E Sozialplang fir d‘Salariéeë vun der RBC ass ënnerschriwwe ginn
D‘Gewerkschafte LCGB-SESF, OGBL an ALEBA hunn haut de Muere matgedeelt,
D‘Gewerkschafte LCGB-SESF, OGBL an ALEBA hunn haut de Muere matgedeelt,
Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet haut Washington opgefuerdert
An der interministerieller Kommissioun (Ëffentlech Aarbechten & Environnement) hunn d‘CSV-Deputéiert
Et ass weder eng Autobiografie, nach ee Memoire oder Ähnleches. „Voyages au bout des jours“ vum René Kollwelter ass éischter eng Autofiktioun, déi Editions Schortgen elo erausbruecht hunn.
Den Nicolas, Auteur, Erzieler an Haaptpersonnage zugläich, deelt mat eis verschidde Grimmelen, Liewenssequenzen an Anekdoten, ouni dobäi ee Blat virun de Mond ze huelen. Eng chronologesch Ordnung gëtt et och net: Politik, Famill, Fussball, Schoul, Succès, Mësserfolleg, Léift, Engagement, Enttäuschung a villes méi gëtt einfach wëll zesumme gemixt. Och d’Kierch, Europa, d’LSAP, d’Universitéit a vill weiderer kréien op 328 Säite verdeelt hiert Fett ewech.
War d’Geschicht Ufanks un de begrenzte Familljekrees adresséiert, esou kritt elo och déi universell Ëffentlechkeet d’Wierk ze liesen. Eigentlech kann et dann och als historesch, subjektiv Kuerzfaassung vu verschiddene Liewensetappen a Charakteristike gesi ginn, déi an der zweeter Halschent vum leschte Joerhonnert, sou wéi de leschte Jore vun den 2000 gelieft gi sinn.
Voyages au Bout des Jours – Bribes de la vie de Nicolas vum René Kollwelter huet 328 Säiten an ass op franséischer Sprooch verfaasst. Fir 24,50 € kritt een d’Buch (ISBN:978-99959-36-76-1) ze kafen.