Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!
International Neiegkeeten dating a separated man forums

https://moien.lu/are-any-of-the-dancing-on-ice-stars-dating/

Reggae-Fans opgepasst! D’Lëtzebuerger Band The Disliked invitéiert ganz houfreg op

What the Fakt – den europäeschen Dag vum Noutruff 112
International Neiegkeeten dating a separated man forums

What the Fakt – den europäeschen Dag vum Noutruff 112

Wisou den Dag vum Noutruff op den 11. Februar fält,

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen
International Neiegkeeten dating a separated man forums

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen

Et ass Fuesent an d‘Police hat et ugekënnegt: et kënnt

surprise

Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist

Nom Ruanda a Kenia huet och Tansania de Verbuet vu Plastikstuten agefouert

Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist

Während mir zu Lëtzebuerg mat engem Präisschëld op der Plastikstut géint d‘Verseuchung vun eiser Ëmwelt an de Weltmierer virginn, sinn d‘Afrikaner wäitaus méi konsequent an am Fong geholl entschidde méi gescheit. Nom Ruanda, Kenia a villen anere Länner huet elo och Tansania d‘Plastikstuten an all senge Forme verbueden.

Säit dem 1. Juni si Plastikstuten am ostafrikanesche Land verbueden. Import, Export, Hierstellung, Verkaf oder Benotzung stinn ënner Strof. Wien esou een Dreck hierstellt sollt sech op eng Geldstrof vu bis zu enger Milliard Schilling (TZS) – ronn 390.000 Euro – an/oder zwee Joer Prisong astellen. Wien eng Plastikstut „nëmmen“ benotzt, ass mat 30.000 Schilling oder 2 Wochen Haft derbäi.

Schonn an 61 Länner gëllt de Verbuet

Laut dem tansanesche Staatssekretär fir Ëmwelt, January Makamba, muss een, wann engem eppes un Ëmwelt an Naturschutz geleeën, dëse Wee goen. Domatter schwiert een dem Plastik awer net of, well fir de medezinesche Gebrauch an do wou et an der Landwirtschaft an dem Bausecteur Sënn mécht, dierf dësen ëmstriddene Wierkstoff weiderhin agesat ginn. Fir de Recht gëtt et Alternativen.

Plastik

Et gëtt gutt a valabel Alternativen zu de Plastikstuten. Déi meescht passen an d‘Täsch, och fir déi méi „grouss Komissiounen“. Wat een elo „schick“ betruecht, ass sécherlech Usiichtssaach. Der Natur ass et egal, well alles wat hir net schued, kann net grondsätzlech „elle“ sinn. © Barthel/DUH

Laut den Informatiounen déi dem UN-Ëmweltprogramm ze enthuele sinn, hu weltwäit 61 Länner d‘Plastikstute grondsätzlech verbueden (Hierstellung an Import). 83 Natiounen hunn entscheet, d‘Konsumente mat engem Präisschëld op der Plastikstut zum „ëmdenken“ ze beweegen. Dat hëlleft wuel net der Ëmwelt, mee erlaabt et – och grénge Politiker – sech e gutt Gewëssen anzerieden.

Der Dommheet eppes entgéintsetzen

Den operationellen Direkter vum WWF an Tansania, Amani Ngusaru, huet d‘Entscheedung vun der Regierung gelueft an nach emol betount: „Plastik ass d‘Nummer eent ënnert den Ursaache fir d‘Verschmotzung vun eiser Ëmwelt an de Weltmierer!“. De Konsument muss sech elo ëmstellen an alternative géif et der schliisslech genuch. Mee de Konsument ass och e Gewunneschtsdéier…

Et verwonnert dann och net, datt et an Tansania (wéi iwwerall) eng Partie leit gëtt, déi sech op hir Plastikstut behaapten, dat mam Argument et wieren net genuch Virbereedunge getraff ginn, déi et dem Konsument géifen erméiglechen drop ze verzichten. Esou géif et net genuch Akafstuten aus nohaltege Materialien. Dat, doriwwer muss een net streiden, ass Blödsinn, mee mir sinn net besser.

Experte mat gutt gefëlltem Bankkonto

Well et beim Plastik, a bei de Plastikstuten am besonneschen, ëm e Milliardegeschäft geet, vum deem och nach immens vill Industrie, Produktioun- a Wirtschaftsberäicher profitéieren, gëtt et natierlech Widderstand. Et ass an eiser Welt schliisslech egal ob et ëm de Mënsch, d‘Déieren oder d‘Ëmwelt geet, eenzeg an eleng de Profit, an d‘Muecht déi engem dëse gëtt, schénge wichteg.

Also fannen sech Experten an därer déi sech dofir halen, déi onverschimmt hir Schnëss oprappen an eis elo erklären: „E Verbuet ass net Ziilféierend!“. Sécher, eng Pabeiertut ass och kee Seege fir d‘Natur an d‘Ëmwelt, mee et geet am Prinzip jo och drëms, datt de Konsument sech en Akafskuerf zouleet deen ëmmer genotzt ka ginn. D‘Pabeiertut sollt (statt dem Plastik) fir den Noutfall duergoen.

mat indymedia/lon/ber/mom

Foto: © DUH

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Plastik, Plastiksoffall, Plastikstuten, Tansania, Verbuet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel