Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid
Neiegkeeten

Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid

Wéi Stephen O‘Brien vun der UNO et aschätzt, steet et

What the Fakt – Schnéiballschluechte verbueden!
Neiegkeeten

What the Fakt – Schnéiballschluechte verbueden!

Mir schreiwen den 31. Dezember 1472: d’Enn vun enger wanterlecher

Visitt vum Stauséi: Online-Reservatioun ab e Samschdeg noutwenneg
Neiegkeeten

Visitt vum Stauséi: Online-Reservatioun ab e Samschdeg noutwenneg

Wéi geckeg belageren Mënschemasse bei guddem Wieder de Stauséi. D’Gemenge

natur&ëmwelt: D’Naturschutzaktivitéite vum Januar 2020

Hei ka jiddweree mat upaken!

natur&ëmwelt: D’Naturschutzaktivitéite vum Januar 2020

Zu den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt gehéiert de Schutz vun ekologesch wäertvolle Flächen, wou natierlech och eng aktiv Fleeg benéidegt gëtt. Zil ass den Erhalt, d’Verbesserung an d’Recuperatioun vun der Biodiversitéit.

Wëllt Dir och beim konkreten Naturschutz hëllefen – Hecken a Beem uplanzen, Dréchewise méien, Fiichtgebidder entbuschen, Kappweede schneiden,… an ee gesellegen Dag an engem Naturschutzgebitt verbréngen? Da sidd Dir häerzlech invitéiert Iech bei den Naturschutz-Aarbechtsdeeg unzeschléissen.

Naturschutzaktivitéite

© natur&ëmwelt

De Programm fir de Januar

  • 11. Januar 2020 vun 9:00 bis 15:00 Auer
    Kappweeden fleegen an der Gemeng Bus
    D’Gemeng Bus verfüügt iwwert déi meescht Kappweeden a ganz Lëtzebuerg. Fir d’Beem nohalteg ze fleege ginn si ee Mol pro Joer, zesumme mat der Ëmweltkommissioun, zeréckgeschnidden.
    Treffpunkt: Bei der Schoul zu Bus
    Kontakt: Robi Bour, 23 69 99 18 / robert.bour@education.lu
    Mat der Ëmweltkommissioun Gemeng Bus
  • 11. Januar 2020 vun 9:00 bis 16:00 Auer
    Entbuschungsaarbechten an der „Schlammwiss“
    Ronderëm d’Zugvogelberingerungsstatioun gëtt entbuscht.
    Treffpunkt: Parking Fussballfeld Uewersyren
    Kontakt: Jim Schmitz, 621 293 695 / j.p.schmitz@naturemwelt.lu
    Mat natur&ëmwelt Ieweschte Syrdall & Biologesch Statioun – Naturzenter SIAS
  • 18. Januar 2020 vun 9:00 bis 14:00 Auer
    Gaardenarch
    Baue vun enger Gaardenarch aus Heckeschnëtt als Réckzuchsméiglechkeet fir de Kéisécker, d’Wisel, den Hermelin an aner Déieren. Geschafft gëtt vun 9:00 bis 14:00 Auer mat enger Kaffispaus um 10:30 Auer. No der Aarbecht gëtt zesummen zu Mëtteg giess. Umeldung muss sinn!
    Treffpunkt: Scoutshome, Rue J.F.Kennedy
    Kontakt: Conrad Eugène, 621 779 010 / eugene.conrad@education.lu
    Mat natur&ëmwelt Beetebuerg – Monnerech – Réiserbann
  • 18. Januar 2020 vun 9:30 bis 13:00 Auer
    Méi Luucht fir seele Planze vum Diddelenger „Roudebierg“
    Entbuschen a Méie vun der aarteräicher Dréchewiss.
    Treffpunkt: Roudebierg beim Hondsterrain (Rue des Genêts/Rue des Fleurs)
    Kontakt: Claudine Felten, 29 04 04 304 / 621 388 391 /c.felten@naturemwelt.lu
    Mat natur&ëmwelt Haard
Naturschutzaktivitéite

© natur&ëmwelt

Allgemeng Informatiounen zu de sougenannte „Chantiers Nature“

Bei allen Aktivitéiten ass et eng Obligatioun sech unzemellen. Sollt d’Aktivitéit wiederbedéngt ofgesot ginn, esou gitt Dir per Telefon kontaktéiert. De fräiwëllege Participante gëtt een Iesse vun der Organisatioun offréiert. Wichteg ass et, Stiwwelen a Schaffhändsche matzebréngen.

De ganze Programm kann een iwwregens ënnert www.naturemwelt.lu noliesen.

Opmaacherfoto: © natur&ëmwelt

Ähnlech Sujeten Diddelenger Roudebierg, Entbuschung, Gaardenarch, Gemeng Bus, Januar 2020, natur&ëmwelt, Naturschutzaktivitéite, Programm, Schlammwiss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel