Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg
t2 light tank matchmaking

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg

De Fall Weinstein weist, datt Sexismus präsenter ass, wéi et

https://moien.lu/dating-equipment/
craigslist hookup reviews
t2 light tank matchmaking

fundamental baptist online dating

Op een elo kéint behaapten et wier dee klengste Festival,

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv
t2 light tank matchmaking

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv

D’Noriichte bleiwe weider gutt, wat d’Aarbechtslosegkeet am Land ugeet. Op

Mat engem neien Naturschutzgesetz wëll een och dem Mënsch hëllefen

Waasser, Loft a Bueden: si all musse geschützt ginn

Mat engem neien Naturschutzgesetz wëll een och dem Mënsch hëllefen

Den Naturschutz wier och zugläich Mënscheschutz. Dëst ginn den Henri Kox (déi gréng) an den Gérard Anzia (déi gréng) net midd ze betounen. Si haten invitéiert, fir dat neit Naturschutzgesetz virzestellen. Et dierft wuel ee vun de Pilieren vun der grénger Regierungspolitik sinn an et versteet sech als en ëmfaassenden Usaz. Well souwuel Loft, Bueden wéi och d’Waasser sollen hei net ze kuerz kommen.

Elo huet ee villäicht zu Lëtzebuerg den Androck, datt et der Natur net schlecht ka goen. An dach ginn et do Entwécklungen, déi engem ze denke ginn. Esou beispillsweis bei de Fiichtgebidder, déi tëscht 1962 an 2017 ëm 78% geschrumpft sinn. Och d’Biodiversitéit ass a Gefor: Ganzer 74% vun den Déieren- a Planzenaarten si gefährt a sinn a Liewensraim ze fannen, déi laut der EU-Schutzlinn ze beschütze sinn. A virun allem bei de Waasserleef géing et nach vill nozehuele ginn, well 98% vun hinnen sinn a kengem gudden ökologeschen Zoustand.

Lëtzebuerg wiisst, wat Erausfuerderunge fir den Naturschutz mat sech bréngt

De Mëttwoch soll dat neit Gesetz an der Chamber gestëmmt ginn. An deem Gesetz gëtt virun allem Präventioun grouss geschriwwen. Ökosystemer sollen an Zukunft besser geschützt ginn, trotz dem héijen Wuesstemsdrock a Ressourceverbrauch am Groussherzogtum. Fir datt et manner interessant gëtt, d’Natur ze zerstéieren, gëtt hir e Wäert zougemooss. Et soll manner Land verbraucht ginn an all Areal kritt eng Ökologesch Bewäertung duerch Ökopunkten. Dës Punkte sollen duerch eng schnell an transparent Prozedur schonn am viraus berechent kënne ginn. Wann da gebaut gëtt an éieren esou en Areal verschwënnt, muss et kompenséiert ginn. Dobäi läit de Flächepool, wou dëst geschéie kann, an ëffentlecher Hand.

Dat bréngt gewësse Virdeeler mat sech. Den Ëmweltministère huet elo méi bei der Kompensatioun ze soen. Et wäert also net méi de Fall sinn, datt wann am Süde vum Land eppes gebaut gëtt, iergendwou am Éislek kompenséiert gëtt. An och wéi kompenséiert gëtt wäert an Zukunft vum Staat bestëmmt ginn. E positiven Nieweneffekt ass, datt d’Grondstéckspräiser erof kéinte goen. Well d’Promoteure musse keng Fläche méi selwer kafen, fir ze kompenséieren. Gutt landwirtschaftlech Flächen sollen an Zukunft net méi fir esou Kompensatioune kënne hierhalen.

Mee och am Beräich vun der Zesummenaarbecht soll sech méi doen. An engem Comité de Gérance fir déi verschidden Zone vum Flächepool sëtze Vertrieder aus Ëmwelt- a Landwirtschaftministere souwéi vum Office National du Remembrement a vum Finanzministere zesummen. Am Comité de Pilotage vun den Natura 2000 Gebidder sëtzen an d’Besëtzer wéi och Vertrieder vun de Bewirtschafter, de staatleche Verwaltungen an dem Emwelt- a Landwirtschaftministere schaffen hei zesummen.

Dat neit Gesetz ass och am Kontext vun EU-Beméiungen ze gesinn

De Gérard Anzia huet awer och nach Stellung zu de Virwërf vun der Oppositiounspolitikerin Martine Hansen (CSV) bezunn. Déi Deputéiert hat ugefouert, datt dëst Gesetz der Landwirtschaft an de klenge Betriber géing schueden. Allerdéngs betount ee bei déi gréng, datt d’administrativ Hürden net geklomme wieren. Et wier weider ganz wichteg, alles ze maache, fir d’Biotopen, déi ëmmer méi a Gefor wieren, ze schützen. Zousätzlech géing d’Agrarpolitik op EU-Niveau eng nei Ausriichtung kréien. Dobäi géing eng mi nohalteg Politik – ënnert déi och de Naturschutz fält – net ze kuerz kommen.

Ähnlech Sujeten déi gréng, Gérard Anzia, Henri Kox, Lëtzebuerg, Martine Hansen, Naturschutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel