Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sommet tëscht US-President an nordkoreanesche Leader elo awer?
radiocarbon dating mean Stories

https://moien.lu/diva-dating-site/

De Sommet tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-Un

berlin singles dating
radiocarbon dating mean Stories

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!

Et war dat éischt Treffen tëscht dem russesche President, Vladimir

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25
radiocarbon dating mean Stories

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25

Et ass gro an et reent, wéi ech an d’Rue

Nee! zur moderner Sklaverei

D‘Dammen an Hären aus dem Botzsecteur sinn es leed mat Féiss getrëppelt an ausgenotzt ze ginn

Nee! zur moderner Sklaverei

Gëschter am Nomëtte war virum Sëtz vun der europäescher Kommissioun op der Escher Strooss eppes weider lass. De Grond? Ma déi eigentlech net fir Gemeckers a Gejäiz bekannt Salariéeën – zur Majoritéit sinn et Fraen – aus dem Botzsecteur hunn es bis iwwert de Kapp. Si fillen sech och net méi ausgenotzt, si ginn ausgenotzt. An dat och nach als Soustraitant fir d‘EU-Kommissioun.

An si hunn dann och net nëmmen der schlechter Laun mee och dem schlechte Wieder getrotzt fir hir sécherlech berechtegt Revendicatioune virzedroen. Et ass zudeem ganz vill Courage erfuerdert, fir an dësem Secteur, am wuertwiertleche Sënn „op d‘Tromm ze schloen. Den OGBL a virun allem de Departement vun de privaten Déngschtleeschtunge begréisst d‘Initiativ a stäipt hinnen de Réck.

Sklaverei

© Martine de Lagardère/moien.lu

Dat si iwwerhaapt e Protest-Piquet hu missen organiséieren huet, wéi dat esou oft de Fall ass – och domatter ze dinn, datt nees kee gewëllt och nëmmen Anstandshalber op den Dialog anzegoen. An et geet och net ëm de ganze Secteur, villméi geet et ëm déi Entreprisen, déi wéi d‘EU-Kommissioun um 400, Escher-Strooss zu Gaasperech ugesidelt sinn. Déi wieren den eigentleche Problem…

Jo an de Patron?

Bleiwe mir hei also bei der EU-Kommissioun, déi esou wéi et erauszehéiere war, de Kär vum Sträit duerstellt. Hei huet d‘Entreprise „ISS Facility Services“ am Januar d‘Ausschreiwung „gewonnen“ an eigentlech ass bis dohinner och alles esou wéi een dat vun dësem Secteur erwaart ofgelaf: De Client (hei d‘EU) wëll de bëllegste Präis an de Prestataire (hei ISS) de maximale Profit.

A wëll beim „Botzen“ näischt hiergestallt, mee leedeglech en Déngscht geleescht gëtt, sinn déi Méiglechkeete Geld anzespueren eigentlech nëmmen nach d‘Personal. Do huet d‘ISS elo awer de Problem datt zu Lëtzebuerg net wéi op villen anere Plazen an der Welt wou si täteg sinn, de Loun kierze kënnen. De Mindestloun ass nu emol gesetzlech festgeluecht. Et brauch also aner Weeër.

Sklaverei

© Martine de Lagardère/moien.lu

Do wieren zum engen d‘Kadenzen an zum aneren d‘Zuel vun den op de Standuerter agesate Leit. Um Site (400 Escher-Strooss) hu bis zum Changement 240 Salariée geschafft, vun deenen ¾ e Mi-Temps (also ronn 180 Leit) Aarbechtsvertrag haten. Déi Verträg gëtt et nach ëmmer, mee elo sinn et nëmmen nach 90 Leit déi fir déi selwecht Aarbecht agesat ginn an déi och ze leeschten hunn.

Kucken dat een eens gëtt

Déi aner schaffen Daags iwwer, esou wéi d‘Fënsterbotzer – déi sech och froe wéi si déi operluechte Contrainten nach meeschtere sollen. Fir de Client an de Prestataire ass et awer eng finanziell ganz attraktiv „Léisung“ déi si fonnt hunn. Wa mir dat richteg verstanen hunn, da ginn eleng op dësem Site all Mount eng 7.000 Stonnen agespuert (also zumindest um Pabeier). Dat ass vill Geld…

Elo géif ee géint „Spueren“ näischt soen, mee hei gëtt sech tatsächlech, esouwuel vum Prestataire, wei och vum Client erwaart, datt (vill) Manner leit déi selwecht Leeschtung ze erbréngen hunn, wéi dat virdrun de Fall war. Wéi dat geet? Ma déi Zäit wou virginn ass fir beispillsweis eng Toilette oder e Büro ze botze gëtt einfach der Unzuel vu Beschäftegten ugepasst. Wat dat bedeit?

Sklaverei

© Martine de Lagardère/moien.lu

Ma entweder et gëtt gefuscht oder et schafft onbezuelt eppes méi laang. Béides ass keng fir all déi fir d‘Botzen zoustänneg Salariéeën eng valabel Optioun. Si denoncéieren, ugesiichts de genannte Beispiller eng modern Sklavendreiwerei. Si misste fir zwee schaffen a kriten d‘Aarbecht awer net realiséiert, wat derzou féiert, datt se scho mat Bauchwéi op d‘Schaff kommen. Dat dierft net sinn.

Et géi vill „Drangsaléiert“

Bei deenen operluechte Kadenzen (51 Toiletten a 4 Stonnen / 2 Minutte fir en Büro) kann een déi Qualitéitsvirgabe vu 85 bis 90% net anhalen, egal wéi en Drock de „Chef“ op een ausüübt. Och déi essentiellst Hygiènesregele sinn esou net anzehalen. A well dat dees Gudden nach net genuch ass, géif een hir Rechter net respektéieren an och soss net wierklech „manéierlech“ mat de Leit ëmgoen.

Zudeem géife leit déi „feelen“ net ersat, am leschten Ament muss een de Standuert wiesselen an oft genuch gëtt engem och nach de Congé, engersäits refuséiert wann een dee bréicht, anersäits operluecht wann een dësen net brauch. Datt sinn ongeheierlech Virwërf, firwat den OGBL nees eng Entrevue mat der Direktioun vun ISS gefuerdert huet. Et hat och schonn eng am Februar ginn…

Sklaverei

© Martine de Lagardère/moien.lu

Do war der gewerkschaft erkläert ginn, datt si net iwwert déi selwecht Zuele wéi d‘ISS verfüügt, an iwwerhaapt wieren d‘Aarbechtsmethoden an d‘Material verbessert ginn. Dat hätt zu enger däitlecher Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune gefouert. (datt e Stëbssuckeler no 30 Minutten de Geescht opgëtt well seng Batterie platt ass, verbessert d‘Aarbechtskonditiounen net)

Et brauch den Dialog

Fir den Ament ass et dann och esou, datt déi wou kënnen, sech eng „aner“ sichen. Den 12. Juni hat den OGBL zesumme mat der Personaldelegéierter vum OGBL bei der ISS en neie Rendez-vous gefrot fir sech nach emol d‘Situatioun unzekucken. Dofir hatt een, schliisslech war Vakanzenzäit an och den „Agenda“ war schon iwwerlueden, dann awer keng Zäit. Den übleche Programm eben.

Wann een da schonn net mam „Patronat“ verhandele kann, esou sollt een de „Client“ op de Mëssel hiweisen a vun dësem Fuerderen, datt hie sengem Prestataire op d‘Fangere kuckt an zur Nout e béise Fanger mécht wann dësen sech a) net un dat geltend Aarbechtsrecht hält b) onméiglech Kadenze fuerdert an c) seng eege Fuerderunge mat der realiséierter Leeschtung an Aklang bréngt.

Sklaverei

© Martine de Lagardère/moien.lu

Den OGBL an déi um Piquet versammelt Salariéeë fuerdere vun der EU-Kommissioun net manner wéi dat déi d‘Charta vun den „Entreprises Clientes“ ënnerschreift. Dat géif bedeiten dat si hire Cahier des Charges mat sozialen a qualitative Kritäre misst opstocken. Verlaangt gëtt och, datt net eleng de bëllegste Präis dierft d‘Grondlag fir d‘Ausschreiwung sinn. Eigentlech vernënfteg…

Wat ass mam Kollektivvertrag?

Vum OGBL gëtt dann och nach gefuerdert, datt de Soustraitant vum sektorielle Kollektivvertrag a punkto Gehälter an Aarbechtskonditiounen, oder ganz generell d‘Aarbechtsrecht ze respektéieren huet. Wier dat net de Fall, misst dat en Vertragsbroch bedeiten. Et sollt zudeem am Vertrag tëscht dem Client an dem Prestataire eng Ausschlossklausel ginn. Dofir awer brauch et nees den Dialog.

An och dee gëtt gefuerdert. Et sollt direkt an transparent Gespréicher ginn, besonnesch wann et zu Ännerunge bei de Verträg kënnt. Si verlaangen och de Respekt deenen hinnen zousteet, firwat een op dëser Plaz sollt drun erënneren, datt et keng „knaschteg“ oder „mannerwäerteg“ Aarbecht gëtt. Si hunn e Recht op uerdentlech Aarbechtskonditiounen, a schéngen och gewëllt sech déi ze sécheren.

Sklaverei

© Martine de Lagardère/moien.lu

Ob déi „Interesséiert“ de Warnschoss vum Dënschdegnomëtten héieren hunn ass net gewosst. Dofir awer datt déi Dammen an Hären net den Androck gemaach hunn, et dobäi ze beloossen, wann et net mindestens zum Dialog kënnt. Den OGBL weess wéi een d‘Leit mobiliséiert kritt an zuweilen ass ee wéinst der gudder Konjunktur net méi gewëllt „deenen do uewen“ alles duerchgoen ze loossen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Botzsecteur, EU-Kommissioun, ISS Facility Services, OGBL, Sozialkonflikt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel