Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt
International Kultur Neiegkeeten

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt

Um Samschdeg gouf de moderéierte President Hassan Rouhani mat enger däitlecher

dislike
Éischt Verhaftungen an der Affär vun de kontaminéierten Eeër
International Kultur Neiegkeeten

Éischt Verhaftungen an der Affär vun de kontaminéierten Eeër

D‘Enquête zum Bedruch, deen d‘Grondlag zu der Kontaminatioun vu Milliounen

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul
International Kultur Neiegkeeten

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul

No de Studenteprotester zu Bréissel „Youth 4 Climate“ wou um

Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären

Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Shari Pleimelding/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Shari Pleimelding/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu
Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
© Martine de Lagardère/moien.lu

D’Nuecht ass fir eis all nach ëmmer een däischtere Mysterium. Dobäi hunn déi donkel Stonnen esou vill méi ze bidden, wéi de Mound an d’Stären. A genau dorëm geet et bei der neier Ausstellung „Nuit“ am Lëtzebuerger Naturmusée, déi vun haut uns bis de 4. August 2019 lafe wäert.

D’Expo „Nuit“ ass vum Muséum National d’Histoire Naturelle-France konzipéiert an ëmgesat ginn. Elo huet de Gronn déi grouss Éier, een Deel vun dëser riseger Ausstellung hei am Grand-Duché ze presentéieren.

Fir déi eng ass d’Nuecht eng déi grujelegst Zäit am Laf vum Dag a fir déi aner bleift et ee Phenomen, iwwert dat een nach vill erausfanne kann. Wärend de Mënsch schléift ginn et esou vill Liewewiesen, déi an der Nuecht eréischt richteg wakereg ginn an esou d’Natur an d’Ëmwelt an ee ganz neit Liicht réckelen. Doduerch handelt d’Expo op kee Fall iwwert ee beschränkt a langweilegt Thema. Ganz am Géigendeel: am Naturmusée léiert een d’Nuecht mat all senge Facetten a Sënner nei kennen!

Mat Presentatioune vun Déieren, déi an der Nuecht aktiv sinn, diverse Quizzer a Spiller, interessante Fakten an interaktiven Aspekter gëtt engem de Räichtum vun der Donkelheet méi no bruecht. Am poeteschen a mysteriéisen Dekor beweegt ee sech duerch d’Däischtert virun, et wandert een duerch ee fiktive Bësch, sou wéi och duerch ee gemittleche Beräich, den un de mënschleche Schlof ugeluecht ass.

nuit

Vun den Himmelskierper, iwwert Liichtverschmotzung bis zu verstäerkte Sënner

Bei enger Ried vum Alain Faber, Direkter vum Naturmusée, ass déi onheemlech a fir eis friem Welt vun der Nuecht méi déifgrënneg erkläert ginn. Ronn 250 Déiere ginn bei der Ausstellung presentéiert, déi sech an der Donkelheet méi sécher fillen, un d’Däischtert ugepasst sinn an eventuell souguer ee sechste Sënn hunn.

Donieft geet et awer och ëm de Schlof, souwuel beim Mënsch, wéi och bei den Déieren. Et ass déi Zäit wärend de 24 Stonnen, an deenen een de Mound an d’Stären observéiere kann – oder eben och net. Duerch d’Liichtverschmotzung ginn net nëmme mir un der Siicht gehënnert, och d’Villercher kënnen sech net méi wierklech orientéieren. Wéi de Problem reduzéiert kéint ginn, gëtt bei „Nuit“ natierlech och erkläert.

Fir d’Expo hu sech déi Bedeelegt immens vill Méi gemaach, sou datt nieft der Ausstellung nach spannend Atelieren a Konferenze gebuede ginn. Och eng speziell Editioun vum Naturmusée senger Zeitung, dem „Panewippchen“ ass dofir entwéckelt ginn, sou datt och déi Klengst nach doheem interessant Fakten iwwert d’Nuecht kenneléiere kënnen. Dobäi ass den Direkter immens houreg, datt de Paräisser Naturmusée seng Exponaten a Kenntnisser bei dëser Kollaboratioun mam Grand-Duché deelt.

D’Léift zu de Stären

Natierlech war och d’Kulturministesch Sam Tanson bei dësem éischten Abléck an d’Expo mat dobäi. An der Nuecht spadséieren ze goen empfënnt d’Ministesch als immens spannend. Duerch déi gestäerkte Sënner kënne faszinéierend Decouverte gemaach ginn – alles erschéngt engem iergendwéi aneschters. Dobäi huet d’Sam Tanson ënnerstrach, datt d’Natur an d’Nuecht einfach zesumme gehéieren.

Aus dësem Grond huet si d’Kollaboratioun a vollen Téin gelueft a jiddwerengem Merci gesot, den bei der Ausstellung „Nuit“ mat involvéiert ass.

Gutt Nuecht dann!

Wien op der zweeter Etage vum Naturmusée ukënnt, fillt sech, och wann et grad eréischt Mëtteg ass, wéi an enger anerer Welt – d’Welt vun der Nuecht, der Donkelheet, de Stären an den nuetsaktiven Déieren. Dobäi gëtt ee vun de mënschleche Besoinen, iwwert d’Fäegkeete vun de Mammifèren, Päiperlecken a Villercher bis hin zum Mound an aneren Himmelskierper geleet.

Wisou schléift de Mënsch eigentlech a wouraus bestinn déi verschidde Schlofphasen? Wéi eng Albdreem ginn et a wat war eigentlech Äre leschten Dram? Genau dës Froen ginn am éischten Deel beäntwert. A wisou erschéngt eis de Mound heiansdo méi grouss a wéi gesäit eigentlech eng Kaz oder eng Schlaang an der Nuecht? Mat interaktive Beräicher kritt een hei divers Informatioune méi no bruecht. Dobäi sollt een an all Eck vum Musée kucken – schliisslech verstoppe sech verschidden Déiere gären emol an de Mound läit och net um Buedem.

Vum 14. Mäerz bis de 4 August 2019 kann een déi fantastesch Ausstellung „Nuit“ bewonneren. Et ass een Thema, wat souwuel Kleng a Grouss beandrocke wäert – a méi schlau geet een esou sécherlech eraus! D’Ëffnunszäiten a weider Informatioune fannt Dir ënnert www.mnhn.lu

Ähnlech Sujeten Alain Faber, Ausstellung, MNHN, Naturmusée, Nuecht, Nuit, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel