Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Carte Blanche: Zesumme liewen zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Carte Blanche: Zesumme liewen zu Lëtzebuerg

Den Titel vum Sondage ass einfach ‘vivre ensemble‘ – zesumme

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt
Kultur Neiegkeeten

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt

No néng Méint huet den islamesche Staat (IS) Mossul verluer.

„Prime unique“ a reduzéierte Steiertarif
Kultur Neiegkeeten

„Prime unique“ a reduzéierte Steiertarif

„D‘Personal an de Gesondheets- a Fleegeberuffer stinn un der viischter

De Naturmusée vergënnt sengen „geckege Vullen“ eng Verlängerung

De Naturmusée vergënnt sengen „geckege Vullen“ eng Verlängerung

Eigentlech sollt d‘Ausstellung „geckeg Vullen“ de 7. Juni op en Enn goen, mee dësen Datum ass elo gestrach. Déi esou flott wéi duerchaus interessant, well informativ a generatiounsiwwergräifend, Ausstellung leeft nach bis den 23. August. Eng Verlängerung, déi duerch déi erzwongen temporär Schléissung vum Naturmusée (MNHNL) wéinst der Covid19-Pandemie, duerchaus sënnvoll ass.

Den Naturmusée verfüügt iwwert eng impressionnant Kollektioun vu Vullen: vu ronn 1.300 Aarten hu Si eng 3.500 „Ausstellungsstécker“. Wien elo de Kapp rëselt a mengt „iwwert d‘Vulle misst dach alles bekannt sinn“, deem misst ee besonnesch un d‘Häerz leeën, dëser Ausstellung eppes Zäit ze vergënnen, well et dierft nach villes ginn, wann engem bei de Vullen esou net geleefeg ass.

An dëser fantastescher Ausstellung ginn eng helle Wull u Geheimnisser gelëft, d‘Welt vun de Vulle gëtt an all hire Facette beliicht. Dës Expo berout op véier Sailen déi dann och de Parcours am Musée bestëmmen. Do sinn wéi gesot eng Kéier d‘Exponaten an d‘Evolutioun vun eise gefiederte Frënn, dann hir Biologie, mee och hire Rôle an de Mythologien an de Volet Vulleschutz.

NaturmuséeHei geet et also faktesch ëm: vergläichbar Anatomie, Physiologie, Ethologie, an och ëm Ekologie. Kléngt immens wëssenschaftlech an no Schoul, mee Angscht eppes net ze verstoe brauch hei am Naturmusée kee Visiteur ze hunn, egal wéi al oder jonk een ass. Nieft dem Fait datt een bal alle Mataarbechter dierf „Lächer an de Bauch“ froen, gëtt et am Shop vill informatiivt Begleetmaterial.

An dësem Kontext wëlle mir dann och eppes Reklamm fir de Katalog maachen, deen dës wierklech impressionnant Ausstellung zu engem onvergiesslechen Event fir déi ganz Famill maache kann an och wëll. Et ass vu Virdeel, sech dëse virun der Visitte ze besuergen. Profitéiert also vun dëser ganz interessanter Ausstellung, déi iech a besonnesch de Kanner laang wäert an Erënnerung bleiwen.

Den Naturmusée an seng „digital“ Abteilung kënnt dir och op Twitter verfollegen @naturmusee an ënnert @MNHNLdigitise. Bleift informéiert an ënnerstëtzt och dir hir wäertvoll Aarbecht.

Ähnlech Sujeten Geckeg Vullen, MNHNL, Naturmusée, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel