Search

You may also like

FIFA: Wa Gauner d‘Brigangen op d‘Geriicht huelen
Fail International Neiegkeeten

FIFA: Wa Gauner d‘Brigangen op d‘Geriicht huelen

Et kléngt wéi en Trappewitz vun der Geschicht an eigentlech

Dëse Samschdeg: Vide Commode & Aperobe an der Kulturfabrik
Fail International Neiegkeeten

Dëse Samschdeg: Vide Commode & Aperobe an der Kulturfabrik

E Samschdeg, den 12. September 2020 verwandelt sech den Haff

Dat neit Covid19-Gesetz ass duerch
Fail International Neiegkeeten

Dat neit Covid19-Gesetz ass duerch

D‘Oppositioun hat scho viru knapp engem Mount net vill vun

dislike

D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie

D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie

Se si Magistrate, Universitairen oder Bänker. Mee hannert hirem Profil vu „Notabelen“, sinn déi 92 Deputéiert vun der rietsextremer a populistescher Alternativ fir Däitschland (AfD) eng reell Gefor fir d‘Demokratie.

Si maachen haut hir Entrée an de Bundestag a vertrieden eng Ideologie tëscht Revisionismus a Xenophobie. D‘Partei ass duerchzu vun ënnerschiddlechen Ausriichtungen: vun de sougenannte „Moderaten“, déi nach aus der Beweegung géint den Euro komm sinn; bis hin zu den „Identitären“.

Souguer fréier Mataarbechter vun der Stasi sinn an de Reien vun der AfD ze fannen

Et sinn also vill nei Profiller déi do an de Bundestag eraplënneren. Nieft de Magistraten an Ekonomisten, bréngt d‘AfD och Polizisten an Zaldoten, e fréiere Radio-Journalist, e Pilot an esouguer en alen „informelle Mataarbechter“ vun der Stasi hunn se an hire Reien opgeholl.

Grouss Tendenze gëtt dann och bei der AfD: et ass déi männlechst Partei, mat engem Fraenundeel vu grad emol 10%. Vill vun de Gewielte kommen aus den neie Bundeslänner, der fréierer DDR, wou d‘Partei eng gewësse Popularitéit genéisst.

Eng ganz Rei vun Deputéierten haten och schonn eng Parteikaart vun der CDU. Der Bundeskanzlerin hir fréier Parteikomeroden, sinn och hir gréisste Géigner. Et sinn nämlech grad déi, wou d‘Kanzlerin ewech wëllen.

Mee d‘AfD stellt sech och gären duer a wann ee schonn net vill Damen an der Partei huet, esou kann ee sech der Gesënnung vun deenen déi een huet sécher sinn. Esou d‘Beatrix von Storch, Berliner Aristokratin, ganz no un den integristesch-reliéisen Stréimungen an entscheet Géignerin vum Multikulturalissem.

An dann ass do nach d‘Alice Weidel, eng fréier Bänkerin vu Goldman Sachs. 38 Joer a lesbesch, lieft d‘Alice Weigel engersäits mat enger Partnerin aus dem Sri Lanka zesummen; op der aner Säit verkierpert si eng Partei, déi d‘Valeur vun der traditioneller Famill iwwert alles stellt a géint d‘Awanderung ass.

Et gëtt schnell problematesch: Vun AH1818 eriwwer zu Holocaustleugnern

Dem Alice Weigel säin „Alter Ego“ ass den Alexander Gauland. De 76 järegen deen ëmmerhi 40 Joer en aktive Member vun der CDU war, ass nach eng Grëtz méi kontrovers. Hien huet der politescher Ausriichtung en däitlech faschisteschen „Touch“ verpasst.

Seng revisionistesch Usiichten zum Nationalsozialismus fannen Zousproch. A sengen Ae sollt Däitschland houfreg iwwert d‘Behuele vu sengen Zaldoten am 2. Weltkrich sinn. An domatter ass hien net eleng, och de Wilhelm von Gottberg huet esou seng Siicht op d‘Geschicht.

De von Gottberg, dee seng Jugend an de verlueren Territoire vum dausendjärege Räich verbruecht huet, war laang ee vun de Representante vun de sougenannte „Verdriwwenen“ aus Ostdäitschland. Et ass och hien dee ganz ëffentlech den „Holocaust“ als Mythos bezeechent, eng „Geschicht“ déi eenzeg an eleng erhale géif fir den Däitschen ze kriminaliséieren.

Leider geet et monter weider wann ee sech d‘Gesichter vun der AfD ukuckt. Wéi dat vum Siegbert Droese, deen och eng schlecht Reklamm nach ëmmer fir eng Reklamm hält. 2016 huet de Droese fir Polemik gesuergt, wéi ee vu sengen Autoe mam Nummereschëld AH-1818 entdeckt gouf.

AH steet däitlech fir Adolf Hitler, d‘Zuelen 1 an 8 sti fir den éischten an aachte Buschtaf vum Alphabet, also „A“ an „H“. Do huet d‘AfD also emol een deen ëffentlech seng Gesënnung vertrëtt an mat Sécherheet am Bundestag wäert opfalen.

Nach e leschte fir d‘Bild ofzerënnen: de fréiere Riichter vun Dresden, Jens Maier. Hien hat ganz ëffentlech a mat voller Iwwerzeegung, dem Anders Behring Breivik seng Sympathie ausgedréckt. An den Ae vum Riichter, hätt de Norweger aus „Verzweiwlung“ 77 Mënschen ermuert.

mat AFP

Related topics Alexander Gauland, Alice Weigel, Alternativ fir Däitschland, Beatrix von Storch, Bundestag, Däitschland
Next post Previous post