Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence
Neiegkeeten

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence

Et war kengem opgefall nach net emol eis – wat

déi jonk gréng: D‘Grondrecht op Asyl däerf net ausgesat ginn
Neiegkeeten

déi jonk gréng: D‘Grondrecht op Asyl däerf net ausgesat ginn

Un der griichesch-tierkescher Grenz spillt sech momentan eng ausseruerdentlech Tragödie

USA: Neien Infektiounshéchststand
Neiegkeeten

USA: Neien Infektiounshéchststand

Den US-President hat am Fréijoer gemengt, datt wann d‘Wieder nees

natur&ëmwelt: Schonn een Doheem fonnt?

natur&ëmwelt: Schonn een Doheem fonnt?

D’Sich no de véier Wänn ass och vir eis Villercher net besonnesch einfach. Besonnesch fir all déijéineg, déi hiert Doheem net einfach aus Hallemen an Äscht zu engem Nascht an der Heck baue kënnen erweist sech dëse Prozess als komplizéiert Aufgab.

D’Villercher, déi an enger Hiel bréien -dozou gehéieren d’Blo-, d’Schiel-, d’Weeden-, an d’Dännemees, de Spatz, de Kuesleefer, de Schwaarze Méckefänkert an d’Spréif – sinn op kleng Schutzraim, wéi Bamhielen oder Mauerritzen ugewisen. Och de Gaarden- a Routschwänzchen, sou wéi de Panewippche bewunne gäre Vullenhaisercher, wann dës net komplett ofgedonkelt sinn.

Grad elo bei de méi waarmen Temperature réit natur&ëmwelt beim Haus an am Gaart Vullenhaisercher opzehänken, wëll d’Saison vum Bréie steet virun der Dier. Wien grad selwer säin Eegenheem baue léisst, fir den lount et sech direkt eng an der Mauer integréiert Plaz vir d’Villercher mat anzeplangen.

Ee gutt Vullenhaischen erkennt een dodrun, datt et aus otmungsfäegem Material, wéi Holz oder Holzbeton besteet, genuch Raum bitt a mat enger klenger Ëffnung fir ze d’Haisschen propper ze maachen equipéiert ass. Wien Plaz fir e puer Vullenhaisercher huet, den sollt bedenken, datt verschidde Lachgréissten wichteg sinn, sou datt genuch Aarte vum Wunnraum profitéiere kënnen. Ophänke sollt een se op enger Héicht vun 1,80 bis 2 Meter, direkt um Bam, der Mauer oder fräihänkend, sou datt Katzen a Marderen net dru kommen.

All déijéineg, déi hiert Vullenhaische selwer baue wëllen, fir déi bitt natur&ëmwelt genuch Literatur un, sou wéi d’Broschür „Vogelfreundliches Bauen – Ein Brutplatz für Vögel“ mat Uleedung fir 10 verschidden Haisercher. Dëst Infomaterial geet op d’Besoine vun den eenzelen Aarten an a gëtt Tipps zur Renovatioun. Um Site www.naturemwelt.lu kann een d’Informatiounen eroflueden.

Weidert Material , souwéi Vullenhaisercher a professionell Berodung kritt een am Haus vun der Natur an der Kockelscheier.

Ähnlech Sujeten Bréien, Déier, Mees, natur&ëmwelt, Panewippchen, Vull, Vullenhaischen, Wunnraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel