Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer
International Neiegkeeten

any completely free dating sites

De Staats- a Prmeierminister Xavier Bettel huet um vergaangene Samschdeg

https://moien.lu/online-dating-services-in-kenya/
International Neiegkeeten

USA: Familljen déi illegal awandere ginn ausenanergerappt

Den US-Justizminister Jeff Sessions huet e Méindeg gewarnt, datt Kanner

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert
International Neiegkeeten

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert

Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL

EU-Kommissioun empfeelt nei Bäitrëttskandidaten

Fir d‘Tierkei schéngt den Zuch fort ze sinn...

EU-Kommissioun empfeelt nei Bäitrëttskandidaten

Grad eréischt ass en neit EU-Parlament gewielt ginn an d‘Volleksvertrieder aus de Memberlänner stelle grad d‘Fraktiounen zesummen, während d‘Staats- a Regierungsposten iwwert d‘Posten am Gremium „diskutéieren“. Matten an dësem „politeschen Ëmbroch“ empfeelt d‘EU-Kommissioun de Bäitrëtt vun Albanien an Nordmazedonien, fir d‘Tierkei dogéint wieren d‘Dieren elo zou…

Zu Bréissel huet sech d‘EU-Kommissioun gëschter fir d‘Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge mat de Balkanstaaten Albanien an Nordmazedonien agesat. Si hunn dëse Schratt mat de Reformen an dëse Länner begrënnt. D‘Chef-Diplomatin Frederica Mogherini huet zum Ausdrock bruecht, datt béid Länner déi gestallte Konditiounen erfëllt hunn, an et elo un der EU ass hir Engagementer anzehalen.

Wat de Bäitrëtt betrëfft, esou haten d‘lescht Joer d‘Staats- a Regierungscheffen deem grondsätzlech zougestëmmt, de eigentleche Start vun de Gespréicher vu weidere Reformen ofhängeg gemaach. Dat soll, esou d‘Feststellung vun der Kommissioun, elo och de Fall sinn. Elo mussen d‘EU-Länner deem nach zoustëmmen. Eng Äntwert gëtt sech beim Treffe vun den EU-Minister am Juni erwaart.

Ankara huet d‘Chance vun der Tierkei verspillt

Wat de „Bäitrëtt“ vun der Tierkei ugeet, esou ass d‘EU-Kommissioun elo zum Schluss komm, datt déi Optioun net méi um Dësch läit. Am virgeluechte Bericht ass rieds vun enger Verschlechterung an zentrale Beräicher. De Justizsystem, d‘Pressefräiheet a déi sëlleche Mënscherechtsverletzunge géifen derzäit e Bäitrëtt onméiglech maachen, firwat een dee ganzen Dossier sollt ad acta leeën.

Am Resumé: d‘Tierkei huet sech ënnert der Leedung vum Recep Tayyip Erdogan ëmmer méi vun der EU distanzéiert a vu Verhandlunge kann net emol „rhetoresch“ rieds sinn. Aussoen, déi beim NATO-Partner fir verbal Reaktioune gesuergt hunn. „Den EU-Bericht spigelt net déi reell Lag am Land zréck“, esou den tierkesche Vizeausseminister Faruk Kaymakci an enger Stellungnam.

D‘Bäitrëttsverhandlungen tëscht der EU an der Tierkei waren 2005 lancéiert ginn. Stänneg hunn déi wéinst feelende Reforme missen ënnerbrach ginn, mee esou krass wéi et dës kéier formuléiert ginn ass, war et bis ewell net. D‘Demokratie wier faktesch ofgeschaaft, eng fräi Meenung wier riskant an d‘Demonstratiounsfräiheet „ageschränkt“. Dobäi ass d‘Situatioun mëttlerweil wäitaus schlëmmer.

mat indymedia/bru/lon

Ähnlech Sujeten Albanien, EU-Bäitrëttskandidaten, Nordmazedonien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel