Search

You may also like

money
Versprieche gehalen: US-President setzt Baisse vun de Steieren duerch
International Neiegkeeten

Versprieche gehalen: US-President setzt Baisse vun de Steieren duerch

Den amerikanesche President Donald Trump huet um Mëttwoch a Wäissen

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!
International Neiegkeeten

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!

Fir d’Editioun 2020 vum Cleantech Forum Europe ass Lëtzebuerg ausgewielt

Déi nei Baby Info ass do!
International Neiegkeeten

Déi nei Baby Info ass do!

Déi zweet Baby Info vun der Initiativ Liewensufank ass endlech

Protest géint Ausgangsspär zu Neapel

Protest géint Ausgangsspär zu Neapel

Wéinst de rasant steigenden Infektiounszuele koum zur Verschäerfung vun de Mesuren zu Neapel, géint déi d‘Leit sech an der Nuecht zur Wier gesat hunn. De Ministerpresident, Giuseppe Conte, wëll en zweete Lockdown verhënneren, ass dobäi op d‘Mataarbecht vun alle Bierger ugewisen.

An der süditalienescher Groussstad war et eng ongemitterlech Nuecht. Honnerte Mënsche war am Stadzentrum ënnerwee, fir géint déi vum Regionalpresident Vinzenzo De Luca beschlossen Ausgangsspär ze protestéieren. Deen hat zu dëser Decisioun gegraff, well d‘Covid19-Pandemie dat unhand exponentiell wuessenden Infektiounszuelen erfuerdert. Dat gesinn d‘Leit wuel net esou an.

Neapel

De pathetesch formuléierten Opruff un d‘Bierger vun der Regioun Kampanien, sech dach wann ech gelift un déi beschlosse Mesuren ze halen an tëscht 23 Auer owes an 5 Auer moies, d‘Haus nëmmen ze verloosse wann et eng zwéngend Ursaach huet, schéngt net iwwerall verstane ginn ze sinn. Mee de Vinzenzo De Luca huet Recht, an d‘Lag zu Neapel ass am Begrëff aus dem Rudder ze lafen.

Elo ass et och richteg, datt d‘Regioun Kampanien vun der éischter Well eenegermoosse verschount gouf, an am Fréijoer kaum Infektiounsfäll ze verzeechnen hat. Dat Blat huet sech gewannt, an elo sinn ëm déi 15% vun den Tester positiv. Dës Zounam zu Neapel an Ëmgéigend gëtt elo aus engem Grond streng iwwerwaacht: d‘Regioun ass mat der Bereetstellung vun Intensivbetter am Réckstand.

Och soss an Italien herrscht Onrou

Fir eleng de Freideg, huet Italien ronn 19.000 Neiinfektioune gemellt. Am stäerkste betraff ass, wéi schonn am Fréijoer, och d‘Regioun Lombardei mat senger Metropol Mailand. Déi Mailänner ginn eppes méi verständlech mat der Ausgangsspär. Si kennen d‘Geforen, kee wëll eng Iwwerlaaschtung vun de Spideeler. Aus dësem Grond ass een zu Mailand och mat strengere Moossnamen averstanen.

De Regionalpresident Attilio Fontana huet seng Servicer ugehalen, d‘Noutspidol um Gelänn vun der Foire nees ze reaktivéieren. Doriwwer eraus gëllt d‘Ausgangsspär och an der Regioun Latium. Zu Roum si vu jonke Leit vill a gäre besichte Plazen ofgerigelt ginn. Ab 21 Auer ware Plaze, wéi de Campo de‘Fiori net méi zougänglech. Et soll wuel Gemauls ginn hunn, mee et ass roueg bliwwen.

Neapel

Vun der Regierung zu Roum gëtt et dogéint wéineg ze héieren. De Ministerpresident Giuseppe Conte huet sengersäits nach emol betount, datt een alles wëll ënnerhuelen, fir en zweete Lockdown, esou wéi am Fréijoer ze verhënneren. Dat geet nëmmen dann, wann d‘Leit och wierklech bereet si matzemaachen. Kritesch géif et, esou d‘Regierung wa bis 30% vun den Intensivbetter beluecht sinn.

mat indymedia/rom

Foto: © Eberhard Grossgasteiger / unsplash

Related topics Covid19, Italien, Kampanien, Lombardei, Neapel, Roum
Next post Previous post