Brexit: „Labour“ wëll Groussbritannien am Bannemaart halen
Déi britesch Aarbechterpartei (Labour) wëll Groussbritannien am EU-Bannemaart halen, dat
Déi britesch Aarbechterpartei (Labour) wëll Groussbritannien am EU-Bannemaart halen, dat
Gutt Schnéi an de Bierger ass am Dezember näischt Ongewéinleches,
Um 1. September 2020 hunn d’Deputéiert aus der Chamber iwwert
Ass et eng Serie oder gëtt „besser“ kontrolléiert? An de leschte Wochen hunn d‘Autoritéite vill Migranten/Flüchtlingen aus Camione geholl. Esou och gëschter a Griicheland wou, d‘Polizisten e Killcamion ugehalen hunn deen iwwer 40 Leit an sengem Unhänger transportéiert huet.
Et war eng Routinekontroll déi vun der griichescher Police bei der Stad Xanthi op der Autobunn duerchgefouert gouf. Si haten hei e Camion mat engem Killunhänger gestoppt a wéi d‘Beamten d‘Fracht iwwerpréiwe wollten si 41 Persounen aus dem Unhänger geklotert. Laut der Police stamen déi meescht aus Afghanistan, eng Persoun soll aus dem Iran, eng aner aus Syrien kommen.
De Migranten/Flüchtlinge géif et esouwäit gutt goen, mee aacht Persounen déi sech iwwer Optemnout beklot hunn, sinn an e Spidol iwwerstallt ginn. De Chauffer vum Camion, e Mann aus Georgien, gëtt verdächtegt d‘Leit „geschleist“ ze hunn a gouf verhaft. D‘Enquête ass ugelaf, mee d‘Autoritéite ginn dovunner aus, datt de Camion illegal aus der Tierkei agereest ass.
An d‘Grenz tëscht der Tierkei a Griicheland schéngt duerchlässeg ze sinn. Ëmmer nees hëlt déi griichesch Police Passeure fest, déi mat Minibusser oder klenge Camione Migrante vum Grenzfloss Evros an d‘EU erabréngen. Net ëmmer geet esou en Transport glécklech op Enn, wéi et ee rezent Beispill a Groussbritannien gewisen huet. Hei hat d‘Police 39 Läichen aus dem Camion gebuergen.
mat indymedia/ath