Search

You may also like

COP25: UN-Weltklimakonferenz um Holzwee
Neiegkeeten

COP25: UN-Weltklimakonferenz um Holzwee

Vill vun den 196 Länner hu sech géint Kompromësser gestallt,

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!
Neiegkeeten

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!

Mir wëssen net wat sech de jonke Borscht dobäi geduecht

Findel: S.A.R. de Groussherzog huet sech d’Teststatioun ugekuckt
Neiegkeeten

Findel: S.A.R. de Groussherzog huet sech d’Teststatioun ugekuckt

Grad fir d’Vakanzenzäit huet ee sech drop preparéiert, datt d’Infektiounszuelen

Nee zu private Sécherheetsdéngschter fir d‘Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum

Nee zu private Sécherheetsdéngschter fir d‘Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum

déi lénk Stad hunn sech an engem Communiqué op déi vum Minister fir bannenzeg Sécherheet, op der Antenn vu Bertelsmann/RTL gemaachten Aussoe gefreet, an notzen d‘Geleeënheet fir en Appell un den Henri Kox an d‘Taina Bofferding ze riichten.

Déi sollen elo dofir Suerg droen, datt déi vun der Stad Lëtzebuerg geplangten Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum duerch privat Sécherheetsfirmaen zeréckgezunn, respektiv einfach ënnersot gëtt. Den Asaz vun esou Entreprise wier weder mat der Rechtsstaatlechkeet nach mat der Verfassung an Aklang ze bréngen. Zur Stonn hu weder d‘Inneministesch nach de Schäfferot op déi vum Henri Kox gemaachten Ausso reagéiert.

Réckendeckung awer kritt de Schäfferot vun der ADR, déi wann dësen Thema an der zoustänneger Chamberkommissioun op de Leescht geholl gëtt – esou wéi dat vun der Piratepartei gefuerdert ass – eng Lanz fir méi „Recht & Uerdnung“ plädéiere wäert. Si wäert argumentéieren, datt wann d‘Police et aus Mangel u Personal net gedeckelt kritt, et muss méiglech sinn, d‘Sécherheet vun de Bierger an der Haaptstad ze assuréieren.

Elo gëtt net der Tatsaach widdersprach, datt et zanter Joren ee reelle Sécherheetsproblem am Garer Quartier huet. Villes dovunner huet en Zesummenhang mat Drogen an dem Handel dovunner. Dat heescht och, datt et hei Beschafungskriminalitéit huet, wat och Gewalt a méi bedeit. D‘Streetworker sinn offensichtlech iwwerfuerdert a kloer net kompetent „rechtlech“ anzegräifen. Privat Entreprise kënnen awer net Police spillen.

Illustratioun: Sammy Williams / Pixabay

Related topics déi Lénk Stad, Delinquenten, Drogendealer, Garer Quartier, Henri Kox, Lydie Polfer, Police, Rechtsstaat, Sécherheetsfirmaen, Stad Lëtzebuerg, Strummerten, Taina Bofferding, Uewerstad, Widderstand
Next post Previous post