Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Video: Wéi den John Oliver d‘Coronapandemie gesäit
Neiegkeeten

Video: Wéi den John Oliver d‘Coronapandemie gesäit

De John Oliver ass en Englänner dee mat senger „Late

Iwwer 2 Milliarden Euro fir d’Verbesserung vun der europäescher Verkéiersinfrastruktur
Neiegkeeten

Iwwer 2 Milliarden Euro fir d’Verbesserung vun der europäescher Verkéiersinfrastruktur

Mat enger weiderer Finanzsprëtz well d’EU elo d’Verkéiersinfrastruktur um ganze

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung
Neiegkeeten

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung

D‘Carme Forcadell huet en Donneschdeg Bekannt ginn, datt si sech

Naturpark Uewersauer: Erfreelech Neiegkeete vum Stauséi!

Naturpark Uewersauer: Erfreelech Neiegkeete vum Stauséi!

Elo kann de Summer kommen: Mat neie Moossnamen am Transport, sou wéi Offere beim klengen a groussen Honger lackelt de Stauséi dëst Joer un! Eise Stauséi ass dobäi net nëmmen de gréissten Drénkwaasserreservoir vu Lëtzebuerg, mee wärend de Summerméint och ee Schwamm- an Trëppelparadäis , dat iwwert d’Landesgrenzen eraus bekannt ass.

Transport: Entspaant ukommen

Zu dëser Saison huet en Naturpark Uewersauer e puer erfreelech Neiegkeete fir d’Ëffentlechkeet: D’Buslinn 535 (Ettelbréck – Ënsber – Ettelbréck) an 620 (Rammerech – Wolz – Rammerech) fueren säit dem 2. Juni souwuel Sonndes, wéi och ënnert der Woch zu all Stonn, an dat vu moies 7:00 Auer bis owes 20:00 Auer. Dës Nouvelle erliichtert net nëmmen de Wee op de Stauséi, mee och nach d’Etappewanderen ronderëm d’Waasser.

Am Juni, Juli an August ass eng bequem Rees un d’Waasser, ouni nerveg Sich no enger Parkplaz och Sonndes méiglech. Vun zwou Säite kann ee ganz einfach mam Bus 535 a 620 de beléifte Stauséi vu moies fréi bis owes erreechen. An duerch dëse Virdeel kann een elo och seng Wanderungen an Etappen anescht plangen. De „Circuit du Lac de la Haute-Sûre“ kann ee beispillsweis elo esou andeelen: Déi ca. 15 Kilometer laang Etapp vu Kauneref op Bauschelt kann een zu Fouss packen, wärend d’Buslinn 620 all 15 Minutten een nees zeréck op Kauneref bréngt.

Stauséi

Immens flott erweist sech och d’Offer fir mam Solarboot ze fueren, an dëse Spektakel mat enger Wanderung ze kombinéieren. Och dës Aktivitéit kann ee mam Bus 535 erreechen.

Am Kader vum Projet Interref Europe LAST MILE war d’Verkéiersproblematik een Haaptaspekt vum regionalen Aktiounsplang am Naturpark Uewersauer. Fir de motoriséierten Individualverkéier ze reduzéieren, soll den ëffentlechen Transport an déi douce Mobilitéit gestäerkt ginn, an Offere geschaf ginn, déi d’Notzung vun alternative Mobilitéitsformen vereinfachen.

Fir de klengen a groussen Honger

Ab dësem Joer suergen elo och Foodtrucke fir de kulinaresche Genoss vun de Visiteuren. Dat besonnescht dorun: op Einwegverpackunge gëtt verzicht, fir esou den Dreck ronderëm de Séi esou wäit wéi méiglech ze reduzéieren. Den éischte Foodtruck wäert um zweete Juni Weekend um Fuussefeld ze fanne sinn.

Un alle Stränn sinn ausräichend Dreckskëschten opgestallt ginn. Plazeweis sinn souguer Recyclesystemer ze fannen, déi et erméiglechen, verschidden Iwwerbleibsel lass ze ginn.

Stauséi

Denkt drun, ären Dreck ewech ze geheien! © Naturpark Uewersauer

Wie léiwer grillt, dee ka sech ab dëser Saison iwwert déi nei Grillplazen um Fuussefeld zu Ënsber freeën. D’Matbrénge vun Eewee-Griller oder anere Griller ass souwisou net erlaabt a gëtt mat dëser Moossnam zu engem iwwerflëssege Problem. Elle Brandlächer am Gras an dat reegelméissegt Brenne vun Dreckscontaineren duerch waarm Kuelen a Griller, déi einfach ewech gehäit gi sinn, sollen elo der Vergaangenheet ugehéieren.

Stauséi

© Naturpark Uewersauer

Esou kann d’Summersaison elo perfekt equipéiert starten!

Opmaacherfoto: © visitluxembourg

Ähnlech Sujeten Ëffentleche Transport, Foodtruck, Grillplazen, Naturpark Uewersauer, Stauséi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel