Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrycrying
150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen
Neiegkeeten

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen

Zesummegefallen Haiser, Panik: Op mannst 138 Mënschen hunn hiert Liewe

angrydislike
Päerdshormoner an der Schwéngszuucht: déi gréng besuergt
Neiegkeeten

Päerdshormoner an der Schwéngszuucht: déi gréng besuergt

D‘Agrarindustrie, déi wéi all Wirtschaftszweig op Profitmaximéierung getrimmt ass, bedéngt

Éisträich: ÖVP an FPÖ stellen de Regierungsprogramm vir
Neiegkeeten

Éisträich: ÖVP an FPÖ stellen de Regierungsprogramm vir

Déi national-konservativ Koalitiounsregierung vun Éisträich en 180 Säiten ëmfaassenden Aarbechtsprogramm

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!

Reegelméisseg bitt natur&ëmwelt Ausstellungen, Evenementer a Workshoppe ronderëm d’Natur an de Mënsch un. Esou och ufanks dëser Woch, wou un dräi Deeg zu 100 % natierlech Seef hiergestallt ginn ass.

Begleed gouf de Cours vum Liliana Horta Coelho vu Lili’s Bubble Dreams. Scho säit Joren experimentéiert si vill mat verschiddenen Inhaltsstoffer. Souwuel déieresch Fetter, wéi och elo planzlech Fetter si scho benotzt ginn an esou ass d’Liliana mëttlerweil ee richtegen Expert a Saache Seef.

De Workshop huet ugefaange mat enger Aleedung a wichtegen Erklärungen, ier een ufänkt mat enger alkalescher Léisung ze schaffen. Fir d’Leederin vum Cours ass et eng Härzensaufgab d’Leit vun der Chimie ewech ze bréngen, déi de Kierper méi zerstéiert wéi propper ze maachen, an ze weisen, wéi einfach et tatsächlech ass eng Seef selwer ze maachen.

Bei der Produktioun vun enger Seef entsti verschidde chemesch Reaktiounen, wou beispillsweis d’alkalesch Léisung, a Verbannung mam Fett, no enger Zäit zu Glyzerin gëtt. D’Mëschverhältnis ass heibäi enorm wichteg, fir esou Schiedegunge vun der Haut ze verhënneren an ze garantéieren, datt de Prozess vum Glyzerin richteg verleeft. Awer keng Angscht, bis datt d’Haut op d’Léisung reagéiert huet een nach Zäit ze handelen an déi betraffe Platz mat Esseg of ze wäschen.

Grondsätzlech besteet eng natierlech Seef mat planzleche Fetter aus der alkalescher Léisung, Kokosfett an Ueleg. Uschléissend ka jiddweree selwer entscheeden, op een ätheresch Ueleger, Blummebléien oder aner Ingrediente mat era mëscht. Jo do héiert Dir richteg, méi ass net an enger zu 100 % natierlecher Seef dran! Esou einfach kann een also och der Chimie aus dem Wee goen, déi net nëmmen de Kierper schiedegt, mee och nach d’Ofwaasser verknascht.

Nodeems alleguerten d’Ingedianten an een Dëppche gefëllt gi sinn, konnt ugefaange ginn, mat Händchen a Schutzbrëll, d’Mass ze mixen, bis eng Mayonnaise-ähnlech Konsistenz entstanen ass. Duerno gëtt déi leefeg Seef an eng Form gefëllt an wärend 4 Wochen dréchne gelooss. Duerch déi chemesch Reaktioun entsteet Hëtzt, déi der Seef hëlleft de Prozess vum Glyzerin virun ze dreiwen an haart ze ginn.

Seefenatelier

Passionéiert vun Ueleger, Planzen an dem Endprodukt Seef gëtt d’Liliana sech all Méi, fir extravagant a genial Kreatiounen ze erschafen. © Lili’s Bubble Dreams

D’Seef u sech war ënnerhalb vu 5 Minutte gemaach an ass duerch 10 % Réckfett ideal fir d’Haut. Säit laanger Zäit muss beim Liliana doheem keen Duschgel, Peeling oder anert Fleegeprodukt méi kaft ginn. Mat der natierlecher Seef konnt si souguer Exzema heelen an déi genau esou empfindlech Haut vun hire Kanner stäerken.

An enger Zäit, wou den Natur- an Ëmweltschutz ëmmer méi essentiell gëtt, muss een un allen Ecker kucke wéi een, beispillsweis duerch wéineg bis guer kee Plastiksoffall, recycléierbar Stoffer an natierlech ëmweltfrëndlech Produiten, ophält eis Natur ze verknaschten. Aus dësem Grond si vill Zero-Waste a Self-Made Coursen no kuerzer Zäit ausgebucht. Esou och zu Beetebuerg am Haus vun der Natur. Ufanks waren zwee Seefenatelieren virgesinn, déi schonn no e puer Deeg komplett waren an esou gouf nach een Zousatztermin bäigesat.

Wien elo interesséiert un ähnleche Workshops ass sollt emol um Site vun natur&ëmwelt laanscht kucken. Gäre kann ee sech och direkt un d’Liliana selwer wennen, an dat iwwert säi Facebook Site, wou hatt seng Seefekreatiounen presentéiert.

Ähnlech Sujeten Beetebuerg, Front National, Haus vun der Natur, Lili's Bubble Dreams, natierlech Seef, Natur an Ëmwelt, natur&ëmwelt, Seefenatelier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel