Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Visite vun der Protex zu Lëntgen a de Pompjeeë vu Miersch
Neiegkeeten

Galerie: Visite vun der Protex zu Lëntgen a de Pompjeeë vu Miersch

Um Donneschdeg Ware mir mam Inneminister Dan Kersch op Visite

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”
Neiegkeeten

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten hu mam Datum vum 15. November 2018

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien
Neiegkeeten

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien

Mam Fox Premium Pils, dem Produkt vun enger jonker Lëtzebuerger

Den Dan Kersch hëlt offiziell zwee nei Asazgefierer vum CIS Diddeleng a Betrib

Den Dan Kersch hëlt offiziell zwee nei Asazgefierer vum CIS Diddeleng a Betrib

E Samschdeg den 22. September 2018 huet den Inneminister Dan Kersch bei der Presentatioun vun zwee neien Asazgefierer vum Centre d’Incendie et de Secours vun der Stad Diddeleng assistéiert.

Den éischte Pompjeescamion mam neie CGDIS Design erlaabt et mat senger dréibarer Lieder all Missiounen ënnert beschte Konditiounen auszeféieren.

CIS Diddeleng

Familljefoto mat de Membere vum Corps CIS Diddeleng © sip/MINT

Dëst taktescht Gefier, wat säit e puer Wochen zu Diddeleng steet, gouf de 17 September schonn op säin éischten Asaz geschéckt. Zu Esch Uelzecht hat nämlech ee Gebai Feier gefaange.

CIS Diddeleng

Déi nei Dréileeder vum CIS Diddeleng- © sip/MINT

Beim nationale Formatiounsinstitut fir Sécherheet zu Feelen gouf de Pompjeescamion een Dag stationéiert am Kader vun enger Formatioun fir Maschiniste vun dréibare Leederen.

CIS Diddeleng

Déi nei Ambulanz. © sip/MINT

Nieft dem Pompjeescamion krut den CIS Diddeleng nach eng Ambulanz vun der neier Generatioun. Des nei Uschafung entspréngt der Erneierungspolitik, bei der Asazgefierer reegelméisseg ersat ginn duerch verbessert an méi ergonomesch Modeller. Sou soll dem Personal eng besser Qualitéit zur Behandlung vun de Patienten, déi dringend Hëllef brauchen, gebuede ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Roby Goergen, Chef vum CIS Diddeleng; Dan Kersch, Inneminister; Dan Biancalana, Buergermeeschter vun Diddeleng. © sip/MINT

Ähnlech Sujeten CGDIS, CIS Diddeleng, Dan Biancalana, Dan Kersch, Pompjeeën
Nächsten Artikel Virrechten Artikel