Loft? Léiwer Jughurt amplaz Waasser, Biodiversitéit an Nohaltegkeet?

Hoffentlech net! Op alle Fall mussen all oppe Froe gekläert sinn, IER den éischte Steen zu Beetebuerg geluecht gëtt. An dësem Sënn, let’s make it happen!

Matgedeelt vun natur&ëmwelt

Opmaacherbild © Riley / Unsplash

Ähnlech Sujeten Beetebuerg, Drénkwaasser, Ëffentlech Consultatioun, Eidel Parollen, Fage, Jughurt, Jughurtsfabrick, Liewensmettel, Mëllechprodukter, natierlech Ressourcen, Naturschutz, Ofwaasser, SEBES, Uelzecht, Waasserwirtschaftsamt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel