Search

You may also like

Eng Stad, eng Equippe: d‘Sozialiste maache Wahlkampf
International Meenung Neiegkeeten

Eng Stad, eng Equippe: d‘Sozialiste maache Wahlkampf

D‘Lat hunn se sech héich gehaangen, d‘Equippe ronderëm d‘Cathy Fayot

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?
International Meenung Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?

[onionbuzz quiz-id=148][/onionbuzz] Wéi all Freiden presentéiere mer och dës Kéier

Ziilféierend Krichsrhetorik aus Washington
International Meenung Neiegkeeten

Ziilféierend Krichsrhetorik aus Washington

De Konflikt tëscht den USA an dem Iran ass nom

Déi nei amerikanesch Weltuerdnung (Analys)

Déi nei amerikanesch Weltuerdnung (Analys)

Wat et u Verträg ze kënnege gëtt, hunn d‘USA gekënnegt. Handelsverträg, Friddensverträg, jo net emol beim Handel ass gezéckt ginn. De leschten Akt: d‘Opkënnegung vum Open Skies Accord. Et gëtt allerdéngs en Dissens dee mam Amtsuntrëtt vum Donald Trump wesentlech méi déifgräifend Problemer mat sech brénge wäert, zumindest wann d‘Welt sech der neier US-Aussepolitik unhëlt.

Den Donald Trump, deem nieft den Attributer „Rassist a Nationalist“, och nach den Titel „Egoman vum Joerzéngt“ ze verléinen ass, ass bäi wäitem net den éischten US-President deen d‘Bezéiungen zu China erhieflech op d‘Prouf stellt. De Milliardär awer huet déi chinesesch Regierung kloer zum Staatsfeind erkläert, an dat laang virum „Wuhan Virus“. Ugefaangen huet et mam Handelskrich…

Mee déi duerch de Coronavirus Covid19 (SARS-Cov2) ausgeléiste Pandemie, déi den US-President voll a ganz der Verantwortung vun de Chinesen zouschreift, firwat hie bevirzucht vum „China Virus“ schwätzt a Peking vun Dommheet bis Inkompetenz alles Méigleches ënnerstellt, riskéiert elo Konsequenzen ze hunn. Dem Trump seng Fangemeinschaft huet d‘Uspillunge wiertlech geholl.

Asiaten an den USA si Beleidegungen zwar gewinnt, mee zanter de Milliardär „mam gudde Beispill virgaangen ass“ kënnt et verstäerkt zu Iwwergrëff. Datt et sech heibäi ëm „Amerikaner“ handelt an eben net ëm Chinesen, ënnersträicht de rassistesche Charakter vun der Volksverhetzung déi de misogynen US-President bedreift. Seng „anti China Campagne“ awer trëfft op ganz vill Zousproch.

Hie gesäit sech dann och als de „Mann vun der Stonn“, mee vill Decisiounen hu faktesch net déi gewënschte Resultater bruecht. Esou hu grouss Wirtschaftsbosser a renomméiert Finanzexperten déi vun Der Trump-Regierung agefouert Douanestaxen als „schiedlech fir d‘US-Wirtschaft“ erkannt a a vum Donald Trump „Mässegung“ gefuerdert. Et koum dann och zu de gewënschte Verhandlungen.

Mëtt Januar – mir hate grad virun enger Epidemie mat engem neien onbekannte Virus bericht – huet de Milliardär déi „éischt Phas“ vun engem neien Handelsofkommes mat China ofgeschloss an mam Xi Jinping am Wäissen Haus dësen Akt zelebréiert. Hie war mat sech zefridden an huet iwwert eng Stonn laang seng Aarbecht, seng Ekipp a säi Land gelueft. D‘Chinese hu manéierlech applaudéiert.

Op emol war de Covid19 an Amerika

Wärend sech de Virus wuertwiertlech „Selbstänneg“ gemaach huet, d‘WHO eng Warnung no där anerer ausgeschwat, Peking eng Milliounemetropol carrement ënner Quarantaine gestallt huet, huet den Donald Trump seng ganz eege Siicht gehat. Et wier net schlëmmer wéi eng béis Gripp a mam Fréijoer géif och de Virus nees verschwannen. Mëttlerweil sinn iwwer 92.000 Amerikaner dout…

D‘Entwécklung vun der Pandemie an d‘Gestioun vun der sanitärer Kris, dat alles ass beschtens, fir net ze soe „kontrovers“ dokumentéiert. D‘Feindbild „China“ ass bliwwen an och d‘WHO kann een als „Kollateralschued“ an der neier Ausenanersetzung mat Peking betruechten. Den oppene Kampf mat China, wot den US-President zur Stonn nach net, mee et ka vun „Äiszäit“ geschwat ginn.

An enger vu senge leschten Interventiounen, hat den Donald Trump nach emol betount, datt seng Relatioun mam chinesesche President Xi Jinping gutt wier, mee hien den Ament einfach keng Loscht hätt sech mat dësem un en Dësch ze setzen an iwwert alles ze schwätzen. Am Interview mat Fox-Business, hat hien an Aussiicht gestallt, d‘Bezéiungen zu China ganz ofzebriechen.

Wann dësen Dissens tëscht de Supermuechte medial wäit hannert dem „Covid19-Hype“ rangéiert, esou riskéieren d‘Folgen dovunner, sech ganz batter an déi der Pandemie folgend Wirtschaftskris néierzeschloen. Wirtschaftlech mécht dat Gestreits kee Sënn, dat weess och den Donald Trump, deem awer geet et net ëm de Welthandel, säin eenzegt Zil ass et am November nees gewielt ze ginn.

Dobäi wier eng Zesummenaarbecht tëscht béiden Natioune grad elo wichteg, och wann een hei net dierf eng Rei héich komplex aussepolitesch Problemer ausblennen: wirtschaftlech muss (an dat net nëmme bezunn op d‘USA) eng Léisung beim „geeschtegen Eegentum“ fonnt ginn, d‘Unerkennung vun Taiwan als Natioun oder d‘Souveränitéit vun Hong Kong muss een hei och berécksiichtegen.

An ugeholl, am November géif den Joe Biden – géint all aktuell Erwaardungen – zum US-President gewielt, esou wier dëse Sträit net bäigeluecht. Dee wäert wuel oder iwwel och China zum Thema am Wahlkampf maache mussen, och wann sech d‘Demokraten hei éischter d‘Mënscherechter als „Kritikpunkt“ dierften eraushuelen. D‘Béchs vun der Pandora ass op, den Deckel verluer gaangen.

Illustratioun: © Damian Patkowski / unsplash

Related topics China, Donald Trump, Handelskrich, Nei Weltuerdnung, Pandemie, US-Wahlkampf 2020, USA
Next post Previous post