Search

You may also like

Enquête: D‘Qualifikatioune vu Muer an der Industrie
Neiegkeeten

Enquête: D‘Qualifikatioune vu Muer an der Industrie

En Dënschdeg huet d‘FEDIL (Federatioun vun den Industriellen zu Lëtzebuerg)

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker
Neiegkeeten

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker

De Joreskongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker zum Thema

De Roboter als „juristesch Persoun“
Neiegkeeten

De Roboter als „juristesch Persoun“

Déi vergaange Woch hat d‘Europadeputéiert Mady Delvaux Stehres (LSAP) zu

Naturparkfest zu Housen

33 Ateliere ronderëm d‘Fauna an d‘Flora

Naturparkfest zu Housen

Wéi all Joer, esou och 2019: de Naturpark Our an den nationale Fonds fir d‘Recherche organiséiere fir Jonk an Al dat grousst Naturparkfest zu Housen. Eng gutt Geleeënheet fir eppes méi iwwert eis Fauna a Flora gewuer ze ginn.

Alles an allem ginn 33 Atelieren ugebueden, datt sécherlech méi fir eng „jonk“ Clientèle, mee et dierf ee sech och als Erwuessene bedeelegen. Lass gëtt et um 11 Auer an dann awer riicht duerch bis 18 Auer. Nieft den Ateliere gëtt et vun allem wat déi Krapperten sech esou erwaarden: esou kann e sech d‘Gesiicht bemole loossen oder am Sprangschlass mat de Frënn de Batti erausloossen.

Flott un dësem Event ass de Fait, dat all d‘Kanner déi un engem oder méi Atelieren deelhuelen, mat engem Diplom fir dat geléiert belount ginn. Et ass also schonn derwäert, de Kapp hei ze benotzen. A wie weess, vläicht gehéiert een um Enn zu de Gewënner vun engem schéine Präis. Eis ass gesot ginn, et kéint en Tour mam „Ballon“ dréinen. Wann dat keng Motivatioun ass, wësse mir et och net.

Wier nach ze ernimmen, datt bei dëser 8. Editioun (jo d‘Zäit vergeet séier) den Espace vergréissert ginn ass. Eng Aktivitéit déi ee sech – wann een et da scho bis op Housen gepackt huet – net dierf entgoe loossen, datt sinn d‘Ardennerpäerd déi vun der Administratioun „Bëscher & Natur“ agesat ginn. Si weise wat een alles mat Päerd am Bësch maache kann an erkläre firwat et gutt ass.

Et kann ee léiere wéi d‘Leit fréier „Dréchemaueren“ opgeriicht hunn, de naturhistoresche Musée ass no dräi Joer „Paus“ och nees mat derbäi an als Highlight dierf de Spektakel vun „Physikanten & Co“ (jeeweils um 14 an um 16 Auer) ervirhiewen. Den Entrée ass iwwregens wei ëmmer gratis.

Foto: © Naturpark Our 2018

Related topics Fonds fir d‘Recherche, Housen, naturhistoresche Musée, Naturpark Our, Naturparkfest, Physikanten a Co
Next post Previous post