Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg stellt der Gefor vun engem nuklearen Onfall e Gesetz entgéint
International Kultur https://moien.lu/rf-hook-up/

enniskillen dating sites

Mat engem Gesetzprojet, dee leschte Freideg vun de Ministeren: Carole

https://moien.lu/dating-zoosk-profile/
International Kultur https://moien.lu/rf-hook-up/

D‘LSAP mobiliséiert hir Leit fir de Wahlkampf

Et war enk gëschter Owend an de Rotonden, an dat

Inspiratioun muss een sech erschaffen: D’Schrëftstellerin Sonja Birgmann am Interview
International Kultur https://moien.lu/rf-hook-up/

Inspiratioun muss een sech erschaffen: D’Schrëftstellerin Sonja Birgmann am Interview

Krimie ginn et wéi Sand um Mier. Dowéinst muss een

Naturpark Südeifel: dem Paschtouer säi Gaart am Gaisbachdall

Wien sech gären an der Natur ophält, trëppele geet an dobäi nach flott Aventuren erliewe wëll, deen sollt onbedéngt emol beim Felsenweiher zu Ernzen an der Südeifel laanscht kucken! An engem idylleschen Eck huet hei am 19 Joerhonnert ee Paschtouer een attraktiven Unzéihungspunkt erschaf, deen och nach haut ee gewëssene romantesche Charme besëtzt.

Knapp hannert der däitsch-lëtzebuergescher Grenz, no un der Teufelsschlucht an den Irreler Waasserfäll fënnt een de Felsenweiher. Ofgeschott vum hektesche Liewen, an awer no un der Zivilisatioun kann een tëscht de faszinéierenden duerchlächerte Fielsen an der Rou vum Bësch dem Paschtouer Philipp Meyer säi klengt Meeschterwierk an der Natur entdecken.

Nodeems hien zoufälleg op d’Grouft getraff ass koum him déi bemierkenswäert Iddi, hei ee Weier fir d’Zuucht vu Kaarpen ze erstellen an esou der Aarmut vun der Bevëlkerung entgéint ze wierken. D’Aarbechter aus dem Duerf Ernzen si fir den Ausbau nämlech gutt bezuelt ginn, an dat aus dem Paschtouer senger eegener Täsch. Esou sinn ënnert dem Paschtouer senger Leedung um Enn vun den 30er Joer kleng Bassinen, Terrassen, Trapen a Rondgäng tëscht de Fielsen entstanen, déi och haut nach dem Felsenweier eng pittoresk Atmosphär zougestinn.

Beim Erriichte vum Felsenweier

De Weier sollt am Endeffekt awer net rentabel genuch fir d’Bevëlkerung ginn, wouduerch et sech zur Erhuelungsplaz entwéckelt huet. Déi natierlech Elementer aus der Landschaft sinn nämlech esou harmonesch an d’Gesamtgestaltung mat abezu ginn, datt de kënschtleche Weier a perfekter Kombinatioun zur Natur steet.

Obwuel de Felsenweier nom 2. Weltkrich komplett verfale war huet d’Ernzer Bevëlkerung immens Méi ginn fir alles nees an d’Rei ze setzen, sou datt bis haut an dësem klengen idylleschen Duerf ee beléift Ausfluchszil fir Jonk an Al besteet. Iwwert déi schmuel Steeën kann een d’Grouft ganz am Detail entdecken, déi zuelräich Höhlen bestaunen an, an eng aner, roueg Welt ofdauchen.

Op de ville Bänke gëtt een agelueden, a romantescher Atmosphär einfach emol d’Rou ze genéissen a sech ze entspanen. Natierlech ass och Sëtzgeleeënheeten, déi vun de Fielsen iwwerdaacht sinn, geduecht ginn, sou datt och fir u waarme sonnegen Deeg genuch Méiglechkeeten zur Erhuelung bestinn. Mir recommandéieren dës Plaz op alle Fall fir een Ausfluch um Weekend, woubäi och Persounen, déi net esou gutt zu Fouss sinn, dës Plaz einfach erreeche kënnen. Ee Parking steet direkt op der Plaz zur Verfügung.

Ähnlech Sujeten Ernzen, Felsenweiher, Irrel, Natur, Paschtouer Philipp Meyer, Südeifel, Teufelsschlucht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel