Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shuttle Gare: Eng nei gratis Linn bis erof!
Neiegkeeten

Shuttle Gare: Eng nei gratis Linn bis erof!

Ab e Sonndeg, den 3. November 2019 wäert déi nei

Ourdaller Hanna: En naturdréiwe mat besonnesche Qualitéiten
Neiegkeeten

Ourdaller Hanna: En naturdréiwe mat besonnesche Qualitéiten

Mam Ourdaller Hanna, zu Hengescht vun der Brauerei Simon gebraut,

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert
Neiegkeeten

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert

Mat groussem Opwand hat Mëtt leschter Woch de lëtzebuergesche Food

Nei Buslinnen ab dem 18. September

Nei Buslinnen ab dem 18. September

Oft gefuerdert, sinn ab e Méindeg dräi nei Buslinnen operationell. Den Infrastrukturministère huet zur Verbesserung vum ëffentlechen Transport pünktlech zum Fuerplangwiessel nei Linnen agefouert.

Bus 303: Frankräich – Kierchbierg

Eng grenziwwerschreident Verbindung (Manom/F – Cattenom/F – Munneref – Hesper – Contern Industriezon – Lëtzebuerg-Kierchbierg) soll déi franséisch Lokalitéite mat de groussen Aktivitéitszone vun der Stad Lëtzebuerg verbannen. Esou kënnen d’Pendler net nëmmen op hir Aarbechtsplaz kommen, mee och Munneref kritt esou eng schnell Verbindung mam Kierchbierg.

Gutt ofgedeckt sinn esou och d’Industriezon vu Contern an déi zukünfteg Busgare vun Hesper. Hei kritt een awer elo schonn d’Koorespondenz mat der Linn 226 (Alzeng – Houwald – Gaasperech – Leideleng – Bartreng). D’Linn benotz dann och e groussen Deel vun de bestoenden an zukünftege Busspuren. Zudeem ersetzt dës Linn, déi e franséischen Exploitant opginn huet.

Bus 332: E Sege fir d’Studenten

Haaptsächlech geduecht d’Universitéit an de Lycée um Site Belval ze bedéngen, profitéieren 112 Studenten an 28 Schüler vum Bus 332 (Stengefort – Garnech – Dippech – Récken op der Mess – Monnerech – Belval).

Och déi genannte Gemenge sinn esou eng direkt mat Esch-Belval verbonnen. Zudeem fiert d’Linn och iwwert déi zukünfteg Busgare vum Wandhaff. Déi soll bis Enn 2018 operationell sinn

Schoulbus 331

Mat enger neier Linn déi de Mamer-Lycée bedéngt (Kaler – Stengefort – Mamer-Lycée) kréien eng 65 Schüler de Schoulwee eppes méi liicht gemaach. Et war déi grouss Nofro, déi d’Entscheedung liicht gemaach huet.

Mat den uewe genannte Linnen ass ee weidere Schratt an eng gutt Richtung gemaach ginn. De Bus deen d’Gemengen am Frankräich ufiert mécht et dann och net nëmmen de Pendler eppes méi liicht, mee en entlaascht och konsequent eis Stroossennetz.

mam SIP

Ähnlech Sujeten Ëffentleche Transport, RGTR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel