Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert
Kultur Stories

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert

De Kapitän vun engem Handelsschëff, dee 40 Migranten aus dem

What the Fakt – de Festival vun de Primaten
Kultur Stories

What the Fakt – de Festival vun de Primaten

Sou munche wäert haut säin Aarbechtskolleg, Bänknoper oder Partner ukucken

surprise
Tierkei ermaant USA nees Visaen auszestellen
Kultur Stories

Tierkei ermaant USA nees Visaen auszestellen

Um Méindeg huet d‘Tierkei d‘USA dozou ermaant hir Entscheedung, tierkesche

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer

An dëser Rei goufe verschidde Gréissten vun der Science Fiction Literatur virgestallt. Bis elo hu mer eis haaptsächlech de vergaangene Stars vum Genre gewidmet. Lo ass et un der Zäit, méi frësch Talenter ënnert d’Lupp ze huelen. An do muss de Neal Stephenson definitiv mat vun der Partie sinn. Hien ass wuel e Meeschter vun der sougenannten epescher Science Fiction, woubäi en net ëmmer déi klassesch Themen opgräift.

Éischter léisst en sech an den Post-Cyberpunkt kategoriséieren. Zwar ginn ëmmer nach wesentlech Elementer vun dësem Genre ugeschwat, mee si maache gréisstendeels Plaz fir eng méi realistesch, wëssenschaftlech Approche. Dëst kënnt beispillsweis bei Seven Eves zum Virschäin, engem Buch, wou gläich am Ufank de Mound explodéiert, an d’Mënschheet mat den onschéine Konsequenzen dovunner muss kloer kommen. Bei Reamde op der anerer Säit geet et, wéi beim Cyperpunk typesch, zwar ëm Hackeren an den Cyberspace, awer dëst op eng mondän an realistesch Aart a Weis: D’Hackere si Chinesen, déi an engem Appartement hocken a kaum Sonneliicht ofkréien, an de Cyberspace en einfacht Online-Spill.

Enorm villfälteg

Villäicht ass et dës Demytologiséierung vun den Themen, déi de William Gibson ugeschwat huet, déi den Stephenson esou interessant maachen fir eng modern Lieserschaft. An och wa seng Bicher mëttlerweil zimlech erfollegräich sinn, ass bis elo enges ausbliwwen: d’Ëmsetzung a Film a Fernseh. Och d’Villfalt dréit dozou bäi, datt et en interessante Schrëftsteller ass, huet en niewebäi och nach historesch Romaner geschriwwen.

Stilistesch mécht en nawell och seng eege Saach: Anstatt sech ze vill an technesch Detailer ze verhackelen, bréngt en enorm detailléiert Beschreiwungen a lieweg Charakteren op d’Tapéit. Dat, a seng komplex a spannend Handlungen sinn et, déi d’Lieser ëmmer méi déif tauche loossen. Dat ass nëmmen ëmsou besser, si seng Bicher dann dach relativ déck: Oft genuch kënnt een op iwwer 1.000 Säiten. Et sollt een sech also e bësschen Zäit fir dësen aussergewéinlechen Schrëftsteller loossen.

Ähnlech Sujeten Gernsback-Woch 2017, Kultur, Literatur, Neal Stephenson, Science Fiction
Nächsten Artikel Virrechten Artikel