Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Rapport vun der Ombudsfra war och scho besser
Neiegkeeten

De Rapport vun der Ombudsfra war och scho besser

An hirem Rapport geet d‘Ombudsfra Claudia Monti net grad zäertlech

Gräisslech Entdeckung an engem Funerarium zu Detroit
Neiegkeeten

Gräisslech Entdeckung an engem Funerarium zu Detroit

Déi amerikanesch Police huet an engem Funerarium zu Detroit (Michigan),

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!
Neiegkeeten

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!

Déif am Dschungel vum Internet, do fënns du dech an

Den ‘natur musée‘ a seng geckeg Vullen!

Eng Sonnerausstellung ab dem 11. Oktober 2019

Den ‘natur musée‘ a seng geckeg Vullen!

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht huet mat 3.500 Exemplairë vun 1.300 verschiddene Vullen-Aarten eng beandrockend Sammlung Opweises. Op den éischte Bléck schéngen all Villercher, duerch hir attraktiv Faarwen an hire Gesang, opfälleg duerch d’Natur ze fléien. An awer sinn och an der Biologie vum fléienden Déierchen nach divers Geheimnisser ze fannen. Aus dësem Grond huet den ‘natur musée‘ déi nei Ausstellung Geckeg Vullen organiséiert.

Déi faarwefrou Ausstellung féiert de Visiteur duerch déi spektakulär Welt vun de Vullen. Dobäi ass d’Expo a 4 Beräicher opgedeelt: d’Sammlung an Evolutioun, d’Biologie, d’Villercher an der Mythologie, sou wéi d’Bedreeung an de Schutz vun de Vullen.

Souwuel Wëssen, Fakten, Ekologie, Anatomie, Ethologie, Physiologie a Paläontologie treffen openeen. Zur gläicher Zäit gëtt de Visiteur och an d’Welt vun de Mythen a Legenden aus anere Kulture gezunn. Déi suergfälteg gewielten Exemplairë presentéieren dobäi eng vu gréissten a bedeitendste Wirbeldéiersammlungen. An dësem Kader ass extra ee Katalog ugefäerdegt ginn, deen am Museumsshop ka kaaft ginn.

Geckeg Vullen

Do kann een nëmme staunen

Am Joer 1850 ass déi Naturwëssenschaftlech Gesellschaft zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn. Zil war den Opbau vun enger naturgeschichtlecher Sammlung, woubäi déi éischt preparéiert Déieren duerch Done vu Privatleit oder duerch den Ukaf erakomm sinn. Um 27. Abrëll 1854 ass den éischte Musée am Athenée opgemaach ginn. Ze fanne war hei och eng Vitrinn mat der Lëtzebuerger Vullewelt. Am Laf vun der Zäit huet ass d’Sammlung dauernd vergréissert ginn.

Besonnesch wäertvoll Preparater kommen aus der Zäit vun Enn 19. Joerhonnert bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert. Mat dëse Mëttel kënnen d’Visiteure bedreet Aarte gesinn, déi sech soss kaum nach blécke loossen.

Déi Rout Lëschte vun den Déieren a Planze ginn ëmmer méi laang, d’Leit hu keng Geleeënheet méi d’Natur ze genéissen an droen zur Zerstéierung vun de Liewensraim bäi. Domat gëtt et ëmmer méi schwiereg seelen Aarten an der Natur ze observéieren. Ee Grond méi, wisou déi ëmfangräich Sammlung haut nach eng wichteg Dosinnsberechtegung huet.

Oh wat Gecken!

D’Ausstellung Geckeg Vullen ass vum 11. Oktober 2019 bis de 7. Juni 2020 op (Dënschdes: 10:00 bis 20:00 Auer Mëttwochs bis Sonndes: 10:00 bis 18:00 Auer).

Ähnlech Sujeten Geckeg Vullen, Natur, Naturmusée, Sammlung, Villercher
Nächsten Artikel Virrechten Artikel